De Fiels an der Brandung

Watt hunn Lëtzebuergesch Futtballsfrënn sech Froe gestallt wéi déi éischte Kéier de Numm vum Maxime Chanot gefall ass. Ween datt wier an op hien den néidegen Niveau huet ware wuel déi Froen déi am meeschte gefall sinn.
Wou dann d’Ufangsequip vu Baku bekannt gouf konnt en sech schonn e kléngt Bild vum Neo-Lëtzebuerger maachen. Sympathesch a ganz Professionell waren déi éischt Andréck déi een duerch säin Optrëtt an den diverse Medie gewonnen hatt. Mat wuel iwwerluechte Äntwerten huet hien sech weder als Iwwermuecht nach als e Spiller mat zwee lénke Féiss presentéiert.
Eng Méiglechkeet fir den 23 Järegen um Terrain ze beobachten ass et fir de grand public net gi well d’FLF dës Kéier kee Virbereedungsmatch virgesinn hatt.
Esou ass et dann dozou komm datt de Chanot vru sengem éischten Asaz, op sportlecher Ebene, nach ëmmer e Rätsel fir déi meescht vun ons war.
Et huet awer net laang gedauert bis en de robusten Innenvertéideger a säi Futtballerhäerz eragelooss huet. A sengem éischten Nationalmatch wosst den Enkel vun enger Escher nämlech ze gefallen. An denen 90 Minuten huet en net den Androck gewonnen datt et säin Debut wier, säin Zesummespill mam Eric Hoffmann war bis op de Géigegoal excellent. Wann d’Aseri geféierlech goufen dann iwwert d’Säiten, wou Jans a Martino an den éischte 45 Minutten ier Problemer hatten. De Stuermzentrum war quasi inexistent well d’Mëtt vun de béiden Innenvertéideger zu enger Festung zougemauert gouf.
De Profi aus der Jupiler League huet sech et och net huelengeloos fir mat senge Matspiller ze schwätzen an se ze dirigéieren. All Kéiers wann d’Regie vum Aserbaidschanesche Fernseh Kameraen op hie gericht hatt war hien um gestikuléieren an um schwätzen.
Och wann hien am Virfeld vum Match behaapt hatt datt d’Relance en Domaine wier wou hie progresséiere misst war dovunner net vill ze gesinn. Datt eenzegt wat opgefall ass war datt hien oft déi spilleresch Léisung sicht an déi eng oder aner Kéier eng fir ons Spiller onkonventionell Pass gespillt huet. E Manko den awer mat der Zäit verschwanne wäert.
Duerch säin imposant Optrieden a senge futtballeresche Fähegkeeten huet hie schonn natierlech Leaderqualitéiten. Seng Matspiller hunn vu senger Rou am Spill profitéiert. Zesumme mam Hoffmann waren se de Fiels an der Brandung wou dem Berti Vogts seng Männer Gas ginn hunn. Ëmmer sinn se rouëg bliwwen, hunn d’Niewemänner dirigéiert, de Chanot mat sengem gudde Kappballspill seng meescht Dueller an der Loft gewonnen a virun allem de Géigener bewisen datt hiem net aus Zocker wier. Et ass e Verteideger dee wéi deet a konsequent an d’Zweekämpf geet.

Nom 1-1am Aserbaidschan huet een elo e konkret Bild vum Maxime Chanot an et ass en wat sech weise léisst. E Spiller dee bei sengem éischte Lännermatch esou optrëtt kann ons an Zukunft nëmme gutt doën. Hien huet d’Latt héich gehaange mee et kann en dovunner ausgoen datt hien déi Leeschtung an den nächste Mätcher bestätege wärt.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

One thought on “De Fiels an der Brandung

  1. Paul 11. Juni 2013 at 14:37

    An elo huet hie jo och en neie Kontrakt zu Kortrijk/Courtraix ennerschriwwen. A wa sech een eng Keier freet, fir de “Jeannot” an der Nationalequipe ass, ma dat ass de Chanot 😉

    Antworten

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.