Huelse-netsoueescht: D’Supporter op der Europameeschterschaft…

All zwee Joer, irgendwann tëscht de Barragemätcher (dat ass, wa 1492 Zuschauer verzweifelt zu Kanech no enger Parkplaz sichen) an der Qualifikatioun fir d’Coupe d’Europe (dat ass, wa viru 634 Leit am Nosbaumstadion zu Diddeléng d’Champions League Hymn ertéint) mutéieren op eng erstaunlech Manéier fir e Mount all Leit zu Fussballsexperten. Dat ass e Phänomen, dat een och, awer bei wäitem net nëmmen, hei am Land huet. D’soziologesch Fakultéit vun huelse.lu huet déi verschidde Supporter-Typen analyséiert a kategoriséiert, an ass elo frou Iech kënnen éischt Resultater vun eiser Etude ze publizéieren.

 

maracana2

 

1) Alleskucker

Dëss Supporter maachen e Mount laang eigentlech soss net vill ewéi Fussball kucken. Tëscht de Mätcher iwwerbrécken se d’Zäit virun allem dermatt sech mat Gläichgesënnten, entweder am richtege Liewen oder um Internet, ze ënnerhalen, oder sech iwwert déi nächst Mätcher ze informéieren.

Meeschtens sinn dëss Supporter Studenten oder soss Leit déi net vill ze schaffen hunn. Wou d’Mätcher gekuckt ginn, ass dëse Supporter amfong egal, mee d’Mätcher ze verpassen, a wann et och “nëmmen” Island géint Ungarn ass, kënnt absolut net an d’Fro. No baussen weist dësen Typ Supporter vill Toleranz allen anere Supporter géigeniwwer, hält se awer anno fir sech, spéitstens wann se mat sou muedebëtzegen Excusen am Genre „mäi Brudder ass e Samsdeg bestued ginn, do hunn ech kee vun den 3 Mätcher gesinn“ kommen fir ahnungslos Ignoranten.

 

2) Schwarz-Rot-Geil!

Dësen Typ Supporter hält am Prinzip fir e Bundesligaveräin dee vill däitsch Nationalspiller stellt, meeschtens aus der bayrescher Landeshaaptstad, an anere Fäll awer aus dem östleche Ruhrgebidd. Amfong interesséiert en sech während der WM oder EM nëmme fir d’Mätcher mat däitscher Bedeelegung. Vun der däitscher Nationalekipp schwätzt e grondsätzlech an der éischter Persoun Pluriel, „mir“ – respektiv um Twitter wir(fuer4). D’Mätcher vun der DFB-Elf kuckt en prinzipiell zu Tréier, well zu Lëtzebuerg fir seng Begrëffer vill ze vill Leit géint Däitschland am Fussball sinn.

Déi Leit sollte senger Meenung no konsequent sinn a wann se scho keng schwaarz-rout-giel Hülsen ronderem d’Spigelen vun hirem Auto wëlle maachen, da sollen se och ni méi op Tréier akafe goen, ënner guer kengen Emstänn en däitschen Auto kafen a virun allem och ni méi eng Minutt Bundesliga kucken.

Net selten taucht en owes um Public Viewing zu Lëtzebuerg op, awer amfong just fir den zweete Mätch vum Dag wann Däitschland den éischte Mätch am Virowend oder Nomëtteg gewonn huet. Um Public Viewing kuckt en de Mätch amfong och net, mee erkläert frieme Leit firwat Däitschland et verdéngt hätt den Tournoi ze gewannen.

