Systemfehler

De Fréiden krutt ons Nationalekipp wéi schonn lang nët méi hier Grënzen opgewissen. Bei der 3-0 Défaite an der Slowakei waren ons Léiwen ouni den Hauch vun enger Chance.

Lang ass et och hier datt een vun der Art a Weis vun enger Niederlag vu Lëtzebuerg esou ëntäuscht war. Am Ganzen 1 richtëg Golchance, e Kappball vum Deville, kaum gewonnen Zweekämpf, wéinëg bis kéng Appel’en an een Opbauspill datt no 3 Passen schonn ferdeg war. Gefohrloss an ouni Bass… Léiwen mussen anneschtes optrieden.

Huet een de Géigener vläit ënnerschaat ? Hamsik a co waren a sinn nach ëmmer ongeschloën d’Nummer 1 an onsem Grupp an hunn Spuenien hannert sëch geloss an doheem mat 2-1 geklappt.

Hu mir ons vläit ze schéinn gesinn ? Sécher spille mir säit e puer Joer e flotte Fussball an hunn wahrschéinlëch de beschte Kader deen mir jeemols hatten mä mir mussen och realistësch a mat béide Féiss um Buedem bleiwwen. Ouni 100% Asatz a Wëllen kann a waert Lëtzebuerg ni en internationale Géigener schloën.

Natierlëch ass et no esou engem “Debakel” einfach mam Fanger op d’Entscheedungen vum Trainer ze weissen an d’Taktik ze kritiséieren. Am Virfeld vum Match hatt den Luc Holtz vrum Géigener gewarnt an et huet e geduet datt hien seng Ekipp defensiv a kompakt astelle géiw. Den Nationaltrainer huet awer jiddereen mat engem 4-4-2 iwwerrascht a mat Joachim an Deville zwee Ugräiffer op den Terrain geschéckt. Eng tapfer Iddi wann e bedenkt datt mam Jaenisch a Martins, zwee ganz wichteg Spiller fir dëse System gefeelt hunn. Resultat vill ze vill Räim fir d’Slowakei, wéinëg Uspillstatiounen am Mëttelfeld an en inexistent Opbauspill. Dee Matchplan ass no hanne gang. Mä wéi gesott, wann et eriwwer ass ass een ëmmer méi schlau.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.