Spéitstens nom Freidegowend, nom Lännermatch Lëtzebuerg – Russland, muss sech allgemeng d’Fro iwwer d’Sécherheet am Stade Josy Barthel gestallt ginn.
Déi éischt Diskussiounen ronderëm dee Sujet gouf et awer schonn viru bal 20 Joer, d’Punkte waren deemools wéi haut zum groussen Deel déi selwecht:
– firwat ass eng strikt Blocktrennung tëscht Heem- an Auswäertsfans zu Lëtzebuerg scheinbar net méiglech?
– firwat ass eng Security am Stadion (deemools zwar eng aner Firma wéi haut), déi de facto inkompetent ass?
– firwat ass keng méi héich Policepräsenz do?
– firwat reagéieren dës Firma an d’Police esou lues?
– firwat si just wéineg Dieren op (virun an nom Match)?
– wat gëtt als Risikomatch klasséiert?
Et gëtt een d’Gefill net lass, datt sämtlech Diskussiounen iwwer déi Sujet’en mat offizieller Säit net fir serieux geholl ginn. Op d’eventuell Ursaachen an op proposéiert Äntweren op déi Froen hei uewen driwwer kommen ech méi spéit an dësem Artikel zréck.
Fir d’éischt stelle mer eis awer elo mol déi fatal Fro, déi een an esou Fäll gär stellt: wat wier wann?
– Wat wier geschitt, wann net just 15-20 Russen mä 100 d’Lëtzebuerger Tribüne gestiermt hätten?
– Wat wier geschitt, wann als Konsequenz dorausser Honnerte bis Dausende Lëtzebuerger Fans fluchtarteg Richtung Sortie vum Stadion geflücht wieren?
– Wat wier, wann do, wéi gëschter nom Match, just eng Dier (!) op gewiescht wier wou et dann zu engem „Bottleneck“ am Fluchtwee komm wier?
– Wat wier gewiescht, wann déi russesch Hooligans d’Lëtzebuerger weider „gedriwwen“ hätten an et zur Massepanik komm wier um Wee aus ëm Stadion eraus?
– Wat wier gewiescht, wa vläicht aaner Russe schon virun der Dier gewaart hätten?
Muss et wierklech zu Verletzungen oder esou guer Schlëmmeres kommen, éier sech serieux Gedanken ëm dëst Thema gemaat gëtt? Et ass sech jo net schwéier auszemolen, a wéi engem Horrorszenario déi Szenen hätte kënnen op en Enn goen!
Fir dann op d’Froen aus ëm Ufank zeréckzekommen:
Laut FLF stoung de Match géint Russland op enger manner héijer Sécherheetsskala wéi d’Matcher z.B. géint Nordirland oder d’lescht Joer géint Schottland. Opgrond vu wéi engem Informatiounen ass dat esou decidéiert ginn? Kruten déi Verantwortlech net mat, wéi sech sougenannte russesch „Fans“ d’lescht Joer op der EM a Polen beholl hunn? Iwwer d’europäesch Fanszene schéngt och nëmme wéineg Wëssen do ze sinn, wann haut all hallefweegs interesséierte Fan weess, datt déi gréisste Problemer hautdesdaags éischter vun enger Partie Länner aus ëm fréieren Ostblock ausginn an net méi esou vill vun de Britten, den Däitschen oder den Hollänner! Spéitstens mat der Organisatioun vu Fanmatcher wéi géint Wales virun e puer Joer oder rezent géint Nordirland, misst een dach wëssen, datt déi Fans gutt mat eis Lëtzebuerger eens ginn!
Fir all deem entgéint ze wierken, wier eng komplett Trennung vun de Fangruppen ubruecht. Mir haten der FLF scho méi wéi eemol proposéiert, Ticketen just op d’Weisen vun der Carte d’Identité erauszeginn, well een da klasséieren kann, fir ween déi jeeweileg Persoun hält. Am schlëmmste Fall kann een nofroen, fir wéi eng Equipe eng Persoun hält. D’Argumenter waren natierlech, datt esou eppes géint z.B. Portugal net méiglech wier. Mä Portugal ass – genau wéi an Däitschland d’Tierkei – en Anti-Beispill wat geholl gëtt, fir eng Diskussioun ofzeschwächen. Natierlech wësse mer all, datt bei esou Matcher de Virverkaf (an de Schwaarzmaart) kaum ze kontrolléieren ass.
