Ee Punkt duerch Kampfgeescht

Genau 13 Méint no eiser leschter Rees a Wäissrussland sinn ech e Samschdeg, aachten Oktober, erëm iwwert Frankfurt op Minsk geflunn. Mat derbäi war de Guy, dee säit der Slowakei och regelméisseg auswäerts derbäi ass an des Campagne säin éischten Zéngter wëll maan.

Mir waren alt erëm am Hotel Belarus, wou d’Hotelbar quasi riet duerch ophuet an een och flott Frae ka kenne léieren. Den 1.September gouf et eng Währungsreform. Zënterhier zirkuléieren- an enger Iwwergangsphas nach parallel zu den alen Inflatiounsbilljëen- nei Schäiner, déi amfong schonns fir 2009 virgesi waren, dunn awer wéinst der Finanzkris siwe Joren am Keller vun der Zentralbank op hiren Asaz gewaart hunn. Véier Nulle goufe gestrach a zënterhier gëtt et och erëm Mënzen a Wäissrussland.

Sonndes huet et Hënn a Katze gereent (wéi d’Brite soen) an de Guy gouf richteg naass bei sengem Ausfluch an d’Stad. Ech si léiwer emol am Hotel bliwwen, ech hunn Minsk jo scho kannt a si méi spéit eréischt lassgezunn. Am fréien Owend si mir an de Marriott’s gefuer an hunn op d’Leit vun der FLF gewaart. Mat hinnen hunn mir nach Béier an natierlech och Wodka zesumme gedronk a kruten eis Billjeeë fir de Match.

Méindes si mir zu zwee Richtung Onofhängegkeetsplatz opgebrach, wou ech dem Guy nach dat grousst Akafszentrum, déi rout Kierch an d’Statue vum Lenin gewisen hunn. Zudeem goung et bei den alen Dynamo-Stadion, wou bis 2019 een neien Terrain gebaut soll ginn, a bei d’Oper an de Park. Dertëschent si mir natierlech och an de „The Pub“ agekéiert, dee mir lescht Joer schonns gutt gefall hat.

Nodeem mir e bëssi am Hotel firgeschlof haten, si mir mat engem Taxi bei de Spillerhotel gefuer, vu wou aus mir mam Klengbus mat de Journalisten op Borisov bei d’Arena gefuer sinn (an herno och erëm zeréck op Minsk.)

Wäissrussland huet mat 100 à l’heure ugefaangen a mir hate Chance net a Réckstand ze geroden. Gottseidank hate si entweder keen Zielwasser oder eisen Anthony Moris huet weltklass paréiert. Eigentlech ass an deem Match trotzdem alles amfong géint eis gelaf: de Kiki Martins muss verletzt ausgewiesselt ginn (fir hien ass de Chris Phillips an d’Bannenverteidegung gewiesselt, den Eric Veiga huet dem Chris seng Positioun am Mëttelfeld iwwerholl) , nach virun der Paus gesäit de Carlson giel-rout… Dunn duechte mir, dat dote geet schif aus, esouguer ee richtegt Debakel war an Ënnerzuel elo net méi ausgeschloss.

Zweet Halschent awer huet de Luc Holtz dunn Defense mam Matze Jänisch stabiliséiert an de Vincent Thill amplaz erausgeholl. Déi 10 rout Léiwen hunn gekämpft wéi Léiwen et eben maan, virun allem den da Mota huet alles ginn, vill Zweekämpf gewonnen, Géigespiller ëmmer erëm gestéiert an ass op an of gelaf wéi een Hiesche mat enger Duracell-Batterie. Lëtzebuerg huet elo 4-3-2 gespillt. Den Turpel koum fir de Bohnert. Eng goldrichteg taktesch Decisioun vun eisem Trainer.

An der 80ter Minutt ass d’Heeméquip dunn awer 1-0 a Féierung gaangen. De Match war amfong dunn trotzdem verluer. Dat duet wuel jiddereen am Stadion. Mee nëmme fënnef Minutten drop kruten eis Jongen- déi bis dato nëmmen zwee ongeféierlech Goalschëss haten- en geféierleche Fräistouss no um Strofraum. Den Auré leeft un, schéisst, de Ball gëtt nach vum Réck vun engem Spiller an der Mauer ofgefälscht a lant am Netz: 1-1 !

Ee sécher méi wéi glécklechen Ausgläich, deen déi rout Léiwen sech awer iergendwéi duerch hire grousse Kampf, grad och nëmmen zu 10, an der zweeter Halschent, verdéngt hunn. Op der Anzeigetafel gouf duerno iwwregens den Turpel fälschlecherweis als Goalschützen affichéiert (cf. Foto uewen.) Fir e bëssi Opreegung huet dunn den Arbitter nach gesuergt, deen an der 93ten Minutt amfong ofgepaff hat, dunn awer nach wéinst engem Feeler vun der Auer eng Minutt nospille loosse wollt. Dës eng Minutt gouf dunn Gottseidank awer och nach iwwerstanen a mir konnten der Equipe zum éischte Punkt an dëser Campagne gratuléiere goen.

Eis Lieser kënnen sech virstellen, datt Stëmmung am Bus fir zeréck op Minsk richteg gutt war an de Guy an ech och an eisem Hotel nach duerchgefeiert hunn 🙂

Dënschdes moies si mir kuerz no sechs Auer iwwert Frankfurt zeréck op Lëtzebuerg geflunn.

One thought on “Ee Punkt duerch Kampfgeescht

  1. Guy Braun 12. Oktober 2016 at 19:17

    Flotten Artikel Krëscht.

    Antworten

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.