Zeeche gesatt !

D’Männer ëm de Capo Batty B. Maachen wäerend den 90 Minutte vun haut keen aktive Support fir ons A-Ekipp. A platz gëtt haut ons U21 ugeféiert.

Dëse Boykott ass d’Resultat vun enger Onzefriddenheet vis-à-vis vum Gros vun den Nationalspiller. D’Spiller maachen sech an der lescht relativ schnell an d’Vestiaire a vergiessen de Supporter e Merci entgéint ze brengen. Dëst wier lo schonn e puer mol virkomm an et wier net méi acceptable.

Firwat ?

Fan vun der lëtzebuerger Nationalekipp ze sinn ass alles anescht wéi normal an einfach. Nieft de sëllechen Suen déi een fir déi vill Reesen a Billjeeën ausgëtt, de Stonnen déi een opfert an de Resultaten ass déi schlëmmsten “Niewewirkung” déi datt en bei de meeschten als “verréckt” oder “mëll” gëllt.

Ech setzen mat menge Kollegen op der Tridefa a sinn oft a batterer Ënnerzuel wëll nieft ons Gäschtefans plaatzgeholl hunn.
De leschte Freiden bei de Nationalhymnen hu 95% vun onser Nopperschaft bei der bosnëscher matgesongen. Alles Normal. Bei der Heemecht hu mir zu 15 Mann matgesongen a goufen amuséiert vun de Lëtzebuerger ugekuckt an d’Bosnier hunn zu dosenden den Handy erausgeholl fir ons ze filmen. Mir sinn Fussballexoten !

Den M-Block dräift dëst nach méi wäit. Wann se an engem Spill am Märs bei 8 Grad zu 30 Stéck mat fräiem Uerwerkierper probéieren géint 400 BH Fanaticos ze sangen da verdéngt dat ëben Respekt.
Oder eben nëmmen d’Spiller déi engem nom Match Merci soen, klaapen oder wénken.

Paul Philipp (Praesident FLF - Fussballverband Luxemburg) / Fussball, Freundschaftsspiel, Laenderspiel, Testspiel, Saison 2015-2016 / 25.03.2016 / Luxemburg - Bosnien-Herzegovina (Luxembourg vs Bosnia and Herzegovina) / Stade Josy Barthel, Luxemburg / Foto: Ben Majerus
Paul Philipp (Präsident FLF)

D’Nationalequipe an d’Federatioun hunn och prompt réagéiert a sech fir dat Fehlverhalen entschëllegt. Et muss en dozou soën datt d’FLF sech am grousse Ganzen seng Fans ganz gutt pflegt an ëmmer en opent Ouer fir d’Supporter huet. Déi wéineg déi mat an d’Ausland reesen wësse ganz genee datt et an anner Länner onméiglëch wier esou enk Bezéihungen zu Offiziellen a Spiller ze hunn. Ofhänken am Spillerhotel ? Kee Problem ! Dem Nationaltrainer Virschléi oder Kritikpunkte matdeelen ? Schonn alles geschitt ! Mat Spiller zesumme féieren ? Ok, kéng wéider Détailler dir verstidd schonn …
image

Och bei de Spiller sinn déi meescht ganz oppen a fäin. En Trikot fir de Bouf, eng Photo mat der Bom, e Gebuertsdagswonsch op Facebook liken (oder esouguer verschécken) vun all deem kann en berichten.

Et ass trotzdem wichtëg dat den M-Block sech géint déi Tendenz wiert ier et zur Normalitéit gëtt.

Lëtzebuerg dierf deen eenzegartegen Droht zwësche Spiller a Fan net verléieren.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

One thought on “Zeeche gesatt !

  1. Marc Mertens 30. März 2016 at 08:40

    “Bei der Heemecht hu mir zu 15 Mann matgesongen a goufen amuséiert vun de Lëtzebuerger ugekuckt” Dat stëmmt leider voll a ganz, ech war jo och ee vun deene 15 Mann. Wat ech nach méi schlëmm fond hu wéi domm bekuckt ze gin war eng Fra déi e puer Reien ënner eis stoung an am Plaatz matzesangen just en toopgege Kommentar ofgin huet dass mer net am Rhythmus wieren. Armséilech.

    Antworten

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.