Uschléissend war et d’Propose, baussent ëm Stadion ganz grouss Schëlder opzehänken: Visiteuren op déi do Tribün(en), Fans vun de Roude Léiwen op déi aner Tribünen. Weider wier et eng gutt Iddi, amplaz em Géigner Ticketen op der Tribune de Face ze ginn, si an den C & D-Block ze sëtzen, well da kann een d’rue du stade als eenzegen Accès fir Visiteuren spären an d’Géigner duerno méi einfach am Grëff halen. Tëscht Block B&C kéint een dee Moment och e Sécherheetspuffer abauen, wou dann d’Security soll Plaz huelen, fir esou Kletterszenen wéi gëschter vu vireran scheiteren ze loossen.
Déi Security déi hautdesdaags um Stadion schafft séchert dach riseg Events of an Däitschland, wéi e.a. de Karneval zu Köln & Tréier, wou honnertdausende Leit drun deelhuelen. Do misst also genuch Erfahrung derbäi sinn, fir 5000 Zuschauer am Grëff ze hunn. Wat offensichtlech net de Fall ass. Well wien, wann et haart op haart kënnt, fir d’éischt emol drop waart, datt sech Lëtzebuerger Zuschauer wieren (Merci!), deen huet eppes u sengem Beruff net verstanen! Wien dann nach ze laang waart, bis een déi offiziell Uerdnungskräft urifft, huet och net vill méi verstan! Wann dann awer bei engem bal-Goal vu Lëtzebuerg Kanner & Jugendlecher op d’Gitter klammen, da fille se sech wahrscheinlech staark a markéiere mat staarke Wierder de Chef. Dat ass Alibi! Eng kompetent Security hätt fir d’éischt emol potentiell Gewalttäter erkannt an schonn mol net eragelooss oder op mannst während ëm Match iwwerwaacht. Bei enger Attack, hätte si missen direkt (!) präsent sinn a repressiv wierken. Firwat stoung keng Security beim Gitter tëscht de Bléck B & C? Wat wier bei enger Panik geschitt? Hätte se d’Paarten opgemaach fir d’Leit an de Banneraum ze evakuéieren? Ausserdeem: wéi einfach war et, fir illegal Saache mat an de Stadion ze huelen? Bei 2-3 Leit déi Dausenden Zuschauer hätte solle filzen, sinn ech net just eleng laanscht déi soss üblech Kontroll komm!
Mat den Informatiounen aus den 2 Punkten hei driwwer, ass et méi wéi offensichtlech, datt d’Police, déi jo fir d’Sécherheet vun de Bierger – domatt ergo vun de Visiteure vun engem Fussballsmatch – responsabel ass, hätt missen d’Security ënnerstëtzen an am Virfeld och déi richteg Informatioune sammelen. Leit hunn aus ëm Stadion den 113 ugeruff a goufen do nach lapidar ofgefäerdegt, éier eppes vun der Police ze gesi war. Bekannte Polizisten déi keen Déngscht haten, soten, hire Message a Richtung, datt d’Russe kéint geféierlech ginn, goufen intern net serieux (genuch) geholl. Komescherweis war awer viru 15 Joer géint England massiv Police um a ronderëm de Match, Englänner goufen deels schon op der Grenz kontrolléiert, op der Gare asw. Mä fir bei anere Fussballnatiounen gouf dat wuel komplett ënnerschat.
Fir eis schwéier ze beäntwerten ass d’Fro, firwat allebéid, Security & Police esou laang gebraucht hunn fir ze réagéieren. Dat war verantwortungslos vun denen, déi d’Sécherheet am a ronderem de Stadion solle garantéieren. Doduerch ass net grad Deeskaléiert ginn!
Genau esou schlecht nozevollzéien ass de Fakt, datt bei Zuschauerzuele vun iwwer 5000 fir d’Bléck M&N (wou ëmmerhinn ronn 2500 Leit Plaz fannen) just eng Dier op war. Fir eran ass vläicht net grad esou geféierlech, obschonn um 20h15 geschaten 1000 Leit sech bis op d’Strooss gedrängelt hunn fir eran, wou ee mol liicht hätt kënnen ugestouss ginn. Dernieft war awer och nom Match just déi selwecht Dier op, wou et jo kee Grond gouf, déi aner zouzeloossen, au contraire. Dat sinn Fluchtwéer, déi am Fall vun enger Panik mussen op sinn, well soss Leit do kënnen zerdréckt ginn!
