Holland, Frankräich a Schweden

Haut war d’Auslousung vun der WM-Quali 2018 a Russland a Lëtzebuerg krutt dräi ganz stark Géigener an de Grupp A zougelousst.

Holland, Frankräich a Schweden sinn den Trio Infernale vun der Grupp an déi grouss Favoriten fir déi éischte Platz.

Schlecht ugefangen huet den Tirage an deem mir als éischte Géigener Wäissrussland zougelousst krutten, aus dem 4ten Dëppen koum dunn nach Bulgarien dobäi. Zwee Länner déi mir lo gefillten 189mol begéint sinn an déi, pardon, wierklëch net attraktiv sinn.

Aus dem drëtten Dëppen konnte mir Schweden begréissen an mir kennen ons virstellen datt lo vill Supporter sëch op déi Auswärtsrees freeën. Mä Schweden ass net nëmmen dofir e ganz flotte Géigener. Wann e bedénkt datt hier U21 vru kuerzem Weltmeeschter gi sinn a mam Zlatan Ibrahimovic en absolute Weltstar an hiere Réihen hunn. Et bléift ze hoffen datt hien säi Recktrëtt no der EM nach nët annoncéiert.

La France, onse Nopper, ass dunn aus dem zweeten Chapeau gezu ginn. Och héi kann en sech op international Star’en wéi Lloris, Pogba a Griezmann freeën. Eng Ekipp déi mol gaeren hier Géigener ënnerschätzt.

Aus dem éischten Dëppen, also , als absolute Favorite um Pabéier, koum dunn Holland an onse Grupp. D’Oranje mat Depay a Co waerten ons d’Liewen net ganz einfach maachen. Reestechnësch natierlëch e wonnerbare Lous.

Sportléch gesinn ass dëst eng ganz schwéier Grupp. Wäissrussland ass déi Ekipp déi e probéiere kann hannert sech ze lossen, Bulgarien ass ëmmer eng hart Noss an géint Schweden, Frankräich an Holland kann e nëmmen iwwerraschen. Näischt ze verléieren also !

2667757_XLARGE-LND

 

2667756_XLARGE-LND12

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.