Nët schlecht gestaunt hunn d’Zuschauer de Freiden op der Grenz oder de Méinden beim “Goal” kucken wou se den Gilles Bettmer gesinn hunn. Nieft den 2 Goaler déi hien fir säin FC Déifferdeng geschoss huet, huet hien duerch eng kierperlëch Fitness erausgestach.
Dem Tageblatt huet de Gilles erklärt datt hien nieft extra Trainingsschichten och eng Diät mescht an esou 5 Kilo ofgeholl huet an lo an enger Form ass an der mir hien scho laang net méi gesinn hunn.
Nët nëmmen d’Zuschauer vum Déifferdénger Fusiounsveräin freeën sëch iwwert déi Nouvelle mä och déi vun der Nationalekipp géiwen sëch e Retour vun engem Gilles an Topform wënschen. Den SC Freiburg-Schüler gëllt bei de Roude Léiw Supporter als e vun de Liiblingsspiller aus den leschten Joër mä hien huet sëch duerch séng Liewensastellung an -Hygiene sëlwer an d’Abseits gestallt. Séng Lescht Nominéierung läit lo schonn bal zwee Joer hier an am Ufank vum Joër huet de Nationaltrainer an engem Interview mam Wort ganz kritësch Wierder zum Bettmer geäussert.
Ët war um Bettmer dorobber eng Äntwert ze ginn an ët schéinnt wéi wann hien, endlëch, d’Kéier kritt ze hunn.
De Gilles Bettmer huet 2005 mat 16 Joër säin Début ënnert dem Hellers ginn an huet 1 Goal am Dress vun der Nationalekipp geschoss. Mat elo 25 Joër bleift dem Gilles nach genug Zäit fir säin aktuellen Selektiounenstand ( 58 ) ze vergréisseren an d’Hoffnung déi an hien gestach gouwen ze erfëllen.
Ëndlech…
Hei ass den Dem dem Gilles sein Monni an hoffen dass den Gilles sou gas geht wei hen momentan amgangen ass well ech well verschiedener Maul stopen dei sou domm iwert hem geschwetzt hun.allez Gilles
E Bettmer an Topform bréngt säi Veräin an och d’Nationalekipp no vir.
Et läit awer un him fir an déi Form ze kommen. Och vru sénger Verletzung war hien säit séngem Retour op Lëtzebuerg net an der beschter Verfassung. Wann een vun engem Profi- op den Amateursniveau erofklemmt dann ass et normal datt een, wann en nët déi richtëg Géigemossnahmen ënnerhellt, an e Lach fällt. Och psychësch ass et net einfach well och zu Lëtzebuerg kann een net elo net méi mat e bessen Balleremgefuchtels wéiderkommen.
An dozou gesellt sech datt hien wahrschéinlëch och falsch trainéiert huet. Schwammen ass och nëmmen zu engem gewëssenen Moss produktiv fir e Fussballsspiller.
Ech drécken him d’Daumen datt hien elo an d’Form vu séngem Liewe kennt. Hien hätt et verdéngt