Et bleift festzehalen, datt dat so alles kee Problem gewiescht wier bei engem „normale“ Match, mat enger „normaler“ Zuschauerzuel (soe mer emol déi üblech 2500-3000), mat engem fir eis Supporter „normale“ Géigner wéi z.B. Nordirland.
Et ass d’Propose un d’FLF – no eiser Reunioun vum virleschten Donneschdeg – datt effektiv e Genre Fanprojekt oder e Fanbeoptragen méi néideg ass, wéi en neie Fanclub. Eleng fir d’Erfahrungen anzebréngen, déi mir als Supporter regelméisseg heiheem an och am Ausland op den Terrainen maachen. Dee soll dann a Sécherheetsdiskussiounen mat derbäi sinn, fir datt zesummen, Supporter, FLF, d’Police an d’Security, pro Match e Konzept ausgeschafft gëtt, deen un de Géigner ugepasst ass. Natierlech ginn et iwwerall Idioten. Mä déi meescht kennen hier eegen Idioten. A wann ee gutt Kontakter huet wéi z.B. mat den Nordiren, kéinten déi engem am Noutfall och hier Idioten am Virfeld matdeelen.
Mä och mir als Supporter – an domatt mengen ech net just den M-Block, mä jiddereen dee gëschter um Stadion d’Roud Léiwen ënnerstëtzt huet – mussen eis grondsätzlech emol iwwerleeën, wéi mer an Zukunft dat Ganzt wëllen ugoen. An ech hoffen och net, datt elo rëm gemengt gëtt, matt engem neie Stadion géif alles besser ginn. Natierlech gëtt (hoffentlech) an deem Kader e Sécherheetskonzept beim Plangen mat a Betruecht gezunn. Mä déi héchste Gitteren, déi déifste Grief an déi ofgeschottsten Tribünen hëllefen net ëmmer wann een et mat Idioten ze dinn huet! Mir als Fans mussen elo zesummenhalen a fir eis Sécherheet kämpfen! Well ech ka mer net virstellen, datt d’FLF frou ass, datt Famille mat Kanner de Match fluchtaarteg verlooss hunn. Dës Leit maache sech ouni konkret Initiative vun der FLF an déi do Richtung bestëmmt méi wéi eemol Gedanken, ob se nach eng Kéier op e Match kommen!
Natierlech läit d’Haaptschold bei de russeschen Hooligans. Mä wat mat deene geschitt, dorop kënne mir keen Afloss huelen. Op déi aner Saache schonn! Och bleift festzehalen, datt et déi éischter Kéier war, säit ech d’Roud Léiwe kucke ginn (an dat sinn elo bal 20 Joër), datt esou Tëschefäll am Stadion virkomm sinn. Trotzdem, “vorbeugen ist besser als heilen”!
Ech sinn dann elo grad gewuer ginn, datt d’Security responsabel ass fir d’Dieren fir eran an de Stadion. Sie hu Schlësselen a kënnen der esou vill opmaachen wéi se wëllen. D.h. sie ware kloer Schold drun, datt zemols nom Match d’Leit net anstänneg erauskomm sinn…
Ganz gudden Artikel, géif deen och als Lieserbréif un RTL an Wort an tageblatt posten
Et passt irgendwei an d’Bild vun deem Owend- och wann et nemmen eng Klengegkeet war – datt d’Security nom Match d’Journalisten net wollt an d’Mixed Zone an op d’Pressekonferenz lossen.Et huet viller Diskussiounen an dem Media Officer vun der FLF gebraucht. Ech si jo och schon eng Zaitchen derbai, mee daat hun ech nach nie erliewt gehaat.
Ech muss awer soen datt dest e ganz gudd geschriwwenen Artikel ass Wichtel. Mat ville Froen, wou et gudd wier, wann eng Aentwert geif fonnt gin.
Skandaleis et war neierens Police vill Tirken dei aggressiv geint eis Leit waren . Nemmen duerch e Wonner as et net eskaleiert. D’FLF huet alt erem ob ganzer Linn versoot . Et as iwwerfällech dass endlech eng Protestaktion statt fënnt IWWERFÄLLEG NONDIDJÖ NAREMOOL ET AS SCHLUSS ELO MIR WËLLEN SECHERHEET !!!!!!