Déi nächst dräi w.e.g.

Jo, et ass vläit e bessen ze vill z’erwaarden dat ons Léiwen zwee Matcher hannerteneen gewannen mä et wier einfach esou schéin Sechs Punkten an enger Woch ze kreien, zwou Tabelleplatzen gutt ze maachen an domadder déi véiert Tabelleplatz anzehuelen.

Kopfball Lars Gerson (Luxemburg #7) / Fussball EM-Qualifikation 2016, European Qualifiers, Saison 2015-2016 / 05.09.2015 / Luxemburg - Mazedonien (Luxembourg vs FYR Macedonia) / Stade Josy Barthel, Luxemburg / Foto: Ben MajerusZe schéin fir wouer ze sinn ? Dreeme mir ? Egal, ons Léiwen schéinen och drun ze gleewen, Joachim a Payal hunn déi lescht Deeg an den Interviews méi wéi eng Kéier dovunner geschwat.

Fir datt et haut zu Borisov an zu Lëtzebuerg ëppes ze feiere gëtt mussen ons Léiwen sech awer nees a Form kommen, “Spaghetti Belaruses” oblige !

Wéi gëscht an diverse Medien ze liese war (esuguer de Kicker huet doriwwer geschriwwen) waren 16 vun 20 Spiller Affer vun enger Liewensmëttelvergëftung. An der Nuet vu Sonnden op Méinden waren déi meescht Spiller also domadder beschäftëgt mat Zäiten op de Komb ze kommen. Schlofmangel, Krämp an Deshydratatioun… brauch en net onbedéngt en Dag vrun engem Match. Spillt de Wäissrussen awer richtëg an d’Kaarten. Vu Sabotage ze schwätzen ass vläit e wéineg wäit hiergehol, oder ?

Luxemburg - Türkei (Turkey)

 

Lo zum sportléchen Deel. Wat en aus dem Match géint Mazedonien eraushiewe kann dann war et onse Realismus. E Schoss op de Gol, e Gol, dräi Punkten.
Och d’Ofwier stoung relativ gutt. Trotz dem en oder aneren Ofstëmmungsfeeler. Chanot a Philipps wärten och haut an der Innenvertéidegung zesummestoën.
Donieft muss en d’Koppel Gerson-Payal luewen. Hier Arbescht am Mëttelfeld war enorm an huet de ganze Butték zesummgehalen. Datt brauche mir déi 90 Minutte lang och den Owend.

Stefano Bensi (Luxemburg #11) gratuliert Sebastien Thill (Luxemburg #16) zu seinem Tor / Fussball EM-Qualifikation 2016, European Qualifiers, Saison 2015-2016 / 05.09.2015 / Luxemburg - Mazedonien (Luxembourg vs FYR Macedonia) / Stade Josy Barthel, Luxemburg / Foto: Ben Majerus

Wee wärt dann haut vum Holtz op d’Stéck geschéckt ginn ? No der gieler Kaart vun e Fréiden feelt de Chris Martins, de Kapitän Mutsch ass dofir awer nees u Bord.
Verletzt ass keen, op sech jiddereen vun de Mo-Darm Problemer erholl huet musse mir ofwarden.

Onsen Tip 4-2-3-1
Joubert/ Jans-Chanot-Philipps-Jänisch/ Payal-Gerson/ Bensi-Mutsch(cap)-Da Mota/ Joachim

De Match waert awer och haut spéit entscheed ginn an et wier net iwwerraschend wann den “Spillentscheeder”, wéi de leschte Fréiden vun der Bänk komme wärt. Thill, Deville oder Turpel ? Egal ween et ass :

Jongen schréift Geschicht a gidd iech déi véiert Platz sichen !

De Match kennt dir den Owend am Pacha, Avenue du 10 Septembre an der Stad ukucke kommen. Ugepaff gëtt um 20:45 Lëtzebuerger Zäit.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.