De Bléck Richtung Zukunft

De Dënschden 6ten September um 20:45 Auer (Lëtzebuerger Zäit) geet d’WM Quali 2018 offiziell fir Lëtzebuerg un. Wann den Arbitter de Match upäift an de Ball am Vasil Levski Stadion rullt, fänkt awer och eng néi Zäit fir ons Nationalequipe un.

Den Ufank vun der Post-Joubert-Ära

Déi nei Nummer 1: Anthony Moris
Déi nei Nummer 1: Anthony Moris

No 10 Joer gëtt et e Wiessel am Goal, e Routinier an der Ofwier wäert nëmmen nach sporadesch geruff ginn an ons jonk Talenter réckelen ëmmer méi an d’Verantwortung.

Mir brauchen net laang ëm de Bräi ze schwätzen: déi nächst Kompagne gëtt extrem schwéier. Um fënnef-Gang-Menü stinn ënner anerem Bulgarien, déi, um extrasportive Plang, schwéierverdaulëch Wäissrussen an dann mat Schweden, Holland a Frankräich ginn et dräi Delikatessen. Een equilibréierte Menü gesäit definitiv anescht aus an et wier net richteg vun onse Roude Léiwen z’erwaarden dat se de Buffet stiermen.

D’WM a Russland wäert, bal sécher, ouni Lëtzebuerg iwwert d’Bühn goen an dat trotz der bemierkbarer Verbesserung an onsem Spill, dem Faite dat am Kader fir de Bulgarien Match net manner wéi 12 Spiller am Ausland spillen an de Resultater déi ëmmer besser ginn. Et ass also ubruecht d’Erwaardungen ze drosselen. De Bléck vun de Supporter soll, wéi deem vum Luc Holtz, léiwer Richtung EM-Quali 2020 goen.

2016, d’Joer vun den Experimenter?

Fir d’Europameeschterschaft 2020, déi jo queesch duerch ganz Europa gespillt gëtt, qualifizéieren sech 24 vun 55 Länner. Nieft der üblecher Qualifikatioun, spillen d’Nationalequippen och an engem Liga-Modus, an der “UEFA Nations League”. Déi Länner déi sech net iwwert den normalen Wee qualifizéiere konnten, kënnen iwwert Barragematcher eng vun den 4 Platzen ergatteren déi nach fräi sinn.

Et gesäit nämlech ganz esou aus wéi wann den Nationaltrainer déi nächst Kompagne als Virbereedung op d’Zukunft betruecht. No 10 Joer excellenter Leeschtung huet de Jonathan Joubert nëmmen nach mat der zweeter Roll rechnen dierfen. Den Anthony Moris, Stammkeeper zu Malines, gouf vum Nationaltrainer zur néier Nummer 1 am Lëtzebuerger Goal designéiert. Domadder gëtt e bal 37 duerch en 26- järegen, Profikeeper, ersaat.

Op den Tom Schnell sëch esou ee schnellen Ofgang erwaart haat?
Op den Tom sëch esou ee schnellen Ofgang erwaart haat?

An der Verteidegung huet den Nationaltrainer fir déi éischt Konfrontatiounen op den Tom Schnell verzicht. Den Ofwierspiller vum F91 Diddeléng geif nëmmen nach geruff gi wann hie fir déi éischt 11 geplangt ass. Déi vakant Platz ob der Bänk wier éischter fir e Jonke wéi fir de Routinier deen am Oktober seng 31 féiert.

Ob et awer wierklech e ganz jonken ass deen sech a Platz vum Schnell op der Ersatzbänk erëmfënnt ass net esou sécher. Am leschte Frëndschaftslännermatch géint Nigeria huet den Holtz eng Iddi ëmgesat, déi hien scho méi laang am Kapp hatt. De Christopher Martins als Innenvertéideger anzesetzen. Och wann d’”Super Eagles” deen Owend 3 mol getraff hunn war dem “Kiki” séng Leeschtung ganz luewenswäert. De polyvalente Spiller, deen zu Lyon schonn all Positioun gespillt huet, wäert och an de nächste Mätscher nieft dem Chanot d’Innenvertéidegung bilden. Zur Enttäuschung vu villen Zuschauer, déi am Martins éischter ee moderne “Box-to-box” Spiller gesinn an deem säi Offensivdrang a seng Fantasie onsem Mëttelfeld eng gewësse Verrécktheet an Onberechenbarkeet ginn huet.

Jugend forscht

Dat Kreativt soll an den nächste Joren an den Féiss vum Vincent Thill leien. De 16 järege Mëttelfeldspiller zielt europawäit zu den Toptalenter. Sëllech Clibb waren am Ufank vun der Saison hannert dem Thill hier an den däitsche Rekordmeeschter, Bayern München, war bereet eng gréisser Zomm un den FC Metz z’iwwerweise fir sech den Déngscht vum Vincent ze sécheren.  Hien ass awer bei de Grenats bliwwen an gehéiert zum Profikader vun der Ekipp aus der Ligue 1. Den Teenager huet et och fäerdeg bruet an nëmmen zwee Matcher ee Goal fir Lëtzebuerg ze schéissen. Ob hie vun e Méinden un schonn d’Schlëssele vum Lëtzebuerger Spill iwwerreecht kritt ass net wahrscheinlech. De Vincent Thill ass DE Schlësselspiller vun der Zukunft a wäert ëmmer méi Asatzminutten am Dress vun der Nationalequipe kréien a vum Holtz am Laf vun de Méint ëmmer méi gefuerdert ginn.

Eric Veiga, Edvin Muratovic: d'Zukunft vum Roude Léiw?
Eric Veiga, Edvin Muratovic: d’Zukunft vum Roude Léiw?

Nieft deenen zwee Talenter spillen sech nach anerer ëmmer méi an de Fokus vun der Nationalequipe. Skenderovic (Union Titus), Veiga (Eintracht Braunschweig/DE) a Carlson (Union Titus) hunn et schonn an den Kader fir Bulgarien gepackt. De Florian Bohnert, beim FC Schalke 04 II ënner Kontrakt, huet géint Nigeria seng éischt Titularisatioun geféiert. Den Edvin Muratovic deen säit dem 15ten August an der drëtter Schwäizer Liga beim FC Rapperswill-Jona spillt huet déi néideg Fäegkeeten an den nächste Joëren eng seriö Alternativ am Stuerm ze ginn.

Zu de feste Gréissten, Mutsch, Bensi, Jans, Gerson, Chanot a Joachim, déi och an den nächste Joren d’Wierbelsail vun der Nationalequipe bilden, kommen also ëmmer méi Spiller derbei déi de Niveau hiewen an an e puer Joer zu enger ganz staarker Ekipp zesummewuesse kann. Dann däerfe mir roueg ufänken ze dreemen.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.