Manic Monday – our fun day?

Just 3 Deeg nom Match géint déi iwwermächteg Spuenier stinn eis Roud Léiwe virum leschten offizielle Match an dësem Joer an dëser Campagne.

Mir wäerten elo (nach) kee Fazit hei zéien, nee, mir wëlle probéieren, nach eng Kéier esou vill Leit wéi méiglech ze mobiliséieren, well um Méindeg kann eis Nationalequipe gläich zwou Saachen erreechen:

a) duerch eng Victoire wier Lëtzebuerg sécher net Leschten an der Grupp

b) duerch eng Victoire hätt Lëtzebuerg ee Punkt méi um Compte wéi an der leschter Campagne. A méi Punkten ze kréie war jo en Zil, dat probéiert gouf fir d’Euro 2016 unzestriewen.

Dobäi treffen d’Roud Léiwen op e Géigner, deen, wat et géint der Enn geet, ufänkt ze strauchelen an eventuell nervös ze ginn. Esou gesäit et op alle Fall aus der Distanz aus. Well op eemol steet eng direkt Qualifikatioun fir d’Slowakei um Spill, well se no 6 Victoiren um Stéck am Optakt vun dëser EM-Qualifikatioun aus de leschte Matcher just ee Punkt kruten an iwwerraschenderweis och en Donneschdeg doheem géint Wäissrussland verluer hunn, géint déi eis Jongen ëmmerhin ee Punkt heiheem kruten.

D’Slowakei steet also fir de Match um Méindeg Owend ënner engem zimlechen Drock. An no der remarquabeler Prestatioun vun der FLF-Selektioun zu Logroño, déi ouni Zweiwel em 2 Goaler ze héich ausgefall ass, kënnen eis Jongen am Fong fräi opspillen. Well wéi si géint d’Nummer 6 an der Weltranglëscht (Nr. 4 an Europa) während iwwer 60 Minutten dergéint gehalen hunn, war beandrockend. Esouguer Chancen op eng Féierung oder den Ausgläich gouf et. Dat war Welten ewech vun där Performance, déi d’Roud Léiwen am Fréijoer an der Slowakei mat 0-2 an der Paus ofgeliwwert haten.

A well mer och déi 2-1 Victoire géint dee selwechte Géigner virun ëmmerhi scho 4 Joer net vergiess hunn, genau esou wéineg wéi den 3-2 géint Nordirland virun 2 Joer, läit et och un eis Zuschauer a Supporter, nach eng Kéier alles ze ginn an zu vill op de Stadion ze kommen, fir der Equipe ze hëllefen, een zweeten a leschten Exploit an der lafender Campagne ze erreechen.

Dofir alles op de Stadion! Ustouss op der Areler Strooss ass um 20h45 – Roude Léiw, Huel Se!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.