D’Lëtzebuerger Nationalekipp däerf dann elo awer hieren Heemmatch géint Spuenien an der Heemecht spillen. No enger zweeter Demande säitens der FLF un d’UEFA gëtt de Ball den 12 Oktober 2014 awer duerch de Josy Barthel gejoht. D’Konditioun ass datt déi néidëg Verbesserungen am Stadion gemaach ginn. Watt dozou féiert datt ronn 2000 Plazen eweg falen géifen an de Match vrun maximal 6000 Léit gespillt ka ginn.
Ech si kloër géint déi Entscheedung wëll :
– ech der Meenung sinn datt et méi schéin gewierscht wier an engem Stadion, wéi de Stade Saint Symphorien, ze spillen. Ee Stadion mat engem Minimum u Komfort fir den Zuschauer, also en Dach iwwert dem Kapp.
E Stadion mat engem Fassungsverméigen vun 26700 Plazen, deen et erméiglëchen géif der grousser Nofro nozekommen. 6000 Plazen fir esou en Evenement ass einfach lächerlëch an hannerléisst frustréiert Supporter. Et wier en Erliefnis gewierscht och fir ons Politiker ze gesinn wéi eng Ambiance do herrscht.
– ët a mengen Aan eng grouss Geldverschwendung ass fir elo Suen an e Stadion ze stiechen deen an e puer Joer verschwannen soll. Wann ech mäin Auto an e puer Méint verschrotte misst dann géif ech lo net ufänken en néi sprëtzen ze loosen an d’Fënsteren ze verdonkelen. Ech géif déi Suen halen fir a mäin néien Auto z’investéieren.
-ët dat falscht Zeechen un ons Regierung an der Stad Lëtzebuerg ass. Eng vun de gréisste Problematiken an onsem Land ass, menger Meenung no, datt mir eng besonnëg Begabung am Schleefen-loosen hunn. An dës Derogatioun ass Wasser an de Millen vun dësem Problem. Projet’en wéi d’Nordstrooss, d’Saarautobunn an den Tram sinn déi beschten Beispiller. Bei ons verginn Jorzéngten bis et zur Realiséierung vun engem Projet kennt. Jo, wann et iwwerhaapt jeemols derzou kennt. A Gibraltar schéinen d’Aueren anescht ze dréihnen. Dat britëscht Iwwerseegebiet op der iberëscher Hallefinsel ass réischt säit 2013 en UEFA Member an säitdem plangen se en néie Stadion. Baggeren an d’Schëppen fänken dëse Summer un mat Gruewen. Ferdegstellung 2016.
Bei ons si sëch Staat a Stad nach net eenz op dësen Hierscht oder an dräi Joër mat den Arbeschten kann ugefangen ginn. Et ass ze fäerten datt a fënnef Joër nach ëmmer näischt steet an ons Nationalequip zu den Nomaden vum modernen Fussball ginn. Mir sinn um Wee de Klasseleschten ze ginn. D’Nationalekipp spillt ëmmer besser, mir kréien ëmmer méi Profi’en a säit langem ass en optimistësch watt déi sportléch Zukunft ugeet mä mir hu keen doheem. De Gibraltar vum Norden huet kèng Festung méi.
Ech hatt d’Hoffnung datt Platini a Co ons Dornröschen-Verantwortlécher wackrëg rësellen géifen mä a Plaz vun engem Wecker krutte se eng Tass Téi.
Nuecht.
Wëlls du en zäitnohen Stadion an net en deen réischt ferdeg ass wann déng Kanner/Enkelkanner dra spillen dann ënnerschréiw dës Petitioun
Donrrösche-Schlof? Ech froe mech heiansdo, ob eisen ach esou liberalen a soziale an anti-patriotesche Politiker eng NATIONALequipe net en Daar am Aa ass, dat ass dene vläicht ze patriotesch an dofir schlecht.
Ech géif net op dei aktuell Regierung aschloën well déi vu virdrunner huet et jorelang vermasselt en anstännegen Stadion ze bauen.
@Raym: jo, dat stëmmt och erëm. Mä déi virdrun hate jo nach e minimalen Hauch vu Patriotismus a Respekt virum eegene Vollék, déi nei vill manner.
Mä: //www.rtl.lu/sport/541087.html
//www.flf.lu/getattachment/Actualites/Calendrier-du-projet-%C2%AB-nouveau-stade-national-%C2%BB/Communique-de-presse-stade-national.pdf.aspx