Paradoxon Luc Holtz

De Laurent Schüssler analyséiert gëschter an haut am Wort relativ gutt, wéi de Luc Holtz sech alt selwer an d’Bredouille bréngt matt Aussoen vis-à-vis vun der Press an och dee Moment a Punkto Equipenopstellung. Ouni elo op den Detail anzegoen, hunn ech effektiv heiansdo den Androck, datt munch Opstellung vun engem Spiller (wéi e Freideg Bukvic & Philipps an der Zentralverdeedegung) einfach aus Aktionsismus gemat get oder vläicht fir esouguer der Press, déi vläicht gutt analyséiert, ze weisen wie Chef ass. Dat ass natirlech schwéier ze beweisen, fest steht awer, datt vill Leit vu bausse fannen, datt net ëmmer déi stärksten 11 um Terrain steht.

Dat Thema gouf et no Malta, no Georgien an och elo nom 1.Match géint Israel, op mannst wat d’Verdeedegung betrëfft. Donieft verblüfft, datt den Trainer sech opreecht, datt den Dan Da Mota eréischt als 3. 11m-Schütze virgesi war an him dann ëffentlech virwerft, et géifen Hierarchien net respektéiert ginn. D’Äntwert gët den Dan Da Mota dann och erëm iwwer d’Press. Et bleift ze hoffen, datt déi Saachen intern beschwat ginn, well soss get et awer e sérieux’e Problem.

Natirlech huet de Luc Holtz Recht, datt hie seet, de ganze Block hätt ze héich am 1.Match géint Israel agéiert. Mä wien ass dann dofir verantwortlech, wien huet de Spiller dat gesot? A wann den Trainer et net gesot huet, huet hien de Problem, datt hien d’Equipe entweder net erreecht oder si hien net versteht. Esou oder esou e schwéiere Problem.

An dann war hie jo net onschëlleg drun, wann d’Equipe net méi mat de Féiss um Buedem stoung. An Nordirland hätt et och kënnen eng bei d’Läffele ginn, mä eise Défence huet dunn op mannst eng anstänneg Abseitsfal praktizéiert. Trotzdem gouf genuch Verbesserungspunkten an der 1.Halschent zu Belfast. Mä dann gët iwwer d’Press gelästert amplaz niichter ze analyséieren. Kloer, Nordirland huet stoësch ëmmer dat selwecht gespillt an iergendwann sinn d’Roud Léiwen do derhannert komm.

Sécher ass awer och richteg, datt net alles därf schlecht geriet ginn. Mä et gehéiert och net alles an d’Ëffentlechkeet (wéi uewen beschriwwen d’Geschicht mam 11m géint Israel). Mä eng gewësse Verbruetheet huet näischt do ze sichen an déi hat z.B. de Guy Hellers wat d’Equipe an d’Press ubelaangt nie (vläicht op aaneren Niveauen an der FLF, mä dat ass elo hei Off-Topic). Dogéint huet de Luc Holtz méi Courage, fir méi offensiv opzestellen. Dat ass jo och schéin a gutt, mä da muss een am Fall, wou een an d’oppe Messer leeft, och dozou stoen an d’Schold op sech selwer huelen.

Dowéinst weess een nie, wou ee mam Luc Holtz drun ass. An dat däerf net um Réck vun der Equipe, der FLF an em Lëtzebuerger Fussball geschéien. Allez Lëtzebuerg!

2 thoughts on “Paradoxon Luc Holtz

  1. Wichtel 17. Oktober 2012 at 09:02

    Haut am Wort erëm Aussoen déi komplett paradox sinn. Ech hunn d’Gefill, wéi wann d’Loft ronderëm de Luc Holtz ufänkt méi dënn ze ginn.

    “Wieso sollen wir über die erste Halbzeit reden” – wat soll dat? Dat ass Beweis, datt den Trainer am Moment leider zimlech dënnheiteg ass a vläicht och ratlos.

    De C.Leweck (onofhängeg dovun, ob hien iwwerhapt nach eppes an der Nationalequipe ze sichen huet) seet, datt mer tatsächlech ze déif stoungen. Mä dat wieren d’Uweisunge gewiescht, zemols nodeems mer e Freideg, well mer ze héich stoungen, an d’oppe Messer gelaf sinn.

    An dann: “auf die Frage wieso er (René Peters) am Freitag nicht auf der Ersatzbank, sondern nur auf der Tribüne saß, [hatte] er nur eine nichtssagende Antwort und ein schwaches Lächeln übrig […]”.

    E Freideg stounge mer ze héich an net kompakt genuch a gëschter ze déif, awer kompakt an an der 2.Halschent erëm méi héich awer weiderhinn kompakt. Do fehlt mer eng kloer Linn dran.

    Wéi de Strasser sot: firwat 4-2-3-1 (oder méi einfach 4-5-1) spillen, wa sws. e Fligelspiller muss hannen hëllefen? Da kann een och direkt 5-4-1 spillen…

    Antworten
  2. luxpjamer 17. Oktober 2012 at 11:43

    Ëch wees nët op den Luc H. nach ganz an der Realitéit as. Am Quotidien félicitéiert en sëch fir an der “zweeter Halschent eng méi Offensif Equip op d’Feld” gescheckt ze hun.
    Ëch gleewen kaum daat deen Mérite him gehéiert mee daat onst “offensiv Féierwierk” d’Résultat vun den Israeli hierem Lay Back Football nom 3-0 war.
    An elo huet en sëch och nach mam Joachim an d’Hoer kritt. Hien reprochéiert him en schlechten Asaatz an sott zu def Equip daat sie ” nemmen zu 10 an der éischter Halschent gespillt hun”.
    Wéi kann et sinn daat Lëtzebuerg sëch vun 2 Profien enthällt ?
    De Lars war de Freiden BESCHTEN Lëtzebuerger um Terrain an a sengem jonken Alter wier eng geweseen Konstanz nët schlecht.
    Ëch fannen dem Nationaltrainer séng Féierung mat de Spiller desolat !

    Antworten

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.