Et ass de Josy !

No jorelaangen Discussiounen ass endlech eng Entscheedung am Thema Nationalstadion gefall. De Romain Schneider huet de Moien um FLF Kongress erklärt datt de Stade Josy Barthel renovéiert gëtt. D’Entscheedung ass no enger Zesummenaarbecht mat der FLF gefall. Domadder sinn d’ Projet’en vu Léiweng an Déifferdeng vum Dësch. Trotzdem muss ee souwuel den Här Becca wei den Här Meisch luewen datt si sech iwwerhaapt fir de Lëtzebuerger Futtball agesat hunn. Och wann si natierlech dobäi hier eegen Interessie vertrueden hunn a bei enger Entscheedung fir hire Projet e gewësse Profit erausgespronge wier. Mä soit, den éischtgenannten huet de Steen un d’ rulle bruet an den Déifferdenger Buergermeeschter huet schlussendlech de leschten Drock ausgeübt fir datt endlech eng Decisioun gefall ass.

D’ Entscheedung fir d’ Stad Lëtzebuerg ass natierlëch eng ganz flott fir d’ Futtballsfrënn aus dem Ländchen. D’ Stad ass den Zentrum vum Land, gutt erreechbar mam Auto an dem ëffentlechem Transport. Wei ee bei onser Ëmfro op onser Facebook Säit liese konnt, och wann si net representativ war, goung den Trend eendeiteg a Richtung Renovatioun vum Stade Josy Barthel. Verschidde Cafébesetzer wäerten sech bestëmmt heemlech iwwert déi Entscheedung freeën.
Wat d’ Auswaertsfans ugeet ginn et genuch Hoteller, Restaurant’en, Café’en, Disco’en an d’ Stader Nuetsliewe weess och ze gefalen. Langweileg gëtt et engem an der Haaptstad sécher net. Bestemmt ass dëst déi attraktivst Entscheedung  fir déi déi mat hierer Nationalequipe mat reesen.

Trotzdem bleiwe vill Froen op. Wei de Stadion duerno wäert ausgesi weess een nach net. Weivill d’ Renovatioun dem Staat kaschte wäert ass och nach net gewosst. E Geheimnis bleift ënner anerem och op d’Lafpist bleift an op de Stater Liichtathletik Veräin de Stadion benotze wäert oder op si op den INS plënneren. A falls dëst de Fall sollt sinn wier et jo komesch wann de Stadion no engem Liichtathlet benannt wier een awer just Fussball dodranner spillt. Een interessante Punkt ass och d’Fro wei sech de Stadion rentabiliséiere wäert. Gett ausschliisslech Fussball op der Arelerstrooss gespillt oder entsteet eng Aart “Event Arena” ? Kritiséiere kann een de Faite datt d’ Entscheedung fir d’ Stad gefall ass ouni datt e konkrete Plang an Devis virgestallt gouf. Am Laf vum nächste Joer soll dem Stater Schäfferot de Projet virgestallt ginn. Vläit gëtt een da méi gewuer, d’ Aarbechtsgruppe weess jo hoffentlech elo scho méi. De Paul Philipp deit mol op eng Deadline vum Joer 2014. An dem Joer erwaard den UEFA Präsident Platini datt mir ee Stadion hunn deen de Normen entsprecht. Op d’Renovatioun wierklech an 2 Joer realiséierbar ass ka bis elo kee richteg behaapten.

Een anere Kritikpunkt ass datt beim ganze Plangen d’Abanne vun de Zuschauer anscheinend ni a Fro koum. Et kann een der FLF sécher net virgeheien datt si näischt fir d’ Zuschauer maache géif mä an dem Fall wier et bestëmmt interessant gewiescht d’ Client’en vum Stadion mat op en Dësch ze huelen. Vläit huele si datt jo nach no.

 

 

 

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

34 thoughts on “Et ass de Josy !