Wann Däitschland e Gol schéisst gëtt direkt de Facebookstatus aktualiséiert. Do kënnt da just de Vir- oder Spëtznumm vum Spiller deen de Gol geschoss huet histoen, de leschte Buchstaw gëtt awer mindestens 5mol widderholl. (Bsp. „Mariooooooooo!“ oder „Schweiniiiiiii!“)

3) de Patriot

Hien interesséiert sech amfong fir Fussball, kann awer mat der EM net wierklech vill ufänken, well hien sech am Sport virun allem fir d’Performancen vun de Lëtzebuerger interesséiert. D’Welt- oder d’Europameeschterschaft ass awer duerchaus wëllkomm fir d’Waardezäit tëscht dem Giro d’Italia an dem Tour de France ze iwwerbrécken. Sollt zäitgläich mat engem EM-Mätch eng Honneraachtanzwantegstelsfinall vun engem Tennisturnéier mat Bedeelegung vun engem Lëtzebuerger sinn gëtt selbstverständlech den Tennis gekuckt.

Dësen Typ vu Supporter hält amfong fir keng Ekipp op der EM, sympathiséiert awer duerchaus mat deene „klengen“ Ekippen… 2016 wuel virun allem Länner ewéi Island oder Nordirland. Duerchaus liwwert en sech, am Café oder um Internet, gären emol hëtzeg Diskussiounen mam „schwarz-rot-geil“-Fan. Besonnesch Mätcher mat däitscher Bedeelegung kuckt en virun allem op franséichsproochege Senderen well et dat „saudommt Gesabbels vun deene preisesche Reporter“ einfach net verdréit.

4) Den Duerffussballfan

Ähnlech wéi fir de Patriot gëtt et fir hien just eng Ekipp… allerdéngs ass dat net d’Lëtzebuerger Nationalekipp, déi interesséiert en net an där reprochéiert en och net ongär Star-Allüren, mee säin Duerfveräin… oft en Ofstiegskandidat aus der zweeter Divsioun.

Dat ass deen eenzege Veräin dee fir hien am Fussball zielt. Do zeechent en den Terrain, spillt zweet Ekipp (meeschtens Libero), trainéiert d’Scolairen a steet hannert der Zapanlag oder dem Grill bei de Mätcher vun der éischter Ekipp sonndes. Säit 1993 huet ee keen Mätch méi vun der lokaler éischter Ekipp verpasst (deemols louch en am Spidol an den Dokter wollt e partout net op den Auswäertsmätch op Hepperdang fuere loossen, do war näischt ze wëllen)… mee nach méi wichteg wéi d’Mätcher vum Veräin sinn d’Mullenowender, d’Quetschefester, de Fuesbal an de Beaujolaisowend.

Ob en d’EM kuckt hängt am wesentlechen dovun of ob säi Veräin eng Buvette huet wou d’Mätcher gewise ginn oder net… wa jo, steet en do hannert dem Comptoir a kuckt alt och emol heinsdo op den Ecran, wann net da profitéiert e gären vun der fräier Zäit während der WM oder EM fir mat der Famill an d’Vakanz ze fueren – natierlech net ouni all drëtten Dag heem op d’Gemeng unzeruffen fir nozefroen ob den Terrain duerch de ville Reen (oder d’Hëtzt) net zevill zu schued komm ass.

5) Opfer vun Tippspill a Sportwetten

Dëss Zort vu Supporter gesäit Fussball eigentlech als e Mëttel zum Zweck un: Mätcher tippen fir Suen ze gewannen an nach vill méi fir Recht ze hunn. Wann d’Quot stëmmt kann duerchaus eng iwweraschend Victoire vun der Slowakei an engem Gruppemätch fir dëss Zort Supporter den Highlight vun der EM ginn, soufern en de Mätch richteg getippt huet.

„Ech hunn iech dach gesot dass Italien d’Grupp net iwwersteet“ ass zum Beispill e Saz deen een während der WM a Brasilien gär vun sou Supporter héieren huet… dass se op eng Finall England-Spuenien getippt hunn verschweigen se engem awer konsequent.

Wann ee mat dëser Zort vu Fan e Mätch zësummen ukuckt, kënnt et heinsdo zu gelungenen Szenen, déi een ouni Kontext net versteet… sou kann et zum Beispill sinn, dass en sech rieseg iwwer eng giel Kaart tëscht der 11. an der 20.Minutt freet.

