D’Liewen an der Waardeschlaang

huelse.lu am Gespréich mam Chris Philipps

 

Den 20 joer jonke Profi vum FC Metz an Nationalspiller vu Lëtzebuerg huet sech nom Match géint de Stade Rennais FC Zäit geholl fir mat ärem Fanblog ze schwätzen.

Luxemburg - Spanien (Luxembourg vs Spain)

 

Lidée cest que Chris soit titulaire entre six et dix fois, en plus des bouts de matches quil aura loccassion de jouer

Albert Cartier am Le Quotidien vum 06.09.2014

 

Eng Woch méi spéit huet den FC Metz de Florent Malouda verflicht an domadder de “Plan de carrière” vum Chris Philipps wahrscheinlech duerchernee geheit. Den Eislécker, deen am Mäerz 2013 säi Kontrakt nach bis 2018 beim franséische Foussballclub verlängert hatt, war bis zu der Verflichtung vum Malouda bei all Match am 18er Kader. Dëst huet sech direkt duerno geännert. Duerch divers Verletzungen a Sperren ass hien beim Gaaschtspill vum Stade Rennais awer nees dozou gestouss.
Et konnt en sech serieux Hoffnunge maachen datt de Lëtzebuerger zu sengen éischte Minutten an der Ligue 1 komme kéint mä d’Physionomie vum Match an d’taktesch Virgabe vum Metzer Trainer Cartier hu schlussendlech dogéint geschwat.

Ech hat d’Gléck de Match vun enger Loge aus ze kucken, duerch Ëmweeër hunn ech meng Plaz vun engem Haaptsponsor vum Metzer Proficlub kritt. Beschte Vue, extra Këssen um Stull, geschützt vu Wand a Reen a Keelt, véier Gäng Menü mat passend Gedrénks. En Erliefnis deen een als “normalen” Josy Barthel Zuschauer ( Wand, Reen, Keelt, Béier ouni Alkohol, Wirschtchen am Becher) als pure Luxus empfënnt. Mä domadder ass et nach net gedoen. Et ass üblech datt sech nom Match verschidde Spiller Zäit fir ier Sponsoren an Éieregäscht huelen an esou vir e puer Minutte laanscht kommen fir e bësse mat de Léit ze schwätzen. An der Regel sinn dëst 2 bis 3 Spiller déi vum Veräin laanscht geschéckt ginn.

Eng gutt hallef Stonn nom Match ass d’Dier opgaangen an de Choplin, vu Beruff aus knallhaarde Verteideger, ass era komm. Eng gutt Véierelstonn laang hu mir ons mat him ënnerhalen an ech war iwwerrascht wéi oppen an direkt d’Profispiller schwätzen. Vu Starallurë kéng Spuer.

An onser Ronn hunn d’Léit dunn all gehofft datt de Starspiller, Malouda, de Wee an ons Raimlechkeete fënnt. Datt ech am Viraus awer dofir gesuergt hunn datt en anere laanschtkomme kéint, wosst awer keen.

E puer Minutte méi spéit goung d’Dier eng zweete Kéier op an do war en, de Spiller op deen ech gehofft hunn. Den 19 molegen Nationalspiller vun onse Roude Léiwen. Wéi versprach koum den Chris Philipps bei ons laanscht an trotz der Enttäuschung, och deen Dag net op den Terrain geschéckt ze gi sinn, huet hien sech Zäit fir ons geholl. Mir léieren en oppenen, sympatheschen a frëndleche Kärel kennen dee mat béide Féiss um Buedem bliwwen ass.
On est sous le charme” wéi ons Noperen esou schéi soën.

 

CFA, Ersatzbänk oder nei Erausfuerderung ?