  1. Paul Krier 17. November 2012 at 21:14

    Ech hu matt engem geschwat, deen de muergen um Kongress war. Wat hannert de Kulisse bzw. Um Comptoir gezielt gouf war anscheinend:

    a) d’Lafpist kënnt fort
    b) Et gi keng Pläng am Verlaf vum Joer 2013 présentéiert, mä wuel schon am Januar
    c) Et ass net, datt 2014 eng Deadline wier, fir e Stadion ze hunn, mä wann d’FLF bis dohinner ka kontrekt Pläng a Kontrakter virweisen, da get d’Ausnahmeregelung déi aktuell fir de Josy B. existéiert verlängert

    De Finanzement schéngt sech iergendwéi iwwer den Terrain ze maachen, op mannst ass den Terrain eng Garantie, well d’Gemend dem Staat deen zur Verfügung stellt. Eppes an där Richtung.

    Wat elo näischt mam Stadion ze dinn huet: anscheinend ginn et 3 Clibb an der FLF, déi säit Joren hier Konten vun der FLF net beglach hunn. Een dovunner esou schlëmm, datt e géif Faillite goen, wann d’FLF elo géif op d’Bezuele bestoen. Eng Décisioun doriwwer gouf et net, mä ech fannen, do kéint d’Federatioun roueg emol en Exempel statuéieren!

    Antworten
  2. luxpjamer 17. November 2012 at 21:20

    Hurra dann ass de Stadion am Joer 2022 ferdeg…

    Antworten
  3. Vicba 19. November 2012 at 08:45

    Schuerd déi doden Décissioun …mä bon zumindestens ass endleg déi Polemik an dad Hin an Hier elo eriwer .Hun just meng Bedenken mat de Färdegstellung vun deser Renovatioun wann ech un déi Projëen Nordstross, Pei Musée , BTB etc. denken ewéi dest verlaafen … naja …eis Schold alt …mir gin se jo wierlen !! Egal waat !

    Antworten
  4. luxpjamer 19. November 2012 at 08:47

    Firwat “Schued” ?

    Antworten
  5. Vicba 19. November 2012 at 10:14

    Well do nees en Projée zougestëmmt gouf ewou e groussen Frarezeechen opwerft . Léiweng an Déifferdeng woren Konzepter déi ewéi Fauscht op Aa gepasst hätten an elo ged den Josy renovéiert … liers emol den Artikel vum Tageblatt //www.tageblatt.lu/nachrichten/meinung/story/Das-Nationalstadion-17037019 … ech gesin ed och esou an dofir Schuerd !! Onnetz Geld erem aus de Fenster geschmass well eben Léit do décidéieren déi absolut neischt an de Bëlz hun an eng FLF ed egal ass waat gemeet ged … se solle nit elo kommen an sech mam Josy bretzen nit haut an och nit heno !! Dad Politik a Sport neischt madeneen ze din hun ass déi eng Saach mä eleih am Land zierlt dest wuerl nit an ed do egal ass ewéi ed gemach ged … haaptsaach alt erem bewissen daden mir en Vetterwirtschaftsländchen sin !! Sin emol gespaant iwert déi doden Laachnummer 🙂

    Antworten
  6. luxpjamer 19. November 2012 at 10:47

    Zu Déifferdeng wieren déi Transport Problemer net manner schlemm gewiescht. An eng Zuchstatioun um Terrain hätt dat mat Sécherheet net geännert.
    De Projet Léiweng ass schonn säit Joere begruewen. Iwwert den brauch e scho net mei ze schwetzen.
    De Standuert Stad ass den attraktivsten an säit ech Lëtzebuerg kucke gangen sinn war ech nach net eng Kéier am Stau. Wann een mat Zäiten dohinner fiert oder de Bus hellt ass et kee Problem.
    Wou ech dir awer Recht ginn ass de Faite dat e vill méi einfach a belleg gewiescht wier wann e sech fir Déifferdeng entscheed hätt.

