An dofir fuert dir esou wäit ?

Als Supporter hëllt een oft dausende vu Kilometer an Onmengen vun Abenteur op sëch fir séng Ekipp z’ënnerstetzen an fir ze hoffen datt um Ënn och eng Victoire erausspréngt.
Bei enger lëtzebuerger Lännermatch Auswaertsrees ass d’Chance op e positivt Resultat natierlëch méi geréng wéi wann e, beispillwéis, dem FC Bayern oder de Spuenier d’Daumen dréckt. Mä grad datt mécht de Charme vun esou enger Rees aus.

Fir de Lännermatch géint d’Slowakei hunn Ronn 50 Zuschauer déi 1200km op Zilina op sech geholl an der Hoffnung datt ons Jongen dem Tabelleleader e Fouss stëlle géifen. Leider huet een nom Match eng réih entäuschte Gesitter gesinn. Dëst war awer manner op d’Resultat mä éischter op d’Art a Weis vun onse Jongen zeréckzeféieren. Als Fan huet een nëmmen zwee, fundamental, Uspréch, d’Spiller kämpfen ze gesinn an datt se sëch dem Géigener mat positiver Agressivitéit géigeniwwer stellen. Kampflos ënnergoën, dorobber si mir allergësch.

Wann d’Supporter an der 30 Minutt schonn “Zwou Boule Mokka” sangen fir sëch vum Geschéien vum Terrain ofzelénken dann ass datt kee gutt Zeechen watt den Ausgang vun der Partie ugeet. An der Paus huet en dunn schonn den een entsaatene Fan getraff deen sëch d’Fro gestallt huet firwat en déi Strapazen op sëch geholl huet.

D’Supporterliewen ass kee Wonschkonzert mä et ass wéi an enger Bezéihung. Et ginn Héischten an Déiften, Hoffnung an Entäuschung. Grad an de méi schwéieren Zäiten schweesen sëch déi stark Koppelen zesummen, déi mat manner Bindung ginn auserneen a sichen sëch en néie Partner.
Bei de langjäerege Supporter vun de Roude Léiwen besteet kéng Gefohr datt eng Entäuschung zum Enn vun der Bezéihung féiert. Dofir si mir schonn duerch ze vill Déifte gangen. Bei de Supporter vun der néier Generatioun ass nach ganz oppen wéi se op sportléch Resultater reagéieren. Duerch de “Renouveau”, vum Hellers gestart a vum Holtz wéidergefouert an entwéckelt, hu mir e Kader deen mat flottem Fussball d’Zuschauer begeeschtere kann an deen d’Erwaardunge vun den Zuschauer an d’Lucht gedriwwen hunn. Hoffe mir mol datt déi “néi” Supporter och bereet sinn ze leiden.
Bei den nächsten Auswaertsreesen a Wäissrussland an an d’Ukraine reesen, wéinst de politësche Situatiounen an de logistëschen Schwieregkeeten, wahrschéinlëch net vill Supporter mat mä de Match a Spuenien gëllt dann als Mossstab. D’Attraktivitéit vum Géigener an de “kuerze” Reeswee op Logroño missten ons Auswaertsreesender an d’Kaarte spillen.

Schlussëndlëch spillt de Fakteur “Spaass” déi gréisste Roll wann en sech an d’Friemd mécht. Eng Auswaertsrees soll an däerf een net nëmmen un den Ausgang vun enger Partie oder un der Perspektiv vun engem potentielle “Dräier” ausmaachen.
D’Entdecken vun anere Kulturen, lokale Spezialitéiten, den Austausch zwëschen Fans vu béide Säiten sinn net ze verwerfen. An engem Pub zu Belfast mat den Nordiren zesummen ze féieren, sech zu Skopje mam Taxichauffer kapott ze laachen, mat Studenten duerch Coimbra ze zéihen oder de Premier vun der Slowakei bieden Béier sichen ze goën huet einfach kee Präis.
Fir puer Deeg ass een eng Art Botschafter vu sengem Land an ët hannerléisst een eng Spuer Lëtzebuerg bei de Léit déi een trëfft.

“Auswaerts” ass eng Liewensastellung!

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.