Réckbléck op den Oktober 2004 – Ausbléck op den Oktober 2014

Hiescht 2004. D’4-0 Défaite Ugangs September zu Tallinn ass amfong vergiess, säit mer, just puer Deeg méi spéit, op der Areler Strooss e fantastesche Mätch ofgeliwwert hunn. An engem Mätch, dee kee Verléierer verdéngt hat, hu mer eis fin de compte missen mat 3-4 géint Lettland geschloen ginn. E flotten Fussballsowend, grousse Kampf vun de roude Léiwen, onglécklech verluer, sou eppes ka geschéien.

Wat dëse Mätch awer mat sech bruecht huet: mir sinn e Mount méi spéit heiheem géint Liechtenstein als Favorit an de Mätch gaang. Deen aneren Oktobermätch goung mat 0-4 heiheem géint Russland verluer, dat huet awer näischt un de relativ héigen Erwaardunge virum Liechtensteinmätch geännert.

De Mätch géint Liechtenstein ass séier resuméiert: e Klassenennerscheed war ze gesinn. An et war, als Supporter vun de Roude Léiwen, bal penibel nozekucken. 0-2 stoung et an der Paus, nom 0-3 ass den M-Block geschlossen erof bei d’Buvette stoen gaang. „Simonsen raus“ an „Dir hudd den M-Block net verdéngt“ ass ëmmer rem ugestëmmt ginn. Fir den 0-4 an der Schlussphas stounge mer awer all rem op eise Plazen am Stadion – déi ronn 20 Liechtensteiner Supporter hunn iwwerdeems eng Polonäs op der Tribune de Face gemaach.

000_0003
Den M-Block an der Schlussphas vum Mätch Lëtzebuerg – Liechtenstein 2004

All déi, déi no der 0-2 Blamage géint d’Färöer Inselen 2001 geduecht hunn et kéint een net méi méi déif falen sinn op dësem 13.Oktober 2004 enges bessere beléiert ginn.

Bei allem Respekt, a bei aller Sympathie fir eis Kollegen aus dem Liechtenstein: Géint e Land, hallef sou grouss wéi de Klierfer Kanton, mat onwesentlech méi Awunner wéi d’Gemeng Esch-Uelzecht, dierf een ënner kengen Emstänn esou doheem virgefouert ginn.

Dëss Blamage war vläicht eng Stonn Null fir de Lëtzebuerger Fussball, déi sportlech zu engem Emdenken gefouert huet. Et huet sech eppes missen änneren, et konnt einfach net esou weidergoen.

An elo? Et ass vill geschitt an de leschten 10 Joer. D’Fortschrëtter, déi de Fussball op héchstem Lëtzebuerger Niveau gemaach huet sinn amfong enorm. Dass esou vill jonk Spiller de Sprong an d’Ausland gewot hunn ass e gutt Zeechen. Dësst ass sëcherlech keen Zoufall, mee d’Resultat vu gudder an haarder Aarbecht, virun allem, mee net nëmmen, am Jugendberäich. Vill vun eisen Nationalspiller stinn elo bei auslännesche Profisveräiner ënner Kontrakt, déi aner, déi an der Nationaldivisioun spillen, suergen och alt emol an der Coupe d’Europe fir déi eng oder aner Iwweraschung.

Luxemburg - Weissrussland (Luxembourg vs Belarus)
Den M-Block 2014 géint Wäissrussland. Vill Lëtzebuerger Supporter freen sech sëcherlech schon op déi zwee Lännermätcher am Oktober.

10 Joer no de Mätcher géint Russland a Liechtenstein sti rem zwee Oktobermätcher un. An engem dovun, géint Spuenien, ass grad wéi deemols géint Russland d’Resultat wuel zweetrangeg. Et wier vermooss ze behaapten, dass mer a Mazedonien als Favorit an de Mätch ginn, mee nom Resultat, an nach vill méi no der Performance aus dem Mätch géint Wäissrussland ass duerchaus zu Skopje och eppes fir d’Rout Léiwen dran. Géint Spuenien op der Areler Strooss dee Sonndeg drop hu mer wuel keng Chance – ko mer notzen se!

 

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.