Eng Kiischt um Schmant ?

Nach zwee Mätcher bleiwwen onse Léiwen bis dës Compagne eriwwer ass. Den 11ten Oktober spillen mir doheem géint Russland an véier Deeg drop spillen mir auswäerts a Portugal. Allebéid sinn se am Rënnen fir déi éischt Plaz an onsem Group an wa mir éierlëch sinn och zwou Equipen géint déi et quasi onméiglëch ass e positivt Resultat eraus ze huelen. Dofir wollte mir elo héi schonn e kléngen Bilan zéihen.
Mat bis elo sechs Punkten ass onst Zill schonn gut ereescht an mir kéinnten ons elo all op d’Schëller klappen an de Butték zoumaachen. Mä iergendwéi huet d’Ëntwecklung vun de lëschten Méint ons richtëg hongrëg gemeet an mir wäeren nët iwwerrascht wann ons Nationalequipe ons nach eng richtëg Iwwerraschung bereet hällt. Als Ofschloss vun de WM-Compagne engem Favorit d’Been stëllen ? Mir wëllen ! Ët wier d’Kiischt um Schmant vun éiser 6 Bulle Glace.

Esou e fussballerescht Wonner ass oft d’Resultat vun enger onkonzentréiertem an onmotivéiertem Optrieden vum Favorit. Vu datt esouwuel Russland wéi Portugal Equipen hunn déi gespéckt mat Weltstaren sinn déi alleguerten ganz gäeren nächst Joer a Brasilien déi göllen Throphée gewannen wëllen ass wuel net domadder ze rechnen. Och d’Leeschtungen vun onser Nationalequip a béide Hi-Mätcher dréit net dozou bäi datt mir an den nächsten 9 Deeg ënnerschatt ginn. Beim 1-2 géint Portugal hatten ons Leiwen richtëg Krallen gewissen an d’Lusitaner sinn nach mat engem bloën Aan dovunner komm. Och beim 1-4 am Kazan war ons Leeschtung ganz uspriechend an d’Russen waren erstaunt ze gesinn datt am Ländchen och Fussball gespillt gett.

Wa mir gewannen wëllen da musse mir nach eng Schëpp zouleeën. Den 3-2 géint Nordirland war schonn richtëg impressionnant mä géinnt déi zwou Muechten an onsem Group gett et wahrschéinlech nach ëmmer net duer. Op maanst fir dräi Punkezen ze huelen.
Watt schwätzt dann elo dofir ? Ons Nationalequipe surft momentan op enger Erfollegswell an stotzt vu Selbstvertrauen. An trotzdem wierkt et esou wéi wann d’Spiller eng gesond Distanz ze hunn an net ufänken iwwerhiewlëch ze ginn. All wëssen se datt fir d’Ereechen vun engem positiven Resultat vill Arbescht dozou gehéiert an datt, ons jonk talentéiert Equipe, nach emmer net op hierem Zenit ukomm ass.

Och d’Zuschauer spieren datt an hunn beim Match geint Nordirland fir eng wonnerbar Stëmmung gesuergt. Et ass ze hoffen datt se och de Freiden zuelreich an de Josy pilgeren an ons Equip lautstaark ënnerstetzen.

Dofir lancéieren mir dëse Message un ons Nationalspiller : “Losst ons dreemen, losst ons hoffen an beschenkt iech sëlwer !”

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

One thought on “Eng Kiischt um Schmant ?

  1. Paul Krier 8. Oktober 2013 at 08:01

    Dann doe mer e Freideg all d’Wanterkleeder, d’Reejacquette, Schal a Mutz un! Et soll 3-6°C ginn a Reen 🙂 4 Deeg drop zu Coimbra dann d’kuerz Box an de Sonnebrëll, do si bis 23°C a Sonn gemellt 😀

    Antworten

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.