    Antworten
  7. Paul Krier 19. November 2012 at 13:21

    Ech hunn e Kommentar op tageblatt.lu dozou ofginn.

    Bei allem Respekt, mä zu Déifferdeng féiert just eng (schmuel) Strooss bei den Terrain en erëm fort dovun. Dat ass bei 2000 Autoen (oder méi) net tragbar. An eng Gare ass dach schon do. Firwat also eng nei bauen? Den Déifferdénger Site wier gutt, wann d’Verkéiersubannung vill besser wier.

    Zu Léiweng wier et wéi am Estadio Algarve a Portugal: e Stadion an der Pampa wou ee MUSS mam Auto hifueren. An Zäiten wou soll méi op ëffentlechen Transport gesat ginn, wier dat jo paradox. An da fuert emol no engem Match mat 6000 Zuschauer mam Taxi an d’Stad, ech schwätzen net just vum Präiss, mä wéi laang misst ee waarden, fir en Taxi ze kréien?

    De Josy Barthel läit awer un enger Haaptafall- / -ausfallstrooss aus der Stad. Et kënnt een och matt enger Reih Bussen dohinner. 2 Autobunne sinn just ca. 1,5-2 km ewech (Areler & Escher), wat net ideal ass, ass natirlech datt d’Parkhaus muss bezuelt ginn. Do missten dann op mannst méi Parkautomate stoen oder et misst fräi sinn.

    Et muss ee jo och elo mol ofwaarden, ob et en neie Josy B. wirklech méi deier get. Well do spillt och d’Valeur vum Terrain asw.

    An dat matt der Lafpist konnt ee jo och net am Viraus wëssen an deen hu jo awer d’Staater Bierger bezuelt a soss keen esou wäit ech weess.

    Antworten
  8. Vicba 19. November 2012 at 14:41

    Ech wees nit op déi Argumentatioun vum Transport elo do Massgebend gewiercht soll sin …. Hmmmm … Nee .. dest kann ed nit gewiercht sin … Dei Argumenatioun dad den Nationale Stadiom an de Haaptstaad soll sin ass jo nach ze verstoen mä wann ower e Stadiom renovéiert muss gin fir max. 10 Mätcher ( FLF an Coupe Final ) an ca. 4 Mätcher vum Rugby just drop ze spillen , fannen ech dest dach ower ziemleg hefteg ! Zu Deifferdeng weir e rengen Fussballstadiom ewou regelmässeg drop gespillt geif gin an ewou Geld och an dierm Senn richteg genotzt wéir an dest am Sënn vum Sport an nit am Sënn vun engem Prestige !! Abä .. ed ass jo elo décidéiert a waat notzt elo all Polemik … Wann ech eppes ze soen hät géif ech kategorisch der FLF refuséieren den Deifferdenger Stadiom ze notzen am Fall ewou de Josy National renovéiert ged …. Waat sin me all Helden 🙂

    Antworten
  9. luxpjamer 19. November 2012 at 15:10

    Firwat mengs de et wier eng Saach vu Prestige ? Den Deifferdenger an de Leiwenger Projet wieren jo och net grad näischt gewiescht an mat denen hätt e sech “bretze” kennen.
    Du hues scho Recht wanns de sees dat et vill ass e Stadion ze renoveieren fir just 14 Mätcher am Joer. Dat ass jo och e Punkt am Artikel wou ech d’Fro stellen op wierklech just Fussball soll op der Arelerstross gespillt ginn. Esou e Stadion keint en z.B. och fir Musékseventer benotzen. Loosse mir eis mol iwwerraschen.

    Antworten
  10. luxpjamer 19. November 2012 at 16:45

    //www.lequotidien.lu/les-sports/39803.html

    “Quatres ans de perdu, quoi…”

    Antworten
  11. Paul Krier 19. November 2012 at 16:58

    Also ech ka jo verstoen, wann een aus em Minette oder esouguer vun Déifferdeng enttäuscht iwwer déi Décisioun ass.

