2016 – en éischten Ausbléck

Fir d’alleréischt wënschen ech, am Numm vun der ganzer Ekipp vum Huelse, vun dëser Plaz aus all eise Lieser vill Gléck am neie Joer.

D’Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft a Frankräich ass eriwwer, an d’Lëtzebuerger A-Nationalekipp wiert deemno bis de Summer just Frëndschaftsmätcher spillen. Fir de 25.Mäerz 2016 steet mat Bosnien-Herzegovina schon en éischten attraktive Géigner fest. Och wann Dzeko, Pjanic a co. net op der Europameeschterschaft derbäi wierte sinn, ass dësst mat Sëcherheet e Géigner, dee vill Zuschauer op d’Arëler Strooss wiert lackelen.

Do virdrun ass laut Kalenner op flf.lu schon de 16.Mäerz en Testmätch geplangt, den 29.Mäerz soll et zu engem weideren internationale Frëndschaftsmätch kommen. Géigner fir dëss zwee Rendez-Vousen stinn awer nach net fest.

Traditionell sinn d’Woche virun engem groussen Turnéier fir d’Lëtzebuerger eng gutt Geleenheet, Frëndschaftsmätcher géint „déi Grouss“ ze maachen, déi un der EM oder WM deelhuelen. 2014 goufen et esou zum Beispill Frëndschaftsmätcher géint d’Belsch an Italien. Am Kalenner vun der FLF sinn den 1.Juni an de 7.Juni heifir virgesinn, déi Datumer sinn awer sëcherlech net a Steen gemeesselt.

Bei den Dammen a bei der U21 stinn awer am Fréijoer 2016 och Qualifikatiounsmätcher um Programm. Ugangs Abrëll spillen d’Dammen en Tour Préliminaire fir d’Europameeschterschaft 2017 a Moldawien. Niewt enger Partie géint Moldawien wierten d’Rout Léiwinnen et mat Lettland a Litauen ze di kréien.

Och d’Qualifikatioun fir d’U21 geet 2016 weider. Hei stinn Heemmätcher am Mäerz Heemmätcher géint Dänemark a Bulgarien um Programm. Weider geet et am September mat Auswäertsmätcher a Wales a Rumänien, ier dann am Oktober en Heemmätch géint Armenien an en Auswäertsmätch an Dänemark gespillt ginn.

No der Summerpaus geet dann d’Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft 2018 a Russland lass. D’Auslousung fir d’Gruppephas huet Lëtzebuerg eng Rei attraktiv, awer dowéinst och schwéier Mätcher abruecht.

Lass geet et de 6.September 2016 mat engem Mätch auswäerts a Bulgarien. E „Fouermätch“ doheem ass de Roude Léiwen an hire Supporter dësst Joer leider net vergönnt.

Weider geet et de 7.Oktober 2016 mat engem Heemmätch géint d’Schweden. Fir d’éischte Kéier säit 17 Joer treffe béid Ekippen erem openeen. Mat 0-1 hu Stefan Schwarz, Henrik Larsson a co. 1999 dat lescht Duell tëscht Lëtzebuerg a Schweden op der Arëler Strooss gewonn.

„The same procedure as last year Miss Sophie?“ „The same procedure as every year James!“ … och 2016 spillt Lëtzebuerg erëm a Wäissrussland. Den 10.Oktober ass et esou wäit.

De leschten offizielle Mätch vum Joer spillen d’Rout Léiwen dann den 13.Novemeber 2016 géint Holland. No der blamabeler EM-Qualifikatiounscampagne, wou d’Hollänner als amtéierende WM-Drëtten grad emol 13 Punkten aus 10 Mätcher geholl hunn bleiwt ofzewaarden, op d’WM-(Qualifikatioun???) 2018 e lescht Schaulaufen vun der Generatioun Sneijder-Robben gëtt oder ob elo e groussen Embroch kënnt. Esou oder esou ass dervun auszegoen, dass d’Arëler Strooss sonndes, den 13.November ausverkaaft wiert sinn.

Wat bréngt 2016 also fir d’Rout Léiwen?

Wéi den dänesche Physiker Niels Bohr (héchstwahrscheinlech) emol gesot huet: „Prediction is very difficult. Especially if it is about the future“… a gutt 360 Deeg wësse mer méi!

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.