6 Minutten ouni Loft

 

Wéi schonn am Himatch hunn ons Léiwen an der éischter Halschent géint d’Slowaken mat hiere geniale Fussballspiller Weiss an Hamsik gelidden. Och am Josy stoung et no 45′ 0-3. 6 Minutte Blackout…
An der zweeter Halschent huet ons Nationalekipp awer Charakter bewissen a waren engem historësche Resultat ganz no.

DeMartin Skrtel (Kapitaen Slowakei #3) kompromisslos im Zweikampf mit David Turpel (Luxemburg #20 - Dave Turpel) / Fussball EM-Qualifikation 2016, European Qualifiers, Saison 2015-2016 / 12.10.2015 / Luxemburg - Slowakei (Luxembourg vs Slovakia) / Stade Josy Barthel, Luxemburg / Foto: Ben Majerus Luc Holtz hatt der sëlweschter Ekipp d’Vertraue geschénkt wéi vrun 3 Deeg a Spuenien. Ausser dem Philipps, deen fir de Malget erakoum, waren déi 10 anner Spiller och zu Logroño um Stéck ( Joubert, Delgado, Chanot, Jans, Payal, Gerson, Kiki Martins, Mutsch, Bensi a Joachim).

An den éischte Minutten huet och alles richtëg gutt ugefangen. D’Slowaken hu sech zimlëch wäit zréck gezunn an hunn de Lëtzebuerger de Ball iwwerlosst. No enger Véierel Stonn hatten Joachim a Jans gudd Chancen den 1-0 eranzeschéissen. De Laurent Jans war an der 6 Minutte aleng vu lénks op de Gol gezunn mä hien huet säi Fuess ze wäit opgemeet sou datt de Ball lanscht d’Këscht geflunn ass. Och dem Stiermer säi Schoss war léider nëmmen knapp lascht de Gol gangen.

Marek Hamsik (Slowakei #17) jubelt, freut sich, Jubel, Freude, ballt die Faust nach dem 0-3 / Fussball EM-Qualifikation 2016, European Qualifiers, Saison 2015-2016 / 12.10.2015 / Luxemburg - Slowakei (Luxembourg vs Slovakia) / Stade Josy Barthel, Luxemburg / Foto: Ben Majerus

Duerno hunn d’Gäscht, déi haut ëm hier Qualifikatioun fir d’EM gespillt hunn, ëmmer besser an de Match fonnt an de Joubert huet missen zwee Mol richtëg gutt agreiwen. No 24 Minutten war d’Äis awer gebrach an den Hamsik huet seng ganz Klass bewissen. Mat enger wonnerschéiner Fainte huet hien de Chanot stoën an dem Joubert mat engem stramme Schoss absolut kéng Chance geloss (0-1). 5 Minutte méi spéit war et um Weiss sëch op riets géint de Jans duerchzesetzen an dem Nemec mat enger flaacher Pass vrun de Gol de Ball um Plateau ze servéieren (0-2). Nëmmen 60 Sekonnen méi spéit huet de Mak dunn op 0-3 erhéischt. D’Slowaken hatten ganz geschéckt op den Ament gewaard wou sech bei onser Ekipp d’Middëgkeet gewissen huet a grousse Kapital dorausser geschloën. Dräi Deeg Paus nom schwéiere Match a Spuenien waren einfach nët duergangen. Op den Nationaltrainer léiwer net méi hätte sollen rotéieren ?

 

Mario Mutsch (Luxemburg #17) erzielt das 1-3 Anschlusstor / Fussball EM-Qualifikation 2016, European Qualifiers, Saison 2015-2016 / 12.10.2015 / Luxemburg - Slowakei (Luxembourg vs Slovakia) / Stade Josy Barthel, Luxemburg / Foto: Ben Majerus

Op jiddefall huet säin Discours an der Paus wonnergewierkt. An der 55 Minutt koum de Malget fir de Payal an de Philipps ass an d’Mëttelfeld erageréckelt. D’Lëtzebuerger sinn ëmmer besser ginn a gouwen duerch e wonnerschéine Wäitschoss vum Mutsch mam 1-3 belount. Nëmmen zwou Minutte méi spéit gouf dunn den Joachim am 16 Meter geluet an den Lars Gerson huet vum 11m Punkt eragesatt (2-3). Trauereg waren déi Szenen déi sëch virdrunner ofgespillt hunn. D’Slowaken, an der Persoun vum Skretl, hu mat alle Mëttel probéiert de Profi vun Sundsvall ze stéieren. Et ass um 16er gedréckt, provozéiert a gestéiert ginn. Mä den “el Duro” huet sech dovunner net beaflosse geloss.

Kevin Malget (Luxemburg #14) legt sich mit Martin Skrtel (Kapitaen Slowakei #3) an - mit Sebastien Thill (Luxemburg #16) / Fussball EM-Qualifikation 2016, European Qualifiers, Saison 2015-2016 / 12.10.2015 / Luxemburg - Slowakei (Luxembourg vs Slovakia) / Stade Josy Barthel, Luxemburg / Foto: Ben Majerus

De Slowaken war et den Ament och net méi gehéier an et huet e gesinn datt se ëmmer méi Angscht krutten dëse Match nach aus der Hand ze ginn. Mat den Entrée’en vun Turpel an Thill huet den Trainer nach alles no vir geworf, mir hu just nach mat dräi Vertéideger gespillt an alles riskéiert. Dem Sébastien Thill séng Rentrée huet dem lëtzebuerger Offensivspill och immens gutt gedoën. Seng Dribblings iwwert déi lénks slowakësch Säit huet hier Ofwier e puer Mol richtëg duercheneen gehäit. Et koum dunn awer annescht wéi erhofft an den Hamsik huet an der éischter Minutt vun der Nospillzäit den 4-2 geschoss.

Grosser Jubel bei den Ersatzspielern und Betreuerstab nach dem 0-1 durch Marek Hamsik (Slowakei #17) / Fussball EM-Qualifikation 2016, European Qualifiers, Saison 2015-2016 / 12.10.2015 / Luxemburg - Slowakei (Luxembourg vs Slovakia) / Stade Josy Barthel, Luxemburg / Foto: Ben Majerus

Wëll Mazedonien sëch d’Punkten mat Wäissrussland gedeelt hunn bléiwwe mir ëmmerhin zweetleschten am Grupp C. D’Slowakei huet sech als zweete vun onsem Grupp fir d’EM 2016 a Frankräich qualifizéiert an d’Freed op slowakëscher Säit huet nom Match kéng Grenze kannt.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.