    Et ass effektiv en Argument, datt um Josy B. kee Veräi (méi) spillt, et ass ëmmer besser, séng Infrastrukturen dauerhaft auszelaaschten.

    Mä ech ginn net dovunner aus, datt en neie Josy B. e Prestigeprojekt gëtt, nach, datt d’Geld do sënnlos verpolfert gëtt, well déi Zäiten si jo awer eriwwer.

    An déi Ausso, opgrond vun där Décisioun fir de Josy B. elo ze soen, datt d’Nationalequipe net méi dierft zu Déifferdeng spillen fannen ech elo zimlech klenglech, si ähnelt mer ze vill der typësch Lëtzebuerger Kierchtuermpolitik.

    Antworten
  12. Paul Krier 19. November 2012 at 17:02

    Hei iwwregens emol d’Ufuerderunge vun engem 4****-Stadion (an och von denen aanere Kategorien):

    //de.wikipedia.org/wiki/UEFA-Stadioninfrastruktur-Reglement

    Wat do hirnrisseg Saach dra stinn….

    Antworten
  13. luxpjamer 19. November 2012 at 20:00

    Am meeschten gefällt mir dat kee Gitter erlaabt ass !
    De Rescht ass oft fir de Kapp ze resselen

    Antworten
  14. Vicba 20. November 2012 at 08:41

    Nee Pol kommen nit aus dem Minette an och nit vun Deifferdeng … par contre kommen ech aus dem Raum Zentrum 😉 Firwaat ech geschriwen hun dad ech FLF nit dann zu Deifferdeng spillen geif lossen ass , daden dann anner Terrai’en ewéi Hesper , Monnereg , Ettelbreck och Meiglegkeeten hun fir do déi verschidden Testmätcher etc. do spillen ze kennen …. Verstinn ower deng Reaktioun op meng Ausso .
    Fannen ed schons absolut Lächerleg wann me elo nach baal 1 Jöer waarden mussen fir en anstännegt Konzept ze erschaffen , wann een bedenkt dad déi ganz Stadiomspolemik schons ziich Joëren umgangen ass … ed ass dach emmer dad selwescht Zenariom an eiser Politik …Ech stinn an bleiwen bei déir Meenung daden alt erem den komplizéiersten an mat Sëcherheet nit déi bëllegst Alternativ beschloss gouf . Well kengem domadder zu noh trieden mä dest grenzt schons ower stuark un (ech Wiederhuerlen mech ) VETTERWIRTSCHAFT !!! Mä bon …weirt mech ower och mam Josy National 2 ufrënnen an oft dohinner Jongen uféieren goen … dest ass jo Schlussendleg och den But 🙂

    Antworten
  15. Paul Krier 20. November 2012 at 09:10

    An ech bleiwen derbäi, datt se vun alle Säite confirméiert hunn, datt de Konzept bis Enn Januar um Dësch géif leien. A bis Enn 2013 sollen dann all d’Prozeduren duerch sinn fir datt Ugangs 2014 ka matt bauen ugefaange ginn. Och wann de Sportminister e Komm… äh…. Sozialist ass, huelen ech en do beim Wuert, vläicht och well de Xavier Bettel an d’VdL mattspillen.

