Training Nationalmannschaft Luxemburg

Den Island-Modell

Allgemeng, Fussball national, Jugendnationalekippen By 29. Juni 2016 2 Comments

Den Island-Modell

Ausbildung als Schlëssel vum Erfolleg.

Et ass ee regelrecht Mäerchen datt sech bei der Euro 2016 a Frankräich ofspillt, Island huet de Sprong bis an d’Véierelsfinall gepackt. Mat hiren heldenhafte Leeschtungen hu se sech an d’Häerzer vu ville Fussballfan gespillt a gëlle bei villen „Fussballzwergenatiounen“ als Virbild.

Wéi huet ee Land mat knapps 330.000 Awunner a 470.000 Schof et fäerdeg bruet sech esou z’entwéckelen a wat kann de Lëtzebuerger Fussball dovunner léieren ?

Mir sinn op Spuresécherung gaangen.

Share:
image

Huelse-netsoueescht: D’Supporter op der Europameeschterschaft…

Allgemeng, EM-Quali 2016, Huelsenetzeeescht By 12. Juni 2016 No Comments

All zwee Joer, irgendwann tëscht de Barragemätcher (dat ass, wa 1492 Zuschauer verzweifelt zu Kanech no enger Parkplaz sichen) an der Qualifikatioun fir d’Coupe d’Europe (dat ass, wa viru 634 Leit am Nosbaumstadion zu Diddeléng d’Champions League Hymn ertéint) mutéieren op eng erstaunlech Manéier fir e Mount all Leit zu Fussballsexperten. Dat ass e Phänomen, dat een och, awer bei wäitem net nëmmen, hei am Land huet. D’soziologesch Fakultéit vun huelse.lu huet déi verschidde Supporter-Typen analyséiert a kategoriséiert, an ass elo frou Iech kënnen éischt Resultater vun eiser Etude ze publizéieren.

Share: