Um Wee

Wéi ët schéinnt ass en onglécklëchen Laurent Jans um Wee zréck an d’Heemecht. En iwwermotivéiert Katari huet am Testmatch zweschen den U20 vum Dundee FC an den U20 vu séngem Land dofir gesuergt datt dem Jans säin Test schonn no e puer Minutten zu Enn war. No engem Tackling huet onsen Nationalspiller missen ausgewiesselt ginn an krutt anschéinend no bruet datt et an deenen Ëmstänn kee Sënn mëscht méi lang a Schottland ze bleiwwen.
Am Quotidien erklären de Laurent a säin Agent, den Didier Philippe, datt de Manager vun Dundee FC de Laurent Jans gehalen hätt wann hien ondiskutablen Stammspiller gewierscht wier, dëst wier awer nët direkt de Fall gewierscht. Dem Jans séng Test-Odysee ass elo zu Enn komm an hien integréiert nees de Lëtzebuerger Championnat bei séngem Veräin, der Fola vun Esch.

Och wann onsen polyvalente Vertéideger e bessen geknickt ass muss een hien fir séng Motivatioun louwen. Nodeems hien dem Stades Rennes an d’Aa gefall ass huet hien och probéiert séng Chance zu Auxerre an zu Dundee ze kréien. Dozou gesellen sëch déi langunhalend Rumeuren datt den FC Metz Interessi um 22 Jäeregen hätt. Esou vill Lëtzebuerger Fussballsspiller packen et och nët an de Fokus vu Profiveräiner ze kommen.

Trotz séngem Talent feelt et dem Laurent Jans, no den Aussoën vu séngem Agent am Quotidien, nach un engem kléngem Fäintuning an ët bléiwwt d’Hoffnung datt de Jeff Strasser déi richtëg Riedecher a Bewegung sëtzt fir hien wéider ze bréngen. Als fréiere Profi ass den Fola Trainer de richtëge Mann fir dem Jans ze hëllefen déi néidëg Entwécklung ze maachen an de Sprong an de Profifussball ze packen.

De Laurent Jans ass nämlëch nach ëmmer um Wee.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.