Um 20:30 bestréiden d’Rout Léiwen e Frënndschaftsmatch géint Portugal am Stade Josy Barthel. Bei desem Testmatch geet et dorëmms déi rezent gutt Leeschtung géint Griicheland ze bestätegen.
Am Virfeld vun deenen zwou Konfrontatiounen hatte mir vill vun onser Nationalekipp erwaart. Trotz dem Prestige déi béid Géigner hunn, wollte mir gesinn dat ons Spiller mat engem postiven Erliewnis aus dem Spilljoer 2015 erauskommen. De Match géint d’Griichen war natierlech dobäi d’Opportunitéit e gutt Resultat z’ereechen. An dem Holtz séng Männer hu geliwwert a bewissen wat alles an der Ekipp stécht. Mat séngem Gol an der Nospillzäit huet den Aurélien Joachim nët nëmmen sech mä och séng Matspiller belount. Et muss en einfach soën dat ons Spiller, an dat an alle Sekteuren, de Griichen iwwerleeë waren an et bal skandaléis gewiescht wier wa mir de Match net gewonnen hätten. E Resultat deen en erhofft hat mä an enger Manéier wéi ons Selektioun zur Läscht net méi un den Dag geluet hat.
Haut den Owend kann en sech zwar e positift Resultat erdreemen mä méi wichtëg wier et wann ons Ekipp mat enger Manéier optrëtt. Géint déi véiertbescht Fussballnatioun op der Welt wärt dëst méi am Defensivsekteur an um Ofwierverhalen vun der ganzer Ekipp laien. Géigeniwwer steet Portugal nämlech mat enger jonker, hongrëger Ekipp an der d’Spiller sech beweise wëllen a sech eng Platz am Kader fir d’EM 2016 erspillen. Dem Cristiano Ronaldo säi Feelen wäert d’Missioun fir d’Lëtzebuerger also net vereinfachen. Et gëllt haut einfach zou ze maachen an kee Gol geschoss ze kreien. Wa mir dest ferdegbrengen dann hu mir schonn extrem vill ereecht. Wann e vun onse Jongen dann an der 91ter e Lach fënnt…