Den Island-Modell
Ausbildung als Schlëssel vum Erfolleg.
Et ass ee regelrecht Mäerchen datt sech bei der Euro 2016 a Frankräich ofspillt, Island huet de Sprong bis an d’Véierelsfinall gepackt. Mat hiren heldenhafte Leeschtungen hu se sech an d’Häerzer vu ville Fussballfan gespillt a gëlle bei villen “Fussballzwergenatiounen” als Virbild.
Wéi huet ee Land mat knapps 330.000 Awunner a 470.000 Schof et fäerdeg bruet sech esou z’entwéckelen a wat kann de Lëtzebuerger Fussball dovunner léieren ?
Mir sinn op Spuresécherung gaangen.
Island, et kéint ee béisaartëg behapten datt war vrun net esou laanger Zäit eng Nationalequipe déi aus 6 Fëscher a 5 Futtballprofie bestanen huet, huet laang kéng Roll am Fussball gespillt. Geleeëntlech hu se duerch e puer gewonnen oder gläichgespillt Matcher géint besser platzéiert Natiounen op sech bemierkbar gemacht mä dëst war ëmmer nees ganz sporadesch. D’Islänner haten zwar deemools schonn d’Reputatioun eng onangenehm Ekipp ze si mä ausser en duerch hier Physis gepräägte “Kick and Rush” an hier aussergewéinlech Mentalitéit war näischt do wat ob dës Entwécklung higedeit huet.
Island, datt ass vill Wand, Keelt a Reen mä och Natur pur. Déi natierlech Aflëss hunn d’Islänner scho säit Joerhonnerte gepräägt an hinnen eng gewëssen “Wikinger-Mentalitéit” ginn. Zesummenhalt, Kampfgeescht, Resistenz, alles datt wat e brauch fir an dem raue Klima z’iwwerliewe schéinen an d’DNA vun den Inselbewunner iwwergaangen ze sinn. Wäerter déi am kollektiv Sport richteg Waffe sinn.
Mä fiicht Loft, raue Liewensstil a frësche Fësch (et fënnt ee weder e McDonald’s nach e Burger King op der ganzer Insel) haten se jo och scho fréier a kennen net als Erklärung gëllen.
De Grondstee vum Erfolleg gouf ëm 2000 geluecht. Deemools huet d’Regierung a besonnesch d’Lokalpolitik, mat voller Ënnerstëtzung vun der ëffentlecher Meenung, massiv Suen an de Sport investéiert. Fir d’Gesondheet vun der islännescher Jugend ze fuerderen si Fussballshalen a synthetesch Terrain an allen Ecker vum Land gebaut ginn. Virdrunner hunn déi meescht Jugendlech Fussball als Summersport bedriwwen. An de Wanterméint huet de Ball gerout an d’Spiller si masseweis an d’Hal Basket oder Handball spille gaangen. Duerno konnt während 12 Méint gespillt ginn.
Haut ginn et 11 Halen, iwwer 20 synthetesch Terrain’en an eng 130 Minifussballsterrain op der ganzer Insel.
Nodeems d’Infrastrukture gestëmmt hunn, huet missen eppes an der Jugendausbildung gemeet ginn.
2002 gouf de Siggi Eyjolfsson un d’Spëtzt vun der “Direction technique nationale” agesat an hatt als Ziel d’Ausbildung vun den Trainer ze verbesseren.
Zënterhier dierfen an all Veräiner nëmmen ausgebilten Trainer engagéiert ginn. A mir schwätzen hei net vun engem Kannerfussballsdiplom oder dem C-Schäin mä vun UEFA-B an A Schäiner.
Haut des Daags hunn an Island esouguer verschidde Bambinistrainer en A-Schäin. Insgesamt ginn et 700 diploméiert Trainer an 90 Clibb. Een excellente Wäert !
Trainéiert gëtt bis zu 5 mol an der Woch an donieft sti sëllech Matcher um Programm. An de Formatiounszenteren an Island ginn d’Spiller bis 19 Joer ausgebilt. Et gëtt nom Motto “Et gëtt e Club fir Jiddereen” geschafft a munchmol packe Spiller, op déi en virdrunner vläicht net esou gesat hätt de Sprong an de Profifussball.
No 16 Joer Reformen, Investitiounen an haarder Aarbescht, profitéiert Island vum Courage alles ëm d’Kopp ze gehéien an a Fro ze stellen, a féieren hiert gréisst Fussballerfolleg iwwerhaapt.
Wat kënne mir da vun den Islänner léieren ?
Infrastrukturell sti mir zu Lëtzebuerg net esou schlecht do. Et ginn ëmmer méi synthetesch Terrain’en op deenen ons Jugendspiller och am Wanter spille kënnen. Wënschenswäert wier natierlech wann all Veräin mat fonktionneierender Jugendaarbecht, vun esou engem Feld profitéiere kéinten. Do sinn natierlech ons Gemengen an ons Regierung gefrot fir do d’Käschte vun esou Projet’en ze droen.