Luxemburg - Weissrussland (Luxembourg vs Belarus)

Nodeems de Spiller sech bei jidderengem virgestallt a Moie gesot huet, si mir dunn direkt zu senger aktueller Situatioun komm. De Chris Philipps erklärt datt de Konkurrenzkampf am Metzer Kader relativ héich wier. Mat der Verflichtung vum Malouda, war gewosst datt et zimlech enk fir hien géif ginn. Géint e Spiller, wéi de Championsleague Gewënner a Weltmeeschterschaftsfinalist, kéint een et als jonke Fussballspiller schwéier hunn. Och schonn ouni de Malouda hätten sech 4-5 extrem gutt Spiller op senger Positioun am Kader fonnt an sech eng Plaz ze maache wier scho schwéier genuch gewiescht.

Wëchentléch Spillpraxis kann hien am Moment nëmme bei der zweeter Ekipp sammelen an datt och nëmmen dann wann hien net an de Kader vun der éischter Ekipp nominéiert gouf. Eng verzweckte Situatioun fir e jonke Spiller.
De Verteideger mengt weider datt hien mierkt datt him Spillpraxis feelt an hien sech iwwerleeë muss wéi et weider geet.

Am Virfeld vun der Saison gouf gemunkelt datt de Chris Philipps vläit vu sengem Veräin verléint kéint ginn. Eng Méiglechkeet déi sech och onsen Nationalspiller opgehalen huet. Datt hien an der Wanterpaus ausgeléint gëtt ass relativ onwahrscheinlech. Besser gesot onméiglech. Wéi de “Chris” ons erklärt däerf e franséische Veräin an der Saison bis maximal 7 Spiller ausléinen. E Solde deen den 13 Oktober mam Prêt vun N’Doye op Stroossbuerg erreecht ginn ass. Déi Optioun huet sech also vru kuerzem fir hien erleedegt.

Bei sengen Asätz mat de Roude Léiwe kann hien sech an de Fokus vun anere Veräiner spillen. Géif awer lo e Veräin Interessi weisen an se wéilten de Chris kafen da missten awer en Formatiounsentschiedegung op den Dësch geluet ginn. Beim Chris Philipps, ëmmerhinn säit sengem zwielefte Joer beim FC Metz, handelt et sech ëm ëmgerechent 400.000 Euro ! Eng Zomm déi interesséiert Veräiner ofschreckt well ” wee wéilt da schonn esou vill Suen ausgi fir e Spiller mat esou wéineg Spillminutten” sou de Philipps. En däitschen Éischtliguist war vru kuerzem, trotz groussem Interessi net bereet esou vill ze bezuelen. Nieft dëser Entschiedegung kinnt de FC Metz awer, theorëtescherweis, och nach eng Ofléiszomm froen.

Ganz kämpferesch erzielt hien datt et momentan nëmmen dorëmmer geet sech sech iwwert den Training ze beweisen an dem Trainer d’Entscheedung esou schwéier wéi méiglech ze maachen. Hien ass och der selweschter Meenung wéi säin Trainer datt hien als Jonke vill bäiléiere kann andeems hien all Dag mat Spiller wéi N’Daw oder eben dem vill zitéierte Malouda trainéiere kann.
Trotz sengen Iwwerleeungen de Veräin ze verloosse schéint hien d’Kapitel FC Metz net ofgeschloss ze hunn.

Rhythmus duerch d’Nationalequipe

Luxemburg vs 1. FC Koeln (Köln)

De Mangel u Spillpraxis am Veräin féiert och dozou datt seng Leeschtunge mat de Roude Léiwen e wéineg drënner leiden. Ganz selbstkritesch analyséiert hien seng Leeschtung a Mazedonien. Hien hätt beim 3-2 ” e schwaachen Dag erwëscht” beim 1-0 hätt hien net gutt ausgesinn an hie verschëlt spéiderhin och nach den Eelefmeter deen zum 2-2 féiert. Datt mir de Match an de leschte Sekonne verléiere wier “schued mä dofir hu mir och schonn an de leschte Minutte gewonnen,esou ass de Fussball!”, “Mä iergendwéi hätte mir et och net verdéngt ze gewannen, mir féieren 2-1 an der Paus ouni et selwer richteg ze verstoen.”
Ganz rational analyséiert hien eng vun den battersten Néierlagen am Lëtzebuerger Fussball. Ech selwer hatt d’Chance zu Skopje ze sinn an ech mengen ech hu mech nach ni esou eidel gespuert wéi no der 90ter Minutt. Kuerz nodeem de Match eriwwer war war och de Chris Philipps bei ons laanscht komm an huet e puer Wierder mat ons geschwat. D’Enttäuschung war him kuerz duerno unzegesinn an et ass bemierkenswert wéi hien déi Néierlag scho verdaut huet an sech op d’Zukunft fokusséiert.

