Lëtzebuerger Léiwen géint Frankräich

De Nationaltrainer Luc Holtz huet de Moien de Kader fir de Lännermatch géint Frankräich bekannt ginn. Op der Pressekonferenz, déi fir d’éischte Kéier via Livestream um YouTube iwwerdroë ginn ass, krutten Gerson Rodrigues a Yann Matias matgedeelt dat si sech an der Lëscht vun de Spiller eremmfannen déi sech de 25 März Hoffnungen op en Asatz géint d’Franzouse maache kennen.

De Yann Matias vun der Union Titus Péiteng gouf fir seng excellent Leeschtungen an der BGL Ligue belount. Den Innenvertéideger kënnt zu senger éischter Nominatioun.

Dat selwescht gëllt fir de Gerson Rodrigues. De Folaspiller krutt vrun e puer Deeg de Lëtzebuerger Pass a kann domadder fir d’Roud Léiwen oplafen. An de leschten Testmatcher wosst de robuste a schnelle Mëttelfeldspiller z’iwwerzeegen.

 

Sebastien Thill net am Kader. 
Foto: Ben Majerus

Nët mat vun der Partie ass dofir ënner anerem de Sébastien Thill. De Mëttelfeldspiller vum Progrès schéinnt net esou richteg an d’Pläng vum Luc Holtz ze passen. An de leschte Länner- a Frënndschaftsmatcher koum de Brudder vum Vincent oft net an den Asatz a wann da vun der Bänk.

Wéider wichteg Protagonisten déi feelen sinn Jähnisch (Verletzung) an de Ricky Delgado (Arméi).

E bessen iwwerraschend kënnt d’Nominatioun vum Maurice Deville. De Profi vum FSV Frankfurt scheinnt am Moment net déi beschte Kaarten bei sengem Trainer ze hunn. Den offensiv Akteur kritt vum Nationaltrainer trotzdem de Réck gestäippt.

 

Youn Czekanowicz (Lénks am Bild) klëmmt an der Hierarchie erop
Foto: Ben Majerus

Um Poste vum Goalkeeper huet de Youn Czekanowicz sech déi drëtte Platz hannert Moris a Schon gekrallt an huet domadder wahrscheinlech de Valentin Roulez e besse méi aus dem Kader gedrängt.

 

ROUD LÉIWEN géint Frankräich:

Goal: Youn Czekanowicz (La Gantoise/B), Anthony Moris (Malines/B), Ralph Schon (UNA)

Abwehr: Dirk Carlson (Titus Petingen), Maxime Chanot (New York City FC/USA), Tim Hall (Elversberg/D), Laurent Jans (Waasland-Beveren/B), Enes Mahmutovic (Fola), Kevin Malget (F91), Christopher Martins (Lyon/F), Yann Matias (UTP)

Mittelfeld: Florian Bohnert (Schalke 04/D), Lars Gerson (Sundsvall/S), Mario Mutsch (St. Gallen/CH), Chris Philipps (Metz/F), Gerson Rodrigues (Fola), Vincent Thill (Metz/F), Eric Veiga (Braunschweig/D)

Angriff: Stefano Bensi (Fola), Daniel da Mota (F91), Maurice Deville (FSV Frankfurt/D), Aurélien Joachim (Lierse/B), David Turpel (F91)

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.