De „Roude Léiw géint de Hunn“… an der Déierewelt wier kloer ween dësen Duell gewanne géiw mä wann den Arbitter de Match de Samsden Owend upäifft da si natierlech d’Franzousen de grousse Favorit.

De Kader vun de „Bleus“ besteet nämlech aus Spiller déi alleguer bei  franséischen oder europäeschen Topklibb hiert Brout verdéngen a mat Griezmann (Atletico Madrid) a Kanté ( Chelsea FC) kann den Deschamps op zwee vun de beschte Spiller vum Moment zielen. Donieft kommen nach d’Shootingstars Ousmane Dembélé (BVB) an den Trio, Lemar, Sidibé an Mpappé vum AS Monaco, déi all a Liga an Championsleague mat Glanzleeschtungen de Bléck vun den Big Player op sech zéihen. Dat ganzt gett da nach mat erfahre Spiller wéi Lloris a Matuidi zu enger ganz interessanter Meschung.

Alles anescht wéi dräi Punkten géint eis wier fir onse Nopper eng Katastrophe.

Ons Jongen waerten alles dru setzen fir eben d'“Fouteurs de merde“ vum Déngscht ze sinn.

Och wann de Luc Holtz net esou een illustre Kader verfügt wéi den „DD“ léisst sech dëse, fir lëtzebuerger Verhältnisser, weissen. Net manner wéi 14 Spiller vun deenen 23 Geruffene spillen bei auslänesche Veräiner. An vun deenen 23 sinn der 23 fit ! Eng Raritéit fir ons Nationalequipe, déi an de leschte Partien ëmmer nees op wichteg Spiller hu misse verzichten. E klenge Fonken Hoffnung an deem ongläichen Vergleich.

Fir ons Léiwen geet et haut drëms eng perfekt organiséiert Leeschtung ze brengen a vun de kléngste Feeler Profit ze zéihen an dann, jo, dann ass alles méiglech. Kämpfen, lafen, keng Räim loossen an d’franséisch Spiller an Supporter zum Verzweifelen bréngen.

Gleeft drunn !

Probable Equipen:

Lëtzebuerg
Moris-Jans, Chanot, Martins, Malget- Gerson R., Gerson L., Philipps, Da Mota- Bensi,Joachim

Frankräich
Lloris- Sidibé,Umtiti, Koscielny,Kurzawa- Payet, Rabiot, Kanté, Dembélé- Griezmann, Giroud

 

Share: