D’UEFA huet d’Kaz also aus dem Sack gelooss: géint Spuenien däerf net am Stade Josy Barthel gespillt gin. Skandal oder clevere Schachzuch?
Jo scho méi laang houng d’Damoklesschwert iwwert dem Nationalstadion op der Areler Strooss, dass irgendwann net méi do däerft gespillt ginn, well d’Arena – déi jo och schon e puer Joer um Bockel huet – net méi konform ass, d’Sëcherheet net méi garantéiert ass, de Komfort der UEFA net grouss genuch ass. Am Internetforum vum M-Block, soss alt mol d’Haptulafstell fir de lëtzebuerger Fussballfan, gouf am Oktober 2003 een Topic opgemach mam Titel “Neie Stadion”. Grond war deemols d’Annonce, dass zu Mainz een neie Stadion gebaut géif ginn, an dass soueppes am klenge Format dach och fir Lëtzebuerg géif passen. An dem Thema gouf dun op 30 Saiten an bis an d’Joër 2012 iwwert d’Thematik vun engem neie Stadion diskutéiert. Och vill interessant Léisungsusäz oder Konzepter sin doranner virgestallt gin.
Zu Mainz ass an där Zait vill geschitt – de 6. Juni spillt fir d’éischte Kéier déi däitsch Nationalekipp ee Lännermatch an der coface-Arena. Bei eis ass och vill geschitt -eis Nationalekipp spillt den 12. Oktober een Heemmatch géint Spuenien; vlait souguer och zu Mainz… Eppes huet sëch net geännert: den Duerschnëtts-RTL.lu-Visiteur jäizt nach ëmmer: géint een neie Stadion! Schaft d’Nationalekipp of – se verléieren jo dach emmer!
Mee loosse mer zréck zum Thema kommen: géint Spuenien pilgere mer also net op d’Areler Strooss, mee irgendwou an d’not Ausland. Huele mer et positiv: d’Auswäertsreesen ware bis lo ëmmer nach déi schéinst, d’Stëmmung déi Bescht. Zu Metz, Frankräich géint Lëtzebuerg, waren iwwer 2 000 Supporter vun de Roude Léiwen matgereest an hun de ganze Match laang gesong. Slowenien, Nordirland, Schwaiz – ee klenge Grupp, eng gudd Ambiance, eng gudd Stëmmung. Mir gin an eisem Exilstadion net naass, wann et reent; an all déi, déi’s du nach ni am Stade Josy Barthel erbléckst hues, mee déi dech op eemol froen, wou ee kann Tickete fir de Match géint Spuenie kréien, brauche sech keng Suergen ze maachen: an eisem Exilstadion si masseg Plazen. Amstand, et veriire sëch esouguer e puer vun eisen RTL.lu-Kommentatoren dohin?
Am Endeffekt ass des Decisioun dat idealt Drockmëttel fir d’FLF. Et ass scho bal ee Kado vun der UEFA. Esou wiisst nämlech den Drock op d’Politik, fir schnellstméiglech ee Projet op d’Been ze stellen an emzesetzen. Bei enger weiderer Dérogation vum Europäesche Fussballverband hätt secher net dozou baigedro, dass de Projet “neie Stadion” schnell viru gedriwwe gëtt. Esou henkt et elo méi wéi soss un den Décideuren, fir dass dësen Heemmatch auswäerts eng eenzeg Ausnahm bleift, an net an e puer Joer zur Regel gëtt!
Mat deem do Artikel sinn ech net ganz averstaanen. D’FLF ass elo ausgeliwwert! D’Regierung soll sech bekennen. A well eis idiotesch Gambia-Koalitioun jo éischter no RTL.lu an nom Patronat, get deen neie Stadion bestëmmt net an den Délaien gebaut wann en dann iwwerhaapt gebaut get. Firwat ass z.B. méng Pétitioun fir en zäitnoen neien Nationalstadion nach ëmmer net um Site vun der Chamber validéiert a publizéiert? Ech hätt mer et jo kënnen denken, datt dat net an engem verstännegen Délai géif geschéien.