Luxemburg - Spanien (Luxembourg vs Spain)

E puer Deeg méi spéit ass et am Josy géint Spuenien gaangen. Trotz der 0-4 Néierlag ass hien relativ zefridden mat senger an och der Ekipp hirer Leeschtung. “La Roja” huet natierlech de Match dominéiert mä ons Männer sinn net aus de Schlappe gefall. Spuenien wier bei wäitem ” net esou schlëmm gewiergt wéi lescht Joer de Frëndschaftsmatch géint Finnland”. Bei der 0-3 Néierlag am Mäerz 2013 wieren ons Léiwen nëmmen dem ” Ball nogelaf, wat richteg sauer war”. Dorobber hunn ech gefrot ob déi zwee lescht Matcher géint Israel net méi schlëmm gewiescht wieren. Onsen Nationalspiller witzelt datt hien sech “guer net méi un déi Matcher erënnere kann an datt et och besser esou wier”.

“Et ass schéin ze wëssen datt e Fans huet”

Fussball Länderspiel Luxemburg - Litauen

Freeë mécht hien sech ëm de kléngen Hype ëm d’Nationalequippe an datt et eng positiv Resonanz zu hirer Entwécklung gëtt. D’Lëtzebuerg géife lues a lues mierken datt och ons Léiwe Fussball spille kënnen. An dass dorausser eng flott Stëmmung entsteet wier fantastesch. Datt de M-Block sech erkritt huet an lo nees dofir suergt datt de Bam brennt ass och dem Chris opgefall an hien huet nëmme gutt Wierder fir ons Fans.
“Et ass schéin ze wëssen datt ee Fans huet déi mat reesen” ass seng Äntwert ob d’Bemierkung datt mat mir e “richtegen Fan” am Raum ass deen och an de Balkan reest fir seng Nationalequipe ze ënnerstëtzen. Wann och nëmmen eng Dose Lëtzebuerg géint 10.000 Mazedonier ze héiere si wier datt ganz wichteg fir d’Ekipp.

Support your national team

Luxemburg - Weissrussland (Luxembourg vs Belarus)

Onverständnis bréngt hien fir all déi Lëtzebuerger op déi d’Heemmatcher benotze fir de Géigner z’ënnerstëtzen. Firwat sech e Lëtzebuerger ouni familiäre Bezuch zu Spuenien sech mat engem spueneschem Trikot an de Josy Barthel setzt kann de Jongprofi net verstoen. Op hien da léiwer an engem volle Stadion mat Touriste spillt oder engem bal eidelen ? Déi Fro ass domadder beäntwert datt hien léiwer vru richtege Fans spillt, d’Unzuel schéint an deem Fall egal ze sinn.

Walk on 

Nationalmannschaft Luxemburg - Aserbaidschan

D’Gespréich ass dunn och schonn eriwwer. Et ass erstaunlech wéi esou e jonke Profi an esou enger schwiereger Situatioun esou entspaant bleift.  Mat 20 Joer ass hien nach am Ufank vu senger Carrière. Talent, Intelligenz, Buedemstännegkeet ,Rou a schlussëndlech Gedold sinn u sech eng gutt Mëschung an et ass wuel nëmmen eng Fro vun der Zäit datt sech eng Dier fir hien op mécht an hien säin Dram vum Futtballprofi weider liewe kann.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.