Enn vum Kapitel FC Metz ?

Fir de Chris Philipps gesäit et esou aus wéi wann d’Geschicht mam FC Metz zu Enn geet.

De Philippe Hinschberger huet am imterview mam Wort gesott dat de lëtzebuerger Nationalspiller “susceptible de partir” ass.

 


Duerch dat grousst Gedrängels um Posten vrun der Ofwier gesäit et esou aus wéi wann hien net mat vill Asatzzäiten an der éischter Ekipp rechnen däerf.

Chris Philipps (Luxemburg #6) / Fussball, Freundschaftsspiel, Laenderspiel, Testspiel, Saison 2015-2016 / 13.11.2015 / Luxemburg - Griechenland (Luxembourg vs Greece) / Stade Municipal de la Ville de Differdange, Oberkorn / Foto: Ben Majerus

De Chris gëtt zwar fir seng Astellung a seng Arbescht um Training geluewt mä am selweschten Otemzuch kritt hien e Wiessel nogeluet.

De polyvalenten Defensivspiller deen an der Vergaangenheet och als Innenverteideger an Asatz komm ass kennt och net un dem Posten a Fro. Säin Trainer fënnt hien, fréieren Aussoën no, ze lues fir am Häerzen vun der Ofwier z’agéieren.

Scho lescht Joer huet säin Ausbildungsveräin net op de Philipps gezielt an huet hien an Däitschland bei Preussen Münster ausgeléint.
Beim däitschen Traditiounsveräin huet den Eislécker sech, no klengen Ufangsschwieregkeeten, an der zweeter Halschent vun der Saison am Mëttelfeld duerchgesatt.

Dës Saison sollt et grad esou gutt beim FC Metz wéidergoën an de Chris wollt sengem Häerzensveräin hëllefen sech an der Ligue 1 ze halen.

D’Zeechen stinn also op Trennung a fir ons Nummer 6 heescht et ganz schnell e néie Veräin ze fannen.

 

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.