Den 10.09.2013 spillt net nemmen ons Nationalequipe géint Nord Irland mä och hier Supporter treffen sech um 14h um Terrain vum US Hostert fir e Futtballsmatch. Den Ludovic Bois, Trainer vun den Lëtzebuerger Supporter, huet sech e bessen Zäit geholl fir huelse.lu.
Huelse :Herr Bois, wéi geet et ärer Equip ? Wéi lafen d’Preparatiounen ?
Ludovic Bois ( LB) : ( dreckt seng éischt vun villen Zigaretten aus) Watt ass datt dann fir eng Fro !? Ech sinn den Trainer dofir kann et nemmen gutt lafen. Jongen Mann, stell wann ech glifft richteg Froën oder ech ginn elo awer a mäi Zumba Cours !
Huelse: ähm, also wéi schätzt dir d’Nord Iren an ?
LB : Grouss, schwéier, lues oder kléng, ronn an extrem lues. Ausser et geet biergof ( lacht iwwert säin eegenen Witz, mir trauen ons net net ze lachen)
Huelse : Erklärt onse Lieser mol ween dir sidd.
LB: Fir déi puer Kulturbanauzen déi mech net sollten kennen, ech hunn den Neururer fir säi Schnurres inspiréiert, ech war mam Gasgoigne an engem Zemmer an der Klinik, war den däitsch Léierer vum Trapattoni an war dem Daum säi Koiffer. Datt ass mol en kléngen Deel vu menger Vita. Donieft hunn ech den FC Café du Coin bis zur Göllen Liewer gecoacht. ( bestellt sech nach e Cola-Wäin a geheit seng Zigarette a mäi Waasser)
Huelse : Datt ass wierklech impressionnant. Watt huet iech dann dozou bewegt d’ Lëtzebuerger Supporter z’iwwerhuelen ?
LB: Ech mengen ech leiden ënnert enger krasser Form vum Helfer-Syndrom. Hu dir d’Equip scho gesinn ? Grausam, den en kritt seng Fläsch mol net mat engem Briquet op ! Do hunn ech him se aus dem Grapp gerappt, de Stopp mat den Zähn erofgeholl, d’Fläsch op Ex gekippt an se dunn widdert d’Mauer geschmass. Den Läppchen soll sech net méi weisse loossen.
Huelse: Wéi gesäit är Taktik dann fir den Dënschden aus ?
LB: Schéin. Wuelgeformt. Stramm. Ganz Stramm fir ieren Alter ( huet de Bléck op der Wirtsfra hieren Decollté geritt). Watt war déng Fro ?
Huelse : Är Taktik fir de Match… Wéi spille mir ?
LB: ( Lacht hysteresch, grunzt, schléit mat den Hänn op den Dësch ) 2 mol 45 Minutten, 11 géint 11 an an kuerze Bochsen !
Huelse: Vill Gléck…
Vill Spaass en Dënschdeg! A vergiesst net Ball a Géigner just da lafen ze loossen wa mer selwer a Ballbesetz sinn 😉