Lëtzebuerg verléiert mat 3-1 géint Frankräich.
Ons Roud Léiwen hunn de Vize-Europameeschter méi gefuerdert wéi déi meescht Footix’en geduecht hatten. Kloer wann een sech nëmmen op d’Resultater baséiert da wierkt d’lëtzebuerger Nationalequipe net wéi e Fussballmonster mä um Terrain „boxen“ ons Männer ëmmer méi mam Géigner mat. Fir e „lucky Punch“ ass et gëscht och esou just net duergaang.

„Fin de Match“ fir den Anthony Moris no deser Rettungsaktioun géint de Griezmann

„Lucky“ ware mir net wéi den Anthony Moris no 20′ huet misse vum Feld. De Goalkeeper vu Malines huet sech scho nees um Knéi verletzt a konnt no engem klenge Kontakt mam … Kiki Martins net méi wéider maachen. De Ralph Schon huet seng Platz zwëschen de Poteau