Op mir bei onsem Klima Fussballshale brauchen ass net sécher. D’FLF plangt zwar an de nächste Joren zu Monnerech esou eng ze baue mä dëst wäert onse Fussball net esou beaflossen. D’Elite vum Lëtzebuerger Fussball kënnt zwar an de Genoss dovunner mä op der Basis ännert dës net vill.
De Gros vun der Arbescht läit an der Qualifikatioun an Ausbildung vun onsen Trainer. Op d’Halschent vun onsen aktuellen Trainer diploméiert ass ka bezweifelt ginn. D’Lat gëtt an de meeschte Fäll ganz déif gehaangen. Munch Veräiner si frou e Papp oder eng Mamm ze hunn, déi zwar mat vill Engagement an Häerz un d’Saach eruginn, mä leider kee Fussballverständnis oder -Basis hunn.
D’FLF geet der Saach oder gewëssenhaft no a bitt eng Réi Formatiounen un. Zu Lëtzebuerg ka jiddereen an e puer Joer den UEFA-A Schäin kréie wann en sech dofir interesséiert.
Wat feelt ass ee richtegen nationale Projet, eng Iddi déi vun all Veräin zesummen mat der FLF gedroe gëtt. Als Trainer muss däin Haaptzil dee sinn Nationalspiller aus denge Jongen a Meedercher ze maachen. Eng Saach déi oft an den kuerzfristëgen Ambitioune vun de Veräiner ënnergeet.
Och hei ass bei ville Veräiner de finanziellen Aspekt problematesch. Een Trainer mat engem B-Schäin kënnt net fir 150 eu pro Mount trainéieren. A wann s de vill an d’Jugend investéiers verléiers de Geld fir déng éischt Ekipp. Steet déng éischt Ekipp net gutt do, ginn d’Elteren hier Kanner an en anere Veräin. Kéint do d’FLF oder de Sportsministère net en Deel vun de Käschten droen ?
Eng aner Optioun wier méi “Centres de détection” vun der FLF op ze maachen an déi beschte Spiller vun de Veräiner zesummen auszebilden. De Scouting vun der FLF ass momentan zimlech gutt. Ab dem jéngsten Alter packen et déi aller beschte Spiller an d’FLF a ginn do vu spezialiséiertem Personal ausgebilt. Et geet och manner ëm d’Crème de la crème mä ëm d’Crème sëlwer. Do ginn et masseweis Spiller déi no engem oder zwee Détectiounsdeeg aus dem Raster falen. Déi geschoulten Ae sichen an de klengste Kategorien haaptsächlech Spiller déi en ugebueren Talent hunn a kléng Wonner mam Ball ufänke kënnen. Et sinn awer och Spiller dobäi déi dës Wonner net op engem Training wäisse kënnen, well se zum Beispill vum ganzen einfach e bëssen intimidéiert sinn an net an hirer üblëcher Ëmgéigend sinn. Déi ginn dann net méi agelueden.
Duerch d’Netz ginn och Spiller déi net esou elegant um Ball si mä am klengsten Alter aner Talenter, wéi eng Stäerkt an den Zweekämpf, e Gefill fir de Raum an d’Stellungsspill an immense Wëllen, wäissen. Spiller déi sécherlech och giffe vum Trainingsalldag bei der FLF profitéieren.
An Island gi Spiller bis zu hirem 19ten Gebuertsdag an de Formatiounszentere gefuerdert, firwat solle mir engem 8 oder 9 järegem mat Talenter, déi een och am Fussball brauch, dëst Geleeënheeten net bidden ? Solle mir den “écrèmage” wierklech schonn esou fréi wéi bis elo wéiderféieren oder ee Maximum vu Kanner fuederen a gedéihe loossen ?
De Schlëssel vum Erfolleg läit eendeiteg an der Ausbildung vun onse Jugendspiller. Ob Veräinsebene mat geschoultem Personnal an duerch eng Vergréisserung vun den Detektiounszentren vun der FLF. Kommt mir kucken all e bësse méi grouss.
Dofir missten de Sportsministère, d’Gemengen, d’FLF an d’Veräiner all op engem Strang zéie fir dat onst Länd’chen en ähnlecht Mäerche wéi ons Islännesch Frënn erliewe kann.
Insgesamt ginn et 700 diploméiert Trainer an 90 Clibb. Een excellente Wäert!
Richteg, mee déi wichtest Fro bléiwt op: wéi, also vu wiem, ginn déi 700 diploméiert Trainer bezuelt?
All Club am Ländche géif gären B an A-Trainer bei hier Jugend setzen, mee d’Finanzen erlaben dat meechtens net. Och, an do läit d’Kromm an der Heck, well d’Souen bei den 1.Equipen verbrannt ginn.
Roby, du hues vollkomme Recht.
Ech hu léider net erausfonnt wéi déi Trainer bezuelt ginn.
Vläit ass hier Cotisatioun jo och vill méi héich.
Ech giff et och héi guttheeschen wann d’Veräiner all déi selwescht Somm froën giffen.