Vermasselt Generalprouf

Ons Lëtzebuerger Nationalequipe verléiert hieren Testmatch mat 2-4 géint de KV Mechelen.

Bei der Generalprouf géint de belschen Éischtliguist huet de Luc Holtz seng Männer am bewerten 4-4-2 op d’Stéck gescheckt.

Laurent Jans (Luxemburg #18) im Zweikampf mit Dalibor Veseljnovic (Malines #9) / Fussball, Saison 2016-2017, Freundschaftsspiel / 09.11.2016 / Nationalmannschaft Luxemburg - KV Mechelen (Malines) / Stade Achille Hammerel, Luxemburg / Foto: Ben Majerus
Laurent Jans, den Anti-Robben Plang

Wéi erwaart huet de Schon d’Platz an der Këscht ageholl. Vrun him stoungen Delgado, Chanot, Malget a Jans. De leschtgenannten huet also d’Positioun vum lénke Vertéideger ageholl. De Plang deen hannert dësem Wiessel läit ass kloer, de Robben de Sonnden esou gutt wéi méiglech aus dem Spill ze huelen. De Jans ass den “explosivsten” an athleteschsten Ausseverteideger a fir dem Robben seng “Signature-Bewegung” ze verteidegen ass et besser e Rietsfouss géint hien ze setzen.

Am Mëttelfeld krutten Bohnert, Philipps, Mutsch an den Da Mota d’Vertrauen vum Trainer a ganz vir hunn Turpel a V.Thill agéiert.

De Match huet fir Lëtzebuerg ganz furiéis ugefangen. E laange Ball vum Bohnert fënnt den Turpel,  dee lanscht de Keeper leeft mä de Ball nëmmen op de Poteau setzt. Dem nogereckelte Bohnert säi Schoss konnt du vun engem Vertéideger op der Linn geklärt ginn.

D’Gäscht waren awer net geschockt an hunn d’Heft an d’Hand geholl an de Ball gekonnt laafe gelooss. Et huet ee gemierkt dat d’Belsch eng agespillten Equipe sinn an datt ons Léiwen an deem Match hier Repère gesicht hunn.

Et ass du Schlag op Schlag gaangen an a 16 Minutten huet de Schon 3 mol missen hannert sech gräifen.

Ralph Schon (Torwart Luxemburg #1) / Fussball, Saison 2016-2017, Freundschaftsspiel / 09.11.2016 / Nationalmannschaft Luxemburg - KV Mechelen (Malines) / Stade Achille Hammerel, Luxemburg / Foto: Ben Majerus
Ralph Schon ouni Chance bei de Géigegoaler mä eng mësslonge Relance déi sech Cash bezillt.

War et beim 1-0 nach d’Resultat vun enger schéiner Passstafette iwwert déi lénks Säit vun de “Malinwa” déi ons Ofwier duerchgewierbelt an de Stiermer an der Mett fonnt hunn, sinn déi zwee wéider Goaler duerch zwee indivuelle Feeler entstann. Beim zweeten verdribbelt sech de Vincent Thill géint zwee Spiller a säi Ballverloscht féiert zum Geigegoal a beim drëtten land eng Relance vum Schon an de Féiss vum Geigener. Deen duerno fräi op onse Goal laafe konnt a genug Zäit a Platz hatt fir de Ball ze platzéieren.

Fir d’zweet Halschent huet Lëtzebuerg 4 mol gewiesselt an de KV Mechelen 3 Mol. D’Physionomie vum Match huet sech doduerch natierlech geännert a Lëtzebuerg huet besser an de Match fonnt.

An der 54′ konnt de Turpel no enger flotter Aktioun vum Da Mota iwwer lénks, gekonnt era schéissen. (1-3)

Lëtzebuerg huet weider gedréckt mä d’Gäscht konnten an der 70′ e wéidere Goal erasetzen (1-4).

Sebastien Thill (Luxemburg #16) / Fussball, Saison 2016-2017, Freundschaftsspiel / 09.11.2016 / Nationalmannschaft Luxemburg - KV Mechelen (Malines) / Stade Achille Hammerel, Luxemburg / Foto: Ben Majerus
De Sebastien Thill Goalscorer (2-4)

De Schlusspunkt huet dunn de Sébastien Thill gesaat. De Stefano Bensi, deen an der zweeter Halschent richteg staark gewierbelt huet, servéiert ganz präzis den Thill op riets eraus, an dee léisst et sech net huelen de Ball laanscht dem Anthony Moris säin Ersatzmann ze setzen.

Déi Ronn 200 Spectateuren um Verluerekascht hunn e Match gesinn aus deem ons Léiwen nëmmen léiere kënnen. Grad ons Zentralmëttelfeld muss bis de Sonnden eng Steigerung brengen. Den Duo Philipps-Mutsch hatt an der éischter Halschent wéineg Zougrëff op d’Spill.

Och um taktësche Plang wier een net iwwerrascht wann de Luc Holtz  éischter op een 4-5-1 zeréckgräift. An der zweeter Halschent huet de Stefano Bensi méi als hängend Spëtz agéiert. Op hien déi Platz anhuele waert ass awer onkloer. No senger Verletzungspaus feelt et him bestëmmt nach u Jus mä mat Sébastien a Vincent Thill hu mir nach zwee Spiller am Kader déi dës Positioun bekleede kënnen.

Oft ass et jo esou dat déi beschte Spektakelen no enger mësslongener Generalprouf entstinn.

Kommt mir freeën ons op de Sonnden !

Vincent Thill (Luxemburg #10) / Fussball, Saison 2016-2017, Freundschaftsspiel / 09.11.2016 / Nationalmannschaft Luxemburg - KV Mechelen (Malines) / Stade Achille Hammerel, Luxemburg / Foto: Ben Majerus
De Vincent Thill bléckt no vir

LËTZEBUERG : Schon, Jans (46’Jänisch), Chanot, Malget (63’Mahmutovic), Delgado (67’Skenderovic); Bohnert (46’Bensi), Philipps (46’Holter), Mutsch, Da Mota (63’Kerger), V. Thill (46′ S. Thill), Turpel (67′ Luisi).

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.