D’Auslandspress zur Doudesgrupp A

D’Roud Léiwen kennen säit gëschter d’Géigner an der WM-Quali 2018 a Russland an de Lous huet et sportléch net ganz gutt mat ons gemengt. Mat Holland, Frankräich a Schweden treffe mir an der Qualifikatioun op dräi Länner déi et op engem internationalen Turnéier mindestens zur 1/4 Final packe kënnen. Nieft deenen dräi spille mir géint Bulgarien a Wäissrussland, comme d’habitude.

France Football (Frankräich)

Screenshot France Football
Screenshot France Football

Les Bleus devront cravacher….

France Football analyséiert d’Géigener. Als Favorit fir d’éischte Platz gesi si natierléch d’Tête de série Holland a Schweden mat hierer U21-Weltmeeschter Generatioun ass den Haaptkonkurent fir déi zweete Platz. Nom Drama 1993, wou Kostadinov, Stoichkov a Co der Génération Papin, Ginola d’Deelnahm op der WM 1994 eweggeholl huet, bléiwwen d’Bulgaren a ganz schlechter Erënnerung. Och Wäissrussland kritt genug Respekt entgéint no deems se lo schon déi drëtte Kéier hannerteneen an déi sëlwescht WM-Quali Grupp gelousst gouwen an d’Franzousen 2010 mat 1-0 geklappt hunn. Lëtzebuerg gëtt als schwächsten Ekipp ugesinn :

“Le plus faible : Le Luxembourg
Une équipe qui a beaucoup progressé au fil des années, certes. Mais le Luxembourg reste tout de même une escouade largement abordable pour les Français. Le Duché compte en ces rangs le jeune Messin Chris Philipps ou encore un jeune lyonnais du centre de formation : Christopher Martins Pereira. Pas de quoi fouetter un chat. Les Bleus avaient déjà croisé la route des Luxembourgeois pour se qualifier à l’Euro 2012. Deux victoires 2-0. Tranquille. Tout en restant sérieux bien sûr.  “

Link op France Football

De Telegraaf ( Holland)

Screenshot de telegraaf

Schwéier Léis fir Hollännesch Nationalekipp

Den Telegraaf schwätzt vun engem schwéiere Lous. Natierlëch ginn och héi Frankräich a Schweden ervirgehuewen. Zum Schluss erënneren se awer och drunn datt Oranje vru 14 Joer fir d’Léscht e Match an enger WM Quali verluer huet. Also am ganzen 32 Mätcher ouni Néierlagen verbuche kënnen.

Link op de Telegraaf

Aftonbladet ( Schweden)

Screenshot aftonbladet

Schweden krutt “Terrorgrupp”

A Schweden schéinen ze schockéiert. Onverstänndnis brengt den Erik Hamrén, schwedeschen Nationaltrainer, der Konstellatioun vun de Lousdëppen entgéint. Datt Frankräich an Italien sëch am zweeten Dëppen rëmfonnt hunn wier nët richtëg. Fir hien hätt et awer nach méi schwéier komme kënnen wa lo a Platz vun Holland Spuenien oder Däitschland an Grupp A zougelousst gi wier. Fir d’Journalisten ass et awer e “schwedeschen Albdraam”.

Link op Aftonbladet

 

link op football.by

Trud ( Bulgarien)

Screenshot Trud

 

Verdammt Schwéier

D'bulgarësch Trud schwätzt och vun engem Albdraamlous. Haaptsächlëch gëtt héi gekuckt géint ween se léiwer gefall wieren, och am leschten Dëppen wieren mat Andorra a San Marino méi schwach Ekippe gewiescht wéi Lëtzebuerg. Hieren eenzegen Trouscht: bis lo huet Bulgarien ëmmer géint Lëtzebuerg gewonnen. 

Link op Trud

Football.by (Belarus)

Screenshot by

Kéng gutt Norichten aus Sankt Petersburg

De wäissrussëche Site football.by analyséiert Géigener allegueren. Lëtzebuerg gëllt als “aale Frënn”. Och iwwert déi lëschte match wou se et net gepackt hunn ons ze klappen gëtt geschriwwen. Se erfreeën sech drop bis lo och nëmmen eng Kéier géint ons verluer ze hunn. Star vun onser Ekipp ass fir sie de Maxime Chanot.

 

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.