Et war net dat beschte Lëtzebuerg, wat mer um Dënschden am Testmatch géint d’Super Eagles ze gesi kruten. Trotzdem gouf et eng Rei Erkenntnisser, een Debütant an ee flotte Gol.
Et huet schonn ebessen traureg ausgesinn, 10 Minutte virum Upëff: trotz gratis Entree waren d’Tribünen zum Groussdeel eidel, an et huet ee sëch gefrot, ob d’Zuschauerzuel iwwerhapt véierstelleg géif ginn. Um Enn waren et awer gutt 1 800 Leit, déi de Wee an de Josy Barthel fonnt haten, an – zum Gléck – och drechen heem gaange sinn.
De Luc Holtz hat seng Drohung wouer gemaach an de Christopher Martins an d’Innenverteidegung, niewt de Maxime Chanot gesat. De Mathias Jänisch stoung no 9 Méint nees an der Startopstellung op senger gewinnter Plaz als Lénksverteideger, de Laurent Jans op rechts huet d’Véirerketten komplettéiert. Am Mëttelfeld hu Gerson a Philipps zentral, de Bensi op lénks an de Mario Mutsch zentral offensif gespillt, während op lénks de Florian Bohnert mat sengen 18 Joer zu sengem Debüt koum. Eenzeg Spëtzt war ufanks den Aurélien Joachim.
An den éischte Minutten war et een ausgeglachene Match an d’Roud Léiwen haten duerch de Mutsch och eng, wann och harmlos, Golchance. Kuerz drop haten d’Nigerianer bannen 3 Minutten awer zwou Geleenheeten, fir a Féierung ze goen, dat duerch den Iwobi (iwwert de Gol) an Umar (Säitfallzéier lanscht de Gol).
Bei de Lëtzebuerger huet et am Spill no fiir un der Agespilltheet gefeelt: ze oft goungen d’Päss an de falsche Raum oder souguer dem Géigner an d’Féiss. An der Ofwier gouf sech iwwerdeems oft selwer an d’Bedrouille bruecht, entweder duerch riskant Réckpäss op de Moris, oder duerch onnéideg Ballverloschter, sou z.B. wéi de Jans sech quasi selwer ausgedanzt huet, nodeems en dem Echiejile de Ball eigentlech schonn ofgeholl hat. Interessant ze gesinn war dem Martins seng Prestatioun an der Verteidegung: hien huet eng Rei wichteg Zweekämpf gewonn, an sech déi eng oder aner Kéier no viir gewot. An deene Momenter huet de Philipps sech dann zréckfale gelooss an huet ofgesëchert. Trotzdem huet dem Kiki seng Präsenz an der Offensif gefeelt.
An der 35. Minutt sollten d’Gäscht dunn a Féierung goen: vertéischt léisst de Jans sëch vum Umar ausspillen, deen zitt Richtung Gollinn; och dem Chanot sain energeschen Zweekampf kann hien net stoppen. Seng Pass an de Réck vun der Ofwier kënnt bei de staarken Onazim dee vun der Strofgraumgrenz ofzitt. De Moris kann de Ball zwar ofklatschen, dee fällt dem Brown Ideye virun d’Féiss, deen ouni Problemer aus kuerzer Distanz erasetzt.
Virun der Paus hat Lëtzebuerg nach eng Geleenheet no engem Corner vum Gerson: den ofgewierte Ball landt beim Martins, deem sai Schlenzer op de laangen Eck war awer net plazéiert genuch. Am Géigenzuch probéiert den Iheanacho et aus der Distanz, de Moris kann awer paréieren. Dëst sollt déi läscht Aktioun virun der Paus sinn.
Nom Téi war dem Florian Bohnert sain éischten Asaz eriwwer, fir hie koum de Maurice Deville, deen awer och keng gréisser Akzenter sollt setzen. Et waren nämlech weiderhinn d’Nigerianer, déi den Toun uginn hunn, an no 68 Minutten och nach grousszügeg beschenkt goufen. Vertéischt muss de Moris, no enger vun deene schonn ugeschwatene Réckpassen, seng Dribbelkënscht am 5-Meter auspaken, fir den Ideye ze emspillen; e wéineg méi spéit spillt hien, erem no enger Réckpass, dem Simon Moses de Ball den Fouss, deen dunn riwwerleet op den Iheanacho – et steet 0:2.
Iwwerdeems war de Vincent Thill agewiesselt ginn a sou zu sengem zweete Lännermatch komm. Hien huet direkt Androck hannerlooss: e puer flott Dribblings, engagéiert Grätschen an e gutt Aan, sou bei sengem herrlechen 40-Meter-Säitewiessel an de Fouss vum Maurice Deville. Dat jonkt Talent sollt kuerz viru Schluss dann och fir säin éischten Highlight suergen: den Aurelien Joachim stibitzt dem Verteideger Omeruo de Ball, zitt richtung Gol a leeft um 16er de Ball eriwwer op den Thill, dee mat sengem lénke Fouss de Ball un engem Verteideger a Golkeeper lanscht an de Gol setze sollt. Bei sengem uschléissende Jubel huet ee quasi gesinn, wat fir eng riise Laascht deem jonke Borscht vun de Schëllere gefal ass – no der ganzer Geschicht em de geplangte Wiessel bei Bayern München an der Vertragsverlängerung beim FC Metz.
Wien elo nach un ee Remis gegleeft huet, gouf um Enn awer enttäuscht. Vertéischt haat de Babatunde op Konter nach eng Golchance, säi Schoss gouf awer vum Moris paréiert. Sekonnen duerno huet Lëtzebuerg een Aworf op der Héicht vum géigneresche 16-Meter; de Ball gett awer geklärt, den Iheanacho leeft jidderengem fort an leet riwwer op den Ighalo, deen de Moris auskuckt – 1:3.
Um Enn erem een ernüchternde Match, wou d’individuell Feeler bestroft goufen. D’Ballbesëtzverhältnis vun 31:69% seet vill aus: d’Roud Léiwe ware wäit vun hire Galavirstellungen aus de leschte Joeren ewech. Doniewt konnt den Antony Moris sech geschter nach net fir dem Jonathan Joubert seng Plaz empfehlen: ze vill Onsecherheeten ware gëscht a sengem Spill, och wann der vill dovunner vu senge Matspiller verursaacht goufen. Och wann de Luc Holtz am Virfeld gemengt huet, dass d’Plazen am Grupp deier géife ginn: mat Ausnahm vum Vincent Thill konnt geschter kee vun de “Reservisten” dem Spill säi Stempel opdrécken. Et wier allerdings och nach interessant gewiescht, déi aaner Newcomer am Kader (Tim Hall, Edvin Muratovic, Pit Simon, Eric Veiga) spillen ze gesinn. Trotzdem: d’FLF-Ersatzbänk hat geschter een Altersduerchschnëtt vun 20,6 Joer; insgesamt waren 8 Spiller enner 20 Joer am Kader, deenen d’Zukunft vun der FLF-Selektioun gehéiert. An an deem Alter kann ee jo bekanntlech nach vill léieren!
Wien de Match net gesinn huet oder nach engkéier kucke well, fënnt hei de Replay.
Nächste Rendez-vous ass de 2. September zu Riga, wou et am Frëndschaftsmatch géint Lettland geet. Déi Woch drop start d’WM-Quali mat dem Auswäertsmatch a Bulgarien.