All Guddes fir däi Gebuertsdag, M-Block!

Et ass ouni Zweifel déi gréisst Fangruppéierung am Lëtzebuerger Fussball – a mat 20 Joer sëcherlech och eng vun deenen eelsten. Rieds geet natierlech vum M-Block. Et ass och do wou mir fënnef Auteuren vun dësem Blog eis alleguer am Laf vun der Zäit kennegeléiert hunn.

1995 goufen d’M-Block Fanclub gegrënnt – an ënner anerem opgrond vun de gudde Leeschtungen vun de Roude Léiwen déi Zäit um Terrain konnt déi nei Fangruppéierung séier wuessen.

2000 huet den M-Block beim Testmätch géint Spuenien säi 5.Gebuertsdag kënne feieren. D’Period ronderem de Millenium war eng schwiereg Zäit fir den M-Block, déi duerch eng Rei Meenungsverschiddenheete geprägt war. Dobäi koumen sportlech enttäuschend Leeschtunge vun der Nationalekipp, wou sëcherlech d’Défaiten géint d’Färöer nach ville Lëtzebuerger Fussballfans an Erënnerung sinn.

Et goufen awer an dëser Zäit och Fussballfans zu Lëtzebuerg, déi sech fir den M-Block agesat hunn an denen et ze verdanken ass dass d’M-Block Fanatics 95, wéi se entre temps geheescht hunn, weiderhin konnte bestoen. Ewéi verbonnen dëss Supporter mat hirem Block sinn gouf beim Mätch géint Dänemark 2003 däitlech: d’FLF huet d’Tribün hannert dem Gol, wou och den M-Block ass, den dänesche Supporter verkaaft… wourophin d’Fanatics geschlossen decidéiert hunn, de Mätch ze boykottéieren an an e Café kucken ze goen.

No der Europameeschterschaft 2004 sollt den M-Block eng Zort Renaissance erliewen. Enner anerem eng Rei Eislécker hunn sech de Fanatics ugeschloss, wouduerch den M-Block erëm gutt gefëllt war. E grousse Grupp Supporter huet d’Nationalekipp bei den Heemmätcher ënnerstëtzt – an dat net just an de Qualifikatiounsmätcher op der Arëler Strooss, mee och op den Testmätcher op den Dierfer war den M-Block regelméisseg mat iwwer 50 Leit vertrueden. Géint d’Slowakei gouf 2005 den 10.Gebuertsdag vum M-Block gefeiert.

Am Hiescht 2006 goung déi ominéis „Blockwiesseldiskussioun“ un. D’Nationalekipp huet de Wonsch geäussert, d’Supporter sollten den M-Block verloossen an op d’Tribune de Face wiesselen. Dëss Fro gouf laang a mat Momenter hëtzeg ënnert de Supporter diskutéiert. Leschten Endes ass et dorop erausgelaf dass d’M-Block Fanatics hierer Tribün trei bliwwe sinn – eng Rei Supporter awer op „eege Fauscht“ op d’Tribune de Face gewiesselt sinn.

Am Laf vun der Zäit sinn d’Leit am M-Block rem peu à peu manner ginn… et ass amfong keen Zoufall dass 2010 fir de 15.Gebuertsdag vum M-Block weider keng Aktioun organiséiert gouf. Mee erem wéi den M-Block kuerz virum Enn stoung war eng handvoll Leit do déi mat vill Engagement derfir gesuergt hunn, dass den M-Block iwwerlieft huet… a säit 3-4 Joer geet et mat der Unzuel u Supporter am M-Block erem biergop an et gesäit een quasi all Mätch nei Gesiichter op der Arëler Strooss an der Kéier… an déi nei Generatioun vum „haarde Kär“ ass selbstverständlech all Mätch derbäi!

Sou konnt mat enger flotter Choreo aus roude, wäissen an hellbloe Fändelen ënnert dem Motto „20 Joer Blutt Schweess & Passioun fir Rout-Wäiss-Blo“ dëse Samsdeg géint Mazedonien den 20.Anniversaire vum M-Block gefeiert ginn.

All déi Zäit goufen vum M-Block och Auswäertsreesen organiséiert. Gären lauschteren ech haut vun den eelere Supporter d’Anekdoten vun de Fahrten aus den Ufangsjoeren vum M-Block. Flott Erënnerungen hunn ech un d’Reesen mam M-Block an der Lycéeszäit. An Zwëschenzäit hunn d’M-Block Fanatics sech op Reese mat Minibusse spezialiséiert – mat denen et ënner anerem am Mäerz d’Slowakei gaang ass an déi och sëcherlech wierten am Oktober um Wee op Logrono an den Asaz kommen.

Mat Sëcherheet ginn et vill Lëtzebuerger Supporter, déi grad ewéi ech ganz vill flott Erënnerungen un déi lescht 20 Joer M-Block hunn. Ech wënschen den nächste Generatioune Lëtzebuerger Fussballfans, dass et hinnen och esou ergoen wäert. An engems wëll ech awer an dësem Zesummenhang all deene Leit Merci soen, déi sech an de leschten 20 Joer an irgendenger Form am M-Block engagéiert hunn an och denen, déi dat an Zukunft wierte maachen. Ganz besonnesch gëllt dëse Merci dene Leit, déi mat hirem Asaz an deenen Zäiten wou just wéineg Leit de Wee an den M-Block fonnt hunn net opginn hunn an esou derfir gesuergt hunn dass et rem besser Zäiten goufen.

Dem M-Block wënschen ech vun dëser Plaz aus, am Numm vun der ganzer Huelse-Ekipp, alles erdenklech Guddes fir den 20.Gebuertsdag!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.