huelse.lu an der Blogosphäre

wortWéi virun e puer Wochen e Mail vum Marc Thill vum “Luxemburger Wort” an “eis Redaktioun” erakomm ass, hu mer eis fir d’éischt emol virtuell d’Ae geriwwen an eis gefrot, ob dat elo Eescht wier oder net: huelse.lu war, zesumme mat enger Partie anere Lëtzebuerg Blogs, ausgewielt ginn, fir op wort.lu Deel vun der sougenannter “Blogosphäre” ze ginn.

Et gouf am Fong net vill ze diskutéieren, well et eis kloer war, datt et eng weider Méiglechkeet war, d’Popularitéit vun eisem Schreiwes nach ze erhéijen. Ausserdeem goufe mer mat eiser Zouso op eng Receptioun op Gaasperech invitéiert, wat muncher ee vun eis sech net wollt et entgoe loossen. Entschëllegt waren de Lou an de CK, aus méi oder manner verständleche Grënn. Fir elo extra vu Groningen erofzekommen, wier vläicht e bësse vill verlaangt, mä op eng Rocky Horror Picture Show hätt ee gäre kënne verzichten, zemools där betraffener Persoun genuch Argumenter geliwwert gi wieren – wann een eben alles am Viraus wéisst!

Esou hu sech déi 3 Protagonisten dann an der neier Receptioun vum Wort afonnt. No enger klenger Aféierung duerch den Här Sieweck, Chefredakter vum Wort (wat sech an 2 Joer alles esou geännert huet!) gouf duerno e klengen Tour duerch den Newsroom vun der Redaktioun gemaach, eng Féierung déi den Auteur bal – awer wierklech just nach bal – hätt kënne selwer maachen. Erklärunge gouf et zu enger Partie Sujete vun den Neie Medien, z.B. wéini d’Wort Saachen online setzen, Statistiken asw. – och dat kënnt em Auteur vun iergendwou hier bekannt vir 🙂

Bei engem Patt a Schnittercher goufen dann 2 vun deenen 3 Leit nach vu Wort TV interviewt. Wann der Iech frot firwat net all, ech mengen 3 Leit hätten net an d’Bild gepasst! Méi zum Interview fannt der iwwer den 1.Link hei ënnen drënner (ab Min. 2:04).

Um Enn bleift festzehalen, datt et wuel ganz interessant war, ze gesinn wéi vill Blogs iwwer wéi vill verschidden Themen et hei am Land gëtt, vun deenen een nach ni héieren huet!

//www.wort.lu/de/videos/54f0cd290c88b46a8ce5464a

//www.wort.lu/de/lokales/wort-lu-blogger-in-der-redaktion-54f0cd290c88b46a8ce5464a

//www.wort.lu/de/blogs

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.