Den 10 September 2013, Dag vum Retour Lännermatch vun onse Léiwen géint Nord Irland, ginn et fir d’Supporter vun der Nationalequipe am ganzen dräi rendez-vous’en.
Um 14 Auer gett zu Hueschtert am Stade Jos Becker de Fanmatch Lëtzebuerg-Nord Irland ugepaff. Déi Lëtzebuerger Selektioun besteet zum groussem Déel aus deenen Supporter déi am Himatch mat op Belfast waren. D’Iddi vun der Néigebuert vum Fanmatch koum ons do bei engem Pint bekanntem brongem irësche Béier mat onse Géigener vun engem Owend.
An der Vergangenheet koum et schonn déi eng oder aner Kéier zu engem Fan Match zweschen Supporter ( ënner anerem Wales a Liechtenstein) mä leider sinn déi Matcher zimlech rare ginn.
Eng bont gemeschten Equipe aus Supporter aus dem M-Block, der Tribune de Face an natierlech ass och HUELSE.LU derbei, probéiert bei dem Match de Gronnsteen fir eng Serie vu Victoiren ze leeën.
Den Entrée ass fräi an den US HOSTERT mecht natierlech och hier Buvette op. Flott Stëmmung ass garantéiert.
Watt wär en Lännermatch während der Fouerzäit ouni de bekannten “Apéro op der Fouer” ? Nom Fanmatch treffen sech d’Lëtzebuerger Supporter dann fir e Patt op der Fouer. D’Astëmmen fir den Lännermatch ass dann um Héischpunkt. Traditionnel sinn d'”Fouermatcher” déi beléifsten bei den Supporter. Wann dir iech froot firwat datt de Fall ass da kommt lanscht ! Géint 17h30 Auer wäert et um Glaçis las goën.
Als ultimativen Héijpunkt gëllt awer natierlech de Lännermatch Lëtzebuerg-Nord Irland. Den Hi-Match war mat engem 1-1 zu Ënn gangen. Den Dan Da Mota hatt deemols mat engem ofgefälschtem Schoss de Gol zum Gläichspill geschoss an fir vill Freed am lëtzebuerger Camp gesuergt.
Packen ons Léiwen et dës Kéier och e positivt Resultat géint “Norn Iron” ze erspillen ? Mam Support vun dausenden Lëtzebuerger wier et méiglech. Dofir ruffen mir all Frënn vum ronne Ball an der Nationalequipe op dem Lännermatch e flotten Stëmpel opzedrecken. Tréi nom “ALLez ROUD” Motto si der gebieden den Dag all mat engem Rouden Trikot vun der Nationalequipe oder neutralem roude Pullover, Hierm oder T-Shirt op d’Arler Strooss ze kommen an et krachen ze loossen.
Nieft dem Lännermatch ass et och den 5 järegen Gebuertsdag vun onser Victoire an der Schwäiz.
//www.facebook.com/events/1390351687860304/
//www.facebook.com/events/208800135950905/