Sonndes owes, zwee Deeg virum Match an Wäissrussland, sinn mir zu fënnef (de Kevin, d’Liz, de Mich, de Sven an ech) mat der Lufthansa vun Frankfurt op Minsk geflunn, wou mir no aacht Auer ukomm sinn. Nodeems mir d’Passkontroll iwwerstan haten (d’Beamten hunn eisen Visum nach eemol mat der Lupp ënnersicht), sinn mir mat engem Taxi bei eist Hotel gefuer.

Méindes hunn mir een éischten flotten Dag zu Minsk verbruet, wou mir eng Rei schéin Kierchen an sozialistesch Prachtbauten bestaunt hunn. D’Stroossen sinn- typesch Sowjet-Style- enorm breed an et gëtt eng Rei Denkmaler fir gefalen Zaldoten, e.a. am zweeten Weltkrich an och am Afghanistankrich. Mir hunn och schonns een Irish Pub („The Pub“) entdeckt, wou mir natierlech hunn missten eragoen. Iwwregens waren mir alleguerten e puer Deeg laang Millionären zu Minsk. 1 Euro sinn nämlech 20 000 wäissrussesch Rubel. Ech hat nawell iwwer 200 Euro gewiesselt an hat also iwwer 4 Milliounen Rubel cash bei mir.

Am spéiden Nomëtteg hunn mir eis am Spillerhotel mam Laurent Schüssler vum Wort getraff an haten eng interessant Diskussioun iwwert den Lëtzebuerger Fussball an wéi d’FLF an och d’Veräiner sech kinnten besser vermaarten. Vum Jean Schiltz kruten mir dunn herno och nach eis bestallten Tickete an sinn no engem Owesiessen zefridden an eisen Hotel zeréckgefuer.

Dënschdes nomëttes sinn mir mat engem Taxi op Borisov gefuer. Ech kann iech soen: do ass elo wierklech guer keng lass. Et ass eng kleng Stad mat villen Plattenbauten. Am Zentrum ass nawell eng Pizzeria wou mir kuerz era waren eppes drénken éi mir bei den alen Stadion vun BATE Borisov opgebrach sinn. Deen huet eis nawell net schlecht gefall. Just hannendrun ass een Irish Pub, wou eng Rei Schaler vun internationalen Géigner vun Borisov hänken: e.a. Schalke an Bayern. Demnächst kennt jo wuel nach Leverkusen derbäi. Hei hunn mir Darts gespillt, gudden bëllegen Béier gedronk an eis mat engem fetten Plateau gestäerkt: Crispy Chicken, Garlic Bread, Fritten an Kéisbällchen mat 3 verschiddenen Saucen derbäi.

No där flotter Astëmmung sinn mir mat zwee Taxien bei d’Borisov Arena gefuer. Een héich modernen neien Stadion, deen vun baussen een eegenen Charme huet, gesäit en dach aus wéi een Schwäizer Kéis. Mir haten Sëtzplazen an Block F an hunn de Stadion no enger präziser Oftaschtkontroll betratt.

Beim Alafen hunn mir eis Equipe mat Spriechchéier begréisst. Doropshin ass een Sécherheetsbeamten opgetaucht an huet ugebueden eis den Auswäertsblock opzemaachen. Mir wieren net supposéiert op der Haapttribün ze setzen an iwwerhaapt wier et verbueden net op senger Platz ze setzen mee ënnen ze stoen an ze sangen. Eng mat engem Lëtzebuerger bestueden Wäissrussin huet extra missten iwwersetzen (hiren Mann war iwwregens den eenzegen net-offiziellen Lëtzebuerger am Stadion ausser eis fënnef.) De Kevin huet dem gudden Mann erklärt, datt mir eis fir den Match schonns op eis Platzen setzen géiwen, mee hien war net berouegt, huet hien dach eng heemlech Invasioun op eemol gefart. Hien wollt wëssen ob mir wierklech nëmmen zu fënnef wieren an ob mir vläit nach aner Leit hei kennen géiwen. Hien huet sech dunn iwwerzeegen gelooss an mir hunn brav eis Sëtzplazen ageholl.

2 700 Spectateuren waren komm. Net grad vill, mee Futtball ass an Wäissrussland laang net esou populär wéi Äishockey. D’Stëmmung war also och éischter moer. Zum Match well ech net vill schreiwen. Mir hunn verdéngt 2-0 verluer, a mengen Aen virun allem wéinst dem Luc Holtz senger falscher Taktik. Woubäi ech kloer umierken well, datt ALL Trainer alt emol Feeler mécht. Ech halen ëmmer nach ganz vill vum Holtz senger Aarbecht.

Am Bus mat den Journalisten ass et herno zeréck op Minsk gaangen.

Mëttwochs sinn mir op Mir gefuer an hunn eis d’Schlass do ugekuckt, wat zum UNESCO World Heritage zielt. Owes hunn mir eis mat enger Wäissrussin getraff, déi den Sven iwwer „couchsurfing“ kennegeléiert huet. Hatt huet nach zwou Frëndinnen matbruecht. Zu aacht gouf et nach een flotten Owend. Mir sinn ee bëssi duerch Minsk gelaf, kruten munches erklärt an hunn duerno eis fäin Guiden op een Owendiessen invitéiert.

Donneschdes hunn mir eis nach den neien Musée iwwert d’Geschicht vum däitsch-sowjeteschen Krich (1941-1945) ugekuckt. Deen ass nawell wierklech impressionant an duerchaus ze recommandéieren.

Freides moies sinn mir nach virun siwen Auer erëm zeréck op Frankfurt geflunn.

Share: