Philipps, le Preuss

Wéi mir schonn op onser Facebooksäit annonceiert hunn, wiesselt de Chris Philipps bei den SC Preussen Münster.


Foto: Preussen Münster Homepage
Foto: Preussen Münster Homepage
Den 24molegen Nationalspiller gëtt vu sengem Ausbilderveräin FC Metz fir e Joer an déi däitsch drëtt Liga ausgeléint.

E Wiessel vum 21 jaerege Ofwierspezialist houng säit kuerzer Zäit an der Loft. Vru puer Wochen huet dëst nach ganz aneschtes ausgesinn. De Chris, deen 9 Mol fir Metz an der leschter Saison an der Ligue1 opgelaf ass, war an de Pläng vum Albert Cartier als zukünfteg Stäipp vum Metzer Spill geduet. Nom Ofstieg war fir hien an de Bernard Serin, de President, kloer datt den Néiufang vum FC Metz iwwert d’Integratioun vu jonke Metzer Spiller goë géif.
Nëmmen datt den Trainer lo nët méi Serain mäi José Riga heescht an datt d’Grenats lo och nach mam Freitas e néien Directeur Sportif hunn. An déi kafen sech momentan e néie Kader zesummen. Spiller wéi Choplin a Philipps déi wéi keng anner de Metzer Veräin am Häerz droën hu missen hier Valise packen. Dem Choplin hu se gerodden sech en néie Veräin ze sichen an onse Lëtzebuerger wollten se bei hiere Partnerveräin Seraing an déi zweet Belsch Divisioun ausléinen.

E Wiessel op Seraing war fir de Chris Philipps awer keen Thema an hien huet sëch selwer e néie Veräin gesicht wou him kloer gemeet gouf datt hien net zu den erhofften Spillzäite komme géif.

Duerch de Nationaltrainer Luc Holtz koum de Kontakt op Münster zustann an do ass et ganz schnell gangen. Aktuellen Trainer vun de Preussen ass de Ralf Loose, e Bekannte vum Holtz aus der Zäit wou den Däitschen Nationaltrainer vu Lichtenstein war. Nodeems de Spiller sech mat de Verantwortlech getraff huet a sech d’Infrastrukturen vum
Bundesligagrënnungsmember ugekuckt huet gouf de Wiessel vervollstännegt.

Screenshot: Sc Preussen Münster Webpage
Screenshot: Sc Preussen Münster Webpage

De Philipps schléit domadder zwou Mécken mat engem Schlaach. Éischtens spillt hien an Däitschland, eng Destinatioun deen hien schonn ëmmer wollt huelen an zweetens kann hien bei Preussen Münster zur erhoffte Spillpraxis kommen. Den däitschen Traditiounsveräin plangt de Philipps als Innenvertéideger an, eng Positioun den en och scho zu Metz besatt huet och wann hien am léifsten am defensive Mëttelfeld agesat gëtt.
Muer kéinnt den Neo-Munsteraner schonn bei Frënndschaftsmatch géint De Graafschap zum Asatz kommen.
Et schéinnt wéi wann dem Chris Philipps seng Carrière lo richtëg starte géif !

Hei de Link zum éischten Interview:
Videopresentatioun Münster

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.