D’Waarden op den David Caiado

Säit e puer Joer geeschtert de Numm vum David Caiado duerch ons Medien. Scho während der Hellers-Ära huet de Caiado säi Wonsch geäussert fir Lëtzebuerg ze spillen. Bis elo huet hien datt awer nach keng Minutt fir ons gemaacht. De 25 jaeregen Spiller vu Beroe Stara Zagora ass zu Lëtzebuerg gebuer, huet bis 13 Joer hei gewunnt an seng éischt Fussbäll zu Hesper gekickt. Fir sengem Dram vum Futtballprofi méi no ze kommen ass hien a Portugal gaangen. Iwwer Academica ass hien duerno an d’Futtballschoul vum Sporting Lissabon komm. Dat hier Nowuesesaarbecht zu enger vun der beschter op der Welt gehéiert ass net nëmmen an de spezialiséierte Fussballkreeser gewosst. Ënner anerem ass et d’Talentschmied déi Spiller wéi Figo, Nani a Cristiano Ronaldo erausbruet huet. Dat de Caiado keng zwee lénks Féiss huet ass kloer an och seng 5 Mätscher an den U16 an U19 Selektiounen vu Portugal beweisen dat hien Talent huet.
 Nodeems hie 5 Joer laang seng Ausbildung gemeet huet war hien um Sprong an d’éischt Equipe vum Sporting.

Eng Verletzung huet hien awer zeréck geheit an dat war och den Ufank vun enger zimlech turbulenter Carrière. Zwëschen 2006 a 2012 huet de Caiado fir 6 Clibb a 4 verschidde Länner gespillt. Vu Sporting ass et iwwer Estoril (PT), Trofense (PT), Zaglebie Lubin (Pol), Olympiakos Nicosia (ZYP) bei säin aktuelle Club a Bulgarien gaangen. Et ass eng Carrière wéi et der vill am Profifuttball ginn. Ëmmer no der Sich vum Duerchbroch an enger Juegd duerch ganz Europa.

An der Summerpaus hu verschidde Veräiner hiren Interessi gewisen, ënner anerem soll Kaiserslautern an Antalyaspor un engem Transfert interesséiert gewiescht sinn. Beroe huet sech awer queesch gestallt a wollt hire Starspiller net goe loossen. Op transfertmarkt.de gëtt säin Transfertwert op 1000000 eur gewäert. Eng richteg grouss Zomm fir e potentielle Lëtzebuerger Nationalspiller.

Firwat nëmme potentiell ? Dat den David Caiado nach ëmmer net fir säi Gebuertsland gespillt leit dodrunner dat hien nach ëmmer kéng Lëtzebuerger Nationalitéit huet. Am Gesetz vum Oktober 2008 iwwert d’Lëtzebuerger Nationalitéit steet dat een nieft dem Beherrsche vun der Lëtzebuerger Sproch, an anner Konditiounen och nach 7 Joer hannerteneen am Ländche gelieft muss hunn. 7 Joer vrun der Demande fir Staatsbiergerschaft. Do leit nämlech d’Kromm an der Heck. Trotz dem Faite dat hien seng ganz Kandheet hei verbruet huet, lëtzebuergesch schwetzt a säi Papp zu Monnerech wunnt huet hien net d’Recht d’Nationalitéit ze kréie well hien déi lescht 7 Joer säi Wunnsëtz net am Grand-Duché hat.

Am Ufank vu dësem Joer huet d’FLF dem Sportsministère den Dossier iwwerreecht mat der Demande de Caiado abiergeren ze loossen. De Romain Schneider huet den Dossier no enger positiver Bewäertung un den zoustännege Justizministère weider geleet. Am Mäi 2012 gouf et dunn eng negativ Äntwert. Och eng Ausnahm fir sportif méritant géif an dësem Fall net gemaach ginn. De François Biltgen huet awer no dësem Dossier behaapt dat seng Equipe d’Gesetz géif ënnert d’Loupe huelen an nom ganzem Tamtam iwwert dat speziaalt Gesetz fir d’ abiergere vun onser néier Ierfgroussherzogin soll elo gläich eng Gesetzesännerung gemeet ginn. Wann ee bedenkt dat et e Gesetz gëtt dat beseet datt ee just ee Familljemember muss hunn deen ab dem 1 Januar 1900 Lëtzebuerger war fir d’Nationalitéit unzefroen, da schéinen d’Gesetzestexter an dem Punkt net gerecht ze sinn. Honnerte vu Läit hunn säit 2008 d’Lëtzebuerger Nationalitéit nëmme well een Ur-Ur-Ur-Groussbopi ebe Lëtzebuerger war. Wann datt den eenzege Bezuch zu engem Land ass den e muss hunn fir e Lëtzebuerger Pass ze kréien an donieft kritt een den hei gebuer an der Sproch mächteg ass d’Pabéieren net, da kann een sech scho Froe stellen. Hoffe mir mol datt ons Politiker keng Joere brauche fir dat Gesetz ze änneren.

Den David Caiado géif onser Equipe sécherlech gutt doen. Mir géifen net nëmmen ee véierte Profi derbäi gewanne mä och een zimlech talentéierten a ballsëchere Spiller. Momentan hu mir méi ” Aarbeschter ” an der Equipe ewéi Ballkënschtler. De Caiado as een Dribbler den gaeren den een zu eent siche geet an donieft zimlëch schnell as. Ee Mëttelfeld mat Da Mota, Payal, Gerson, Bettmer a Caiado héiert sech scho flott un. De rietse Mëttelfeldspiller hätt nämlech gutt Chancë fir op senger gewinnter Positioun ze spille well domadder de Mario Mutsch op déi vum rietsen Aussevertéideger réckele kéint. De Posten déi hien och zu St Gallen besetzt. Domadder géif ons Ofwier ee staarkt Element kréien déi zur Stabiliséierung vun der Defense bäidroe géif. Et ass keng Fro vun der Drénglechkeet datt de Caiado ee Roude Léiw gëtt mä eng Verbesserungsméiglechkeet. Ausserdem wier hien nieft dem Da Mota een Zeechen un Dausende vu Matbierger mat lusitanëschen Originen datt et och hier Nationalequipe ass.

//www.youtube.com/watch?v=bqcpqf6aGfE&feature=related

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

3 thoughts on “D’Waarden op den David Caiado

  1. David Caiado huet de Goal vum Joer a Bulgarien geschoss 27. Dezember 2012 at 20:59

    […] Et bleift weiderhin ze hoffen dat den David Caiado demnächst mat de Roude Léiwen oplafen dierf. Vun eis aus Gratulatioun fir dëse wonnerschéine Goal […]

    Antworten
  2. luxpjamer 21. März 2013 at 13:47

    //www.lequotidien.lu/politique-et-societe/43235.html

    De Wee ass fräi !

    Antworten

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.