E „Non-Event“ op der Kockelscheier

Eng Partie Wochen a Méint huet een näischt méi zum Thema „Neie Stadion“ héieren a gelies. A fir et elo mam Me. Gaston Vogel ze halen, berichte mer op dëser Plaz da vun engem „Non-Event“, deen dëser Deeg op der Kockelscheier stattfënnt.

Fir iech elo all ze lackelen: do steet eng Baumaschinn am Moment! An et goufen definitiv Moossaarbechten duerchgefouert an en Terrain (nee, kee Fussballsterrain, einfach eng Wiss) ofgestach.

Op Nofro hinn hunn d’Aarbechter vun enger Firma aus em däitschsproochegen Deel vun der Groussregioun confirméiert, datt si Proufbuerungen op deem Site maachen. Woufir genau déi Buerunge sinn, konnten se eis net soen, mä se wosste scho Bescheed, datt ongeféier op där Plaz, wou si schaffen e Stadion soll hikommen.

Bei esou Proufbuerunge geet et an der Regel drëm den Ënnergrond ze ënnersichen, op deem spéider eppes soll gebaut gëtt (op mannst esou laang mer op der Kockelscheier net ufänken no Gas oder Uelech ze sichen / //de.wikipedia.org/wiki/Probebohrung)

D’Buerungen hunn op Punkt A op deem Plang, deen der hei ënnen drënner gesitt, stattfonnt, den ofgemoossenen Terrain ass bei Punkt B. Wat also drop hindeit, datt op mannst schonn emol fir déi nei Stroossen an eventuell fir den Tram Preparatioune lafen. Infrastrukturen, déi jo misste fäerdeg sinn, éier de Stadion steet, wann ee wëll vermeiden, datt d’Streck Cloche d’Or – Kockelscheier – Beetebuerg komplett zougemaach misst ginn.

Mir halen d’Entwécklung esou gutt et geet weider am A!

kaart PM1_0194 PM1_0196 PM1_0198 PM1_0204 PM1_0206

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.