Engem Bericht aus dem Tageblatt no hätt den Vincent Thill sech fir e Wiessel bei den FC Bayern München entscheed.
Lues a lues soll de Lëtzebuerger un d’Profiekipp gefouert ginn an am Ufank an de Jugendekippen vum Championsleague Halleffinalist an Asatz kommen.
De 16 jäeregen lëtzebuerger Prodige steet vrun engem Wiessel zum däitsche Rekordmeeschter fir ganzer dräi Saison’en mä ab wéini ass d’Fro.
Den FC Metz, wou den Thill nach Kontrakt bis 2018 ( + 2 Joer Optioun) huet, wier net gewëllt hiert Talent goën ze loossen. Et wärt sech hei awer nëmmen ëm den Ufank vun de Négociatiounen handelen. De louthrénger Veräin steet finanziell net gutt do an et gëtt gemunckelt datt se bei enger Oflosssomm vu 5 Milliounen averstaane wieren hiere Spiller goen ze loossen.
De Vincent Thill erfëllt sech mat deem Wiessel e Kandheetsdraam. Wéivill Lëtzebuerger hunn als Kand a Bayernbettwäsch geschloff a vun enger Carrière beim “Rekordmeister” gedreemt. De “Vinc” ass de Beweiss dat Dreem an Erfëllung goe kennen.