Interessant ass hei, dass dëss Zort Supporter sech selwer fir grouss Experten hält an ënner engem ausgeprägte „Self-Attribution Bias“ leiden: wann se Recht hunn mat hirer Wett ass et all Kéier hire Verdéngscht, wann se sech ieren war et Pech oder äusserlech Emstänn, alle virop Fehlentscheedunge vum Abitter (déi awer, wann e Mätch richteg getippt gouf, selbstverständlech mat akalkuléiert waren)

6) De Sëffer

Fussball ass u sech egal, mee eng WM ass eng gutt Geleenheet fir hien fir ënnert d’Leit ze kommen, ze grillen an a geselleger Ronn een oder e léiwer nach puer Pätt ze huelen. Net selten keeft dëss Zort vu Fan fir d’WM oder d’EM Béier aus dem Land vun der Ekipp déi grad deen Dag e Mätch huet, ganz gär awer och méi haart Saachen wéi Béier. En ellenen Dag fir vill vun dëse Supporter war 2014 beispillsweis d’Aachtelsfinall Holland géint Mexiko, wou der net wéineg am spéide Sonndegnomëtteg Jenever mat Tequila gemëscht hunn, d’autant plus hunn déi Temperaturen an di Loftfiichtegkeet zu Fortaleza derfir gesuergt dass ee suguer virun der Tele vum Nokucken duuschtreg ginn ass…

Wou de Mätch gekuckt gëtt, ass dëse Supporter amfong egal… gären ofwiesselend am Café, um Public Viewing an virun allem och op Grillowender bei sech oder engem Kolleg doheem.

D’Mätcher mat Drénkspiller („bei all gieler Kaart drénke mer eng Drëpp, bei all Aworf exe mer e Béier“) ze kombinéieren ass duerchaus beleiwt…

Wéi d’Mätcher ausginn interesséiert en net, oft schléift en och virum Ofpëff an… mee Fussball ass jo och net dat wichtegst am Liewen…

7) Den Nostalgiker

E kuckt nach Fussball, stellt awer scho säit Joren fest dass déi Turnéier vu Kéier zu Kéier méi null ginn. „Fréier war alles besser“ ass säi Credo. D’Spiller konnten nach kämpfen, haten keng sou idiotesch faarweg Schong, hunn an den Interviewen nach Kraaftausdréck benotzt an dee blöde Spray vum Abitter ass, wann iwwerhaapt, benotzt ginn fir de Baart ze maachen. Meeschtens hält en op groussen Turnéier fir eng Ekipp net all ze wäit vu Lëtzebuerg eweg, oft en Nopeschland, duerchaus awer och soss eng grouss europäesch Fussballsnatioun ewéi England oder Italien. Vu „senger“ Ekipp a vu sengem Alter hängt of ween d’Protagonisten a séngen éiwege Geschichte vu fréier sinn.

Am Fall vu engem Frankräichfan deen grad emol 30 Joer huet missten déi Zidane, Deschamps, Petit, Karembeu a Barthez heeschen, bei engem Däitschlandfan déi Säit der Midlife Crisis éischter Müller (net dee Schnuddeler deen haut matspillt, mee de richtege(!) Müller), Overath, Vogts a Beckenbauer.

E kuckt och alt Mätcher doheem, geet awer eigentlech léiwer an de Café d’Mätcher kucken… do wielt en sech Opfer eraus…soubal dat Opfer e Feler mëcht (Bléckkontakt mam Nostalgiker, nach schlëmmer ass uschwätzen!) schléit den Nostalgiker zou a philosophéiert iwwer eng Europameeschterschafterschaftshalleffinall vun Nonzénghonnertansouvill…

Wann en de Café (endlech) verléisst grommelt en awer nach eppes dass et Wahnsinn ass dass e Mini anzwëschen Zäit „honnertzwanzeg Frang“ kascht! Dëss Nostalgiker fënnt een och am Lëtzebuerger Veräinsfussball. Do stinn se meeschtens un der Cloture an zielen, wéi se fréier hier eege Corneren an de Gol gekäppt hunn oder mat nëmmen 2 Ballkontakter en Hattrick markéiert hunn. A wann se sech deemols, mat 17 Joer, déi déck Zéif net gebrach hätten wieren se mat Sëcherheet an d’Nationalekipp beruff ginn.

