De Luc Holtz berifft 21 Spiller fir de Frënndschaftsmatch géint Litauen. Déi europäesch Aventure vun Déifferdéng huet och op des Nominatioun en Impakt. Nët manner wéi 5 Akteuren goufen beruff. Ënner anerem gouf den, 23 jäeregen Mettelfeldspiller a fréieren U21 Kapitän, Andy May beruff.
De Kader
Jonathan Joubert (F91), Marc Oberweis (Jeunesse), Yannick Bastos, Ante Bukvic, Mathias Jänisch, Antonio Luisi, Andy May (all Déifferdeng), Stefano Bensi, Laurent Jans, Tom Laterza, Ben Payal (all Fola), Guy Blaise (Virton/B), Maxime Chanot (Courtrai/B), Lars Gerson (Norrköping/S), Eric Hoffmann (Jeunesse), Aurélien Joachim (Waalwijk/NL), Massimo Martino (F91), Mario Mutsch (St. Gallen/CH), René Peters (RM Hamm Benfica), Chris Philipps (Metz/F), David Turpel (Etzella)
De Match gett um 19h30 am Stade Josy Barthel ugepaff.
Ze notéieren datt vrum Match den traditionnellen Apéro vun de Supporter am Pacha ( avenue du X septembre) stattfënnt. Ab 15h30-16h treffen sech d’Supporter vun der Nationalequip fir sech op de Match anzestemmen.