    Antworten
  16. luxpjamer 20. November 2012 at 11:19

    Ech woe mol ze soën dat Déifferdéng déi schnellst, bëllegst an sëcherst Alternativ gewiescht wier. Et hätt een nächst Joer mam Bauen ufänke kennen an Ënn 2013 hätte mir ons op eng vun den neien Tribune setze goën. Déi bellegst well ech mir beim beschte Wellen net firstelle kann datt dei Modernisatioun, dei wuel éischter engem Ofrëss an Néiopbau gläichkennt manner wei 13-15 Mio kascht. Och wann den Terrain vun der VDL zur Verfügung gestallt ginn ass. Déi sëcherst well eben direkt mam Bauen ugefange gi wier an déi Léit déi dofir zoustänneg sinn et och nach wären. Wat alles an zwee Joer gescheien kann hu mir jo um Projet Leiweng gemierkt. Et war jo u sëch sëcher dat de Staat hannert dem Projet stung a just deem. Den deemolsen Sportminister huet ons och “versprach” dat den neien Stade eng Formsach wier. Ass d'”Kriis” an zwee Joer a Lëtzebuerg ageschloën ? Wéi gesinn ons Staatskeesen dann aus ? Ech faerten datt et 2014 esou weider geet wei elo. Wann ee just bedenkt wei laang mir ons mam Thema ” Nordstrooss” eremgeschloen hunn…

    Antworten
  17. Vicba 20. November 2012 at 11:50

    Meng Wierder luxjamper …Do ech elo kiern Pessimist sin an irgendwei ower en “gewëssent” Vetrauen dodranner hun geif ech mengen dad wann ech an iwert 20 Joër an Pensioun gin mam Tram kann op Ouvertüre vum Josy National fuere kann . Denken ower dad den Josy National ower dann geif Anneschters genannt mist gin well eben déi Generatioun dann nit emeih wëssen wiern dann diern Josy ass … 😉 Ed mist een emol eng Kampagne lancéieren fir den neien Numm vun eisem Fussballstadiom ze siichen … oder bleift ed een Multikomplex … Beim allem Respekt zu eisem eenzegen Goldmedaille gewënner ower Zeitgerecht ass ed nit emeih …. 😉

    Antworten
  18. luxpjamer 20. November 2012 at 14:13

    Ech mengen dat mam Numm kann e méi spéit maachen. Wann et e rengen Futtballstadion soll ginn dann kenne si mir no de Numm och un e Sponsor verkaafen. Mir gi souwieso op d’Arelerstrooss !

    Mam Lycee zu Mamer huet en dem Josy Barthel jo schonn en Denkmal gesaat an falls den INS emgebaut gett kann een do de Stade jo och no him benennen.

    Dann ass och d’ Nordstrooss ferdeg an dann kennen ons Éislecker den Auto op de Kierchbierg stellen a mam Tram op de STADE KINDER fueren.

    Antworten
  19. luxpjamer 20. November 2012 at 14:44

    //news.rtl.lu/news/national/349733.html

    Wier ech Buergemeeschter vu Réiser géif wch mech an den Henneschte bäissen.

    Antworten
  20. Luiz 18. Dezember 2012 at 14:30

    Gëtt iwwerdeckt, Lafpist kënnt eweg an de Stadion bleiwt wou en ass… wann elo nach di Gitteren eweggeholl ginn sinn ech méi wéi zefridden 🙂

    Antworten
  21. luxpjamer 18. Dezember 2012 at 14:36

    No Uefa normen mussen dei eweg 🙂

    Antworten
  22. Paul 19. Dezember 2012 at 09:39

    Déi komme jo anscheinend schon fir d’Spiller vun de klenge Männer ewech 🙂

    Antworten
  23. Paul 9. Januar 2013 at 23:02

    Hei nach e schéine Stadion vu knapp 8000 Plazen, deen ech bei engem Testmatch vu Werder entdeckt hunn:

    //de.wikipedia.org/wiki/Mardan-Stadion

    Antworten
  24. luxpjamer 10. Januar 2013 at 19:05

    Den wierkt mei grouss wei knapp 8000. Ass awer zimlech flott.

    Antworten
  25. Paul Krier 26. Januar 2013 at 14:45

    Et get dann e renge Fussballstadion! Et get ëmmer besser 🙂

    Antworten
  26. Paul 3. Juli 2013 at 07:35

    //www.wort.lu/de/view/fussballstadion-mit-musikbuehne-51d2fbede4b02fa5029c0886

    Ech froe mech, wat d’FLF zwar elo domatter fir e Problem huet? D’Becca-Arena sollt jo och fir Concerten a fir de Rugby genotzt ginn.

    Natirlech soll d’FLF do Haaptlocataire ginn a Concerten esou wéi aaner Sportevents mussen sech dem Fussball upassen, mä op der aanerer Säit muss esou e Stadion sech hautesdaags finanziell droen. A wat méi doranner organiséiert gëtt, wat d’Käschte besser kënne gedeckt ginn.

    Dat eenzeg Argument wat ech verstinn ass, datt et keng zäitlech Verzögerungen duerch esou Ännerunge ka ginn. Well finanziell dierft den Opwand awer net esou vill méi grouss ginn wéi bei engem renge Fussballstadion.

    Antworten
  27. luxpjamer 3. Juli 2013 at 08:49

    Ech gesinn datt genee esou. Schonn nemmen wéinst der Rentabilitéit. Vu datt an der Heischzäit vum Openair souwisou kee Fussball gespillt gett gesinn ech wéineg Terminkomplikatiounen. Ech ka mir elo och net firstellen datt mir 30 Museksveranstaltungen am Joer hunn.
    Datt eenzeg watt een muss bedenken ass datt de Wues bei Konzerten leiden wäert.

    Antworten
  28. Paul 23. Juli 2013 at 11:55

    Huet schon ee sech Gedanke gemaat, wat aus em neie Stadion gëtt wann am Oktober Neiwahlen sinn bzw. wann et duerno eng nei Regierung gëtt?

    Wéi leeft dat of? Gouf fir den neie Stadion schon e Gesetz gestëmmt an op de Wee bruet? Kann dat iergendwéi gestoppt ginn wann elo eng aaner Regierung um Rudder wier?

    Well wann dat elo a Fro gestalt soll ginn ënner eng neier Féierung, da wielen ech Schwaarz-Rout just eleng fir dee Stadion ze kréien 😀

    Antworten
  29. Paul Krier 23. Juli 2013 at 18:05

    Ech hunn dat uewen driwwer knapps geschriwwen, schon héieren um Radio, datt de Staatsrot en negativen Avis iwwer de geplangten neie Stadion op der Areler Strooss ofginn huet. E wier ze deier, en hätt ze héich Betriebskäschten, e géif just 5-6 mol am Joer genotzt ginn an et sollt een dach eng gemeinsam Infrastruktur fir Velo, Fussball & Liichtathletik bauen.

    Alles schéin a gutt. Mä wann no 2015 keng konkret Pläng um Dësch leien, da kann et sinn, datt d’FLF aus der UEFA ausgeschloss gett oder alles muss am Ausland spillen.

    Ech mengen eis Land ass amgaange sech wirklech selwer ofzeschaafen. A vun der Kooperatioun mam Rugby a vum Ausdroe vu Concerten do huet de Staatsrot wuel och nach näischt héieren. Aal Bopen ouni Visiounen halt, schlëmm wat hei ofgeht. Awer privat däerf keen e Stadion bauen…

    Antworten
  30. luxpjamer 25. Juli 2013 at 15:24

    Ech sinn es midd.
    Éierlech. Et nervt mech einfach alles. D’Stad Lëtzebuerg, De Staat an d’Politiker an ons FLF. Déi lescht genannten sinn och nemmen Hescherten an dem Dossier an dréihen ëmmer mam Wand. Se sinn zefridden wann et eng Privat Konstruktioun zu Schlëmmermannesch gett, se sinn zefridden wann de Staat en um Knuedeler baut, se wellen iwwerall matschwetzen an hunn awer näischt ze soen. Se sollen einfach e Sponsorpool zesumme sichen an de Sch**ss bauen wou se et däerfen. A fir et ze rentabiliséieren sollen se de Stadion un den Atelier a Co verléinen. Mir hunn am Ausland Terrain’en gesinn déi keinnt d’FLF selwer finanzeieren. Et muss näischt groussarteges sinn.

    Antworten

Schreibe einen Kommentar zu Paul Krier Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.