8) de Kritiker

Hien stëcht bei der Welt- an Europameeschterschaft an engem wierklechen Dilemma. Op där enger Säit interesséiert en sech absolut fir Fussball an de Verlaf vum Turnéier. Op där anerer Säit ass en awer degoutéiert vun de Funktionären am internationale Fussball, fënnt et moralesch absolut net acceptabel eng Welt- oder Europameeschterschaft meeschterschaft a Südafrika, der Ukraine, Brasilien, Russland oder Katar ze spillen (wouriwwer en sech stonnelaang kann opregen!)…. Och falen, wann en sech iwwert d’WM oder d’EM opreegt ëmmer rem Wieder wéi „Bedruch“, „Korruptioun“ oder „politesch Instrumentaliséierung.“

Virun der WM oder EM trëtt en diverse Facebookgruppen bäi, déi opruffen den Tournoi ze boykottéieren, d’Gruppemätcher kuckt en heemlech, duerno kënnt dann awer duerchaus e bëssen Euphorie op soulaang „seng“ Ekipp am Tournoi ass. Soubal déi eraus sinn ass et awer rem net an der Rei dass sou vill Quadratkilometer Urwald am Amazonasgebidd ofgeholzt ginn oder d’franséich Sëcherheetsdéngschter Iwwerstonne musse maachen.

9) Den Event-Fan

Dëss Zort vun EM a WM Fans si keng Fussballfans am eigentleche Sënn. Vum Méindeg no der Finall vum groussen Tournoi bis puer Woche virum Eröffnungsmätch hunn se eigentlech näischt mam Fussball um Hutt. Op de groussen Turnéier sinn se da bekennend Supporter vun enger grousser Ekipp – op der EM gären Däitschland, England, Frankräich, Spuenien oder Holland… op der WM duerchaus och Brasilien.

Vun där Ekipp kafen se sech dann en Trikot fir knapp 100 Euro a féiwere mat! Et erkennt een se gutt drun dass se oft komesch Geräicher maachen, déi ee bei anere Fussballfans amfong sou net kennt, wann hir Ekipp grad kuerz virdrun ass e Gol ze schéissen oder grad riskéiert e Gol geschoss ze kréien. Vill méi einfach erkennt een dëss Zort Supporter an de Café’en a beim Public Viewing awer un der Krichsbemolung an hirem Gesiicht.

Charakteristesch fir dëss Supporter ass och de Fait, dass se vun „hirer“ Ekipp 4 Spiller kennen, wouvun sech dann awer erausstellt dass ee bis zwee vun deene Spiller net am aktuelle Kader sinn… (am Fall vun engem Frankräichfan wieren déi 4 Spiller z.B. Ribéry, Griezmann, Pogba, Benzema, bei engem Däitschlandfan z.B. Klose, Lahm, Schweinsteiger a Ballack).

Ee grousse Virdeel hunn dëss Supporter allen anere Fussballfans géigeniwwer: wann hir Ekipp eraus ass (oder soubal se festgestallt hunn dass Holland guer net derbäi ass), sichen se sech eng nei… oft en Aussensäiter deen et irgendwéi iwweraschend bis an d’Halleffinall gepackt huet… Trikoten fir op de Public Viewing kritt ee während dem Tournoi an all Sportsgeschäft – a Stëfter fir Fändelen op d’Baken ze molen ginn et och an alle Faarwen…

 

An deem Sënn wënsche mer Iech alleguer eng flott Europameeschterschaft – an den Duerffussballfans aus dem Land eng erhuelsam Vakanz!

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.