D’Journalisten hu sëch um Kapp gekraazt an d’Aen geriwwen. ‘Wou huet hien deen dann ausgegruewen?’ ‘Aus der 1. Divisioun?’ Domat hat wuel kaum ee gerechent.
Ufank 2002. Den Allan Simonsen ass sait kuerzem Nationaltrainer vu Lëtzebuerg; hie léist de Paul Philipp of a soll, no puer respektable Resultater mat de Färöer Inselen, elo dat selwecht mat de Roude Léiwe fäerdeg brengen. Seng Bilanz wäert bei sengem Rausworf 2 Joer drop enttäuschend sinn. Fir eng Rei Spiller war hien trotzdem d’Starthëllef fir d’Nationalekipp – a virun allem fir den Eric Hoffmann: virum Lännermatch géint Lettland am Mäerz 2002 nominéiert de Simonsen dee 17-jähregen Innenverteideger a Spiller vum FC Orania Veianen. D’Orania huet déi Zait um Tabellewupp vun der 1. Divisioun gekickt a sollt um Enn vun der Saison an déi zweetdéifst Lëtzebuerger Spillklass ofsteigen. Vill Leit hu sech gefrot: wéi koum en dann op deen? Den Eric hat bis dohinn grad emol 3 U-19-Lännermatcher um Bockel a war deene mannste lëtzebuerger Fussballinteresséiert ee Begrëff. Trotzdem war de Simonsen op hien opmierksam ginn, an de 27. März 2002 zu Hesper géint Lettland sollt hien an der 72. Minut fir den Nico Funck agewiesselt ginn, an domat de Startpunkt vun enger laanger Karriär mam roude Léiw op der Broscht setzen.
Sait dem war hie quasi gesat a koum saitdem an 89 vun 113 Lännermatcher zum Asaz. Fir d’Saison 2002/03 huet de Luc Holtz, deemols Spillertrainer, hien op Ettelbréck bei d’Etzella geholl an och do sollt hie schnell zum Stammspiller ginn. Während seng Ufankszait bei der FLF nach eng vun deene schwächste Phasen vun eiser Nationalekipp waren, sou war hien och Deel vum Neiopbau a konnt sou z.B. zur sensationeller Victoire an der SChwaiz baidroen. Bei der 2:1-Victoire géint d’Slowakei am Februar 2011 huet hien d’Ekipp als Kapitän op d’Feld gefouert, genau wéi beim respektablen 0:2 zu Metz géint Frankraich.
A manner gudder Erennerung wäert him wuel den 8. September 2004 bleiwen: an engem verréckte Match op der Areler Strooss géint Lettland, deen um Enn mat 3:4 verluer sollt goen, ass him an der 65. ee Selbstgoal zum 3:3 ennerlaf. Ee Goal op där richteger Sait sollt him an all de Joere leider net geléngen. Mat 88 (respektiv 89, je no Quell) Lännermatcher goufen et just 2 Leit, déi méi oft fir Lëtzebuerg opgelaf sinn (Jeff Strasser mat 98, René Peters mat 92 Asäz).
Haut geet d’Kapitel Eric Hoffmann an der Nationalekipp also op sain eegene Wonsch hinn zou. An der Läscht huet hie sech misse mat der Roll vum Reservist zefridde ginn, déi hien trotzdem ouni Theater ugeholl huet. Et geet een “Gentleman”, wéi de René Serangeli, fréiere Betreier vun der FLF-Selektioun, et géif soen. Mir soë MERCI Eric fir déi bal 12 Joer déis du zu eisem “Supporterliewen” dozou gehéiert hues an alles fir de Roude Léiw ginn hues!