Mam FC Déifferdéng op Utrecht

FCD-Fan sinn ech jo eigentlech net – mee wann awer esou e sympathesche Lëtzebuerger Veräin Coupe d’Europe spillt, an dat emol keng 400 Kilometer vu Lëtzebuerg eweg, läit et awer an der grousser Vakanz no fir dohinn ze fueren. Wann de Bus dann och nach vum Veräin gratis zur Verfügung gestallt a mäi Matblogger CK (deen och all Fotoen gemaach huet di an dësem Post ze gesi sinn) matkënnt, dann ass de Choix séier gemaach: mam Bus goung et also fir eis zwee, an nach 66 weider Déifferdénger Fans a Sympathisanten op Utrecht.

 

utrecht1

 

Départ war kuerz no 10 zu Uewerkuer, Mëttespaus hu mer an der Géigend vu Bierges an der Belsch gemaach, ier mer du kuerz virun halwer 4 an der Domstad ukomm sinn. Zwou Stonnen hate mer Zäit eis d’Utrechtse Binnenstad unzekucken, wou natierlech virun allem den Doum sehenswäert ass, mee amfong ass di ganz Alstad wierklech schéin. No enger kuerzer Sightseeing-Tour an engem lekker pilsje op enger Terrass goung et du mam Bus weider Richtung Galgenwaard.

De Stadion vum FC Utrecht huet mer ganz gutt gefall. Ugangs vum Jordausend gouf e komplett renovéiert, an huet elo 4 grouss modern Tribünen. Eigentlech ass et net üblech bei sou moderne Stadien, mee d’Ecker tëscht den Tribünen am Galgenwaard sinn op. Op dësem Donneschdegowend huet de Stadion sëch gutt gefëllt, den offizielle Site vum FC Utrecht mellt 16500 Zuschauer, dovu schätzungsweis 150-200 Lëtzebuerger.

969351_10201637117751934_1069301574_n

No der 2-1 Victoire am Himätch hat Déifferdéng eigentlech eng gutt Ausgangspositioun. An der Ufangsphas vum Mätch huet Utrecht méi fir de Mätch gemaach an Déifferdéng huet op Konter gelauert. Den FCU hat di eng oder aner gutt Chance, gouf awer dun kal erwëscht. Corner vu lénks vum Rodriguez, dee gëtt irgendwéi verlängert, Flank vu riets vum Bastos op den Omar Er Rafik 0-1! Dëse Gol huet Utrecht veronsëchert. Et goufe weiderhin Golchancen op béide Säiten an et war kloer, dass en zweete Gol vun Déifferdéng scho bal enger Virentscheedung gläichkomm wier. Kuerz virun der Paus ass dun Utrecht duerch de Jacob Mulenga awer den 1-1 gelong. Erwähnenswäert ass op dëser Plaz awer op alle Fall och di genial Stëmmung, di d’Supporter vum FC Utrecht gemaach hunn, och wann et fir hier Ekipp jo alles anescht wi gutt gelaf ass.

Utrecht huet de fréieren Dortmunder Cedric van der Gun an der Hallefzäitpaus agewiesselt, deen hiert Offensivspill sollt beliewen. Dëse Plang ass opgaang, den FCU hat direkt no der Paus seng beschte Phas vum Mätch an de Mulenga huet zwee weider Goler geschoss, béid Kéieren war de van der Gun dru bedeelegt. 3-1 stoung et no 54 Minutten. Et huet esou ausgesinn, wi wann de Mätch elo gelaf an Utrecht en Tour weider wier. Mee dat war net esou, Déifferdéng huet net opginn. Fir d’éischt trëfft de Bastos zwar nach de Poteau, mee kuerz drop huet den FCD méi Réussite: Feler un den Er Rafik (Kommentar op der hollännescher Telé iwwert dess Aktioun vum Utrechter Verteideger: „hoe dom kan je zijn?“) Elefmeter fir Déifferdéng, Franzoni léisst dem Golkipp keng Chance! 3-2 no 64 Minutten. Op en Neits war Utrecht nom Géigegol kuerz geschockt, Déifferdéng huet elo wuel méi wi jeemols virdrun un e Weiderkomme gegleewt a wollt sech dat net méi huele loossen. Den Ausgläich louch an der Loft – a kuerz drop ass en och gefall. Den Utrechter Golkipp kann e gudde Schoss vum Rodriguez net festhalen, de Bastos kënnt un de Ball a markéiert den 3-3.

Déifferdéng huet alles dru gesat Utrecht net méi zréck an de Mätch kommen ze loossen, an dat ass der Ekipp vum Trainer Leflochmoan och gelong. Di wéineg Chancen, di den FCD an der Schlussphas zougelooss huet konnt de Keeper Weber paréieren, soudass de Mätch mat 3-3 op en Enn gaang ass. D’Freed bei den Déifferdénger Spiller a Supporter war natierlech grouss. Ech hunn d’Utrechter Supporter an dësem Bericht jo schon eng Kéier geluewt, maachen dat awer gären nach eng Kéier. Trotz der Enttäuschung iwwert d’Resultat hunn si hier eegen Ekipp net ausgepaff an suguer den Déifferdénger Amateuren applaudéiert.

1000872_10201637119031966_1926672762_n

 

Kuerz no 10 Auer goung et fir eis da mam Bus rem zréck Richtung Lëtzebuerg – an den FCD ass elo ganz uewen an Europa ukomm, op 69° 39’ nördlecher Breet steet schon d’nächst Woch den nächsten Auswäertsmätch an der Coupe d’Europe zu Tromsö un.

Vun dëser Plaz aus e grousse Merci un den FC Déifferdéng 03 dass en dëss Reess erméiglecht a finanzéiert huet. Felicitatiounen un d’Ekipp an den Trainerstaff vum FCD fir dësen Exploit a bonne Chance an Norwegen.

 

 

 

 

 

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.