Op eng Manéier war 2016 esou onerfollegräich fir d’Nationalekipp wéi säit iwwer zéng Joer net méi. Mä Zuele sinn zum Gléck net alles – mir kucken zréck op der FLF-Selektioun hir läscht 12 Méint!
Zuele léien net, gett oft gesot. Deemno wéi eng Statistik een erbäizitt, war dëst Joer erschreckend schlecht. Dass Zuelen alleng awer net alles sinn dorop komme mir nach méi spéit zréck – loosse mer mol vertéischt ee kuerze Bléck op d’Lännermatcher werfen!
D’Roud Léiwe sinn am Mäerz mat engem Testmatch géint Bosnien-Herzegovina gestart. Iwwert eng Stonn konnt d’FLF-Ekipp en 0:0 haalen, ier – ausgerechent – d’Awiesslung vum Miralem Pjanic d’Bosnier op d’Gewënnerstrooss brenge sollt. No engem Selbstgol vum Chanot, engem Treffer vum Dzeko an engem Fräistouss vum Pjanic sollt et um Enn bei enger 0:3-Néierlag bleiwen.
Nëmme 4 Dee méi spéit koum mat Albanien eng Ekipp an de Josy Barthel, déi fir d’EM 2016 qualifizéiert war. Kuerz virun der Paus koum et zum Knackpunkt vum Match: de Jonathan Joubert bremst den Albaner Cikalleshi als leschte Mann a muss mat Rout vum Terrain. Zu Zéngt konnten d’Roud Léiwen dem Drock vum Géigner an der zweeter Halschent net méi stand halen a verléiere verdéngt mat 0:2. D’Parti gëtt nodréiglech zwar mat 3:0 fir Lëtzebuerg gewäert, well bei de Gäscht ee gespaarte Spiller opgelaf war – ma dofir konnt sech keen eppes kafen.
Kuerz virun der Summerpaus goung et fir d’éischte Kéier iwwerhapt géint Nigeria. Eenzege Liichtbléck an deem Match war den tëschenzäitlechen 1:2 duerch den agewiesselten Vincent Thill, deen domat zum jéngsten Torschütze an der Geschicht vun der Nationalekipp gouf. Fir de Rescht war d’1:3-Néierlag en enttäuschenden Optrëtt vun de Roude Léiwen.
De läschte Frëndschaftsmatch, ier et erem sollt eescht ginn, war uganks September a Lettland. En Test mat Liicht a Schied: no 3 Minutte schonn am Réckstand, duerno besser an no der Paus mam Ausgläich duerch den da Mota, fir schliesslech nach zwee weider Géigegoler ze kasséieren. 1:3 – dat war net d’Resultat, wat ee sëch géint ee Géigner op Aanhéicht erwaard haat…
Kuerz drop sollten d’Roud Léiwen a Bulgarien hire memorabelsten Auswäertsmatch säit dem Coup am Zürecher Letzigrund ofliwweren. Mat engem knappe Réckstand duerch een Distanzschoss an de Wénkel vum Rangelov geet et an d’Paus, ier d’Roud Léiwen an der Persoun vum Aurélien Joachim de Match dréien! Kuerz drop gelengt de Bulgaren erem den Ausgläich no engem Corner, ier d’Heemekipp per Fräistouss erem sollt a Féierung goen… Ma well dat nach net genuch Emotioune waren, verwandelt de jonke Bohnert per Direktabnahme eng Weltklasspass vum Jans an der Nospillzäit zum 3:3. Mee well op dësem Dag de Fussballgott ee Balkantrikot un haat, sëchert den Aleksandar Tonev mat engem Sonndesschoss an der 92. Minutt d’dräi Punkten fir säi Land. Iwwreg bleift eng jonk lëtzebuerger Mannschaft ënner Tréinen alen Wassil-Levski-Stadion.
Am Oktober koumen d’Schweden aus der Post-Zlatan-Epoch op Besuch. D’Skandinavier haaten d’Golchancen, d’Lëtzebuerg den Anthony Moris, deen eng Weltklass-Leeschung ofgeliwwert huet. Bei Lëtzebuerg huet een déi verletzten Chanot a Gerson vermësst, an um Enn ennerleien d’Roud Léiwen knapp mat 0:1.
De bal schon obligatoreschen Match géint Wäissrussland haat am Virfeld Hoffnungen op Punkten ausgeléist. Och wann deskéier weder d’Bolognese schlecht nach d’taktesch Formatioun experimentell waren, huet et schlecht ausgesinn fir eis Ekipp: d’Wäissrussen hun de Match dominéiert, an et war eng Fro vun der Zäit, ier eng vun hire sëlleche Golchancen sollt era goen. No 34 Minutten huet de Kiki Martins mat enger Mondverletzung missen ausgewiesselt ginn, no 44 Minutten war dem Dirk Carlson säin drëtte Lännermatch duerch eng giel-rout Kaart och schonn eriwwer. Den 1:0 fir Belarus an der 80. Minutt war déi logesch Konsequenz vum Spillverlaf, bis … jo, bis dem Auré Joachim säin ofgefälschte Fräistouss an der 85. zum 1:1 Lëtzebuerg een “dreckege” Punkt sëchert.
Ofgeschloss gouf d’Joer mat dem Highlight géint d’Hollänner. Am ausverkafte Stade Josy Barthel (ouni Aurélien Joachim) brengt Lëtzebuerg eng couragéiert Leeschtung. De Maxime Chanot kann den 0:1-Abseitsgol vum Robben kuerz virun der Paus per Elefmeter ausgläichen. Den agewiesselten Depay sollt um Enn awer de Match zu Gonschten vun der Elftal entscheeden. Et war eng lëtzebuerger Ekipp, déi Spass gemaach huet, an déi mat ebesse méi Gléck och esouguer ee Punkt hätt kéinten ergatteren.
Wat war dann elo mat deenen Zuelen?
Majo, am Kalennerjoer 2016 hun d’Lëtzebuerger um Terrain (also ouni déi 3 Forfait-“Punkte” géint Albanien) insgesamt am Schnëtt 0,13 Punkte pro Match agefuer. Manner waren et der fir d’läscht 2004 an 2005, wou et guer naischt zielbares gouf. Dat statistesch beschte Joer säit 2000 war 2013, wou mer bei 0,90 Puntken/Match loungen.
Léisst een d’Frendschaftsmatcher ewech, gesäit dat ganzt awer well net méi sou dramatesch aus: 0,25 Punkten pro Match gouf et niewt desem Joer och 2014, a vun 2011 an 2012. Aussergewéinlech war hei d’Joer 2008 mat 1 Punkt/Match an 2013 mat 0,83 P/Match. 2015 an 2011 gouf et an der Moyenne een halwe Punkt pro Match.
Schlecht ware mer net
Déi blank Zuelen soen natirlech net déi ganz Wouerecht. Et kann een déi eenzel Joeren iwwerhapt schwéier matenee vergläichen, well d’Géigner jo net all Joer d’selwecht staark sinn. Wann een d’sportlech Leeschtunge vun de Roude Léiwen dëst Joer analyséiert, da stellt ee fest dass se eigentlech e puer Punkte méi verdengt gehaat hätten. Fussballerech hu mer vläit déi beschte Generatioun säit 20 Joer, mir hun eng jonk Ekipp gesinn mat villen Debütanten, déi hir beschten Zäit nach viru sech hunn. Wéi schon an deene läschte Joeren, kenne mir gespaant an d’Zukunft kucken!
Muer kucke mer am zweeten Deel vun eisem Réckbléck op e puer Spiller, déi d’Joer 2016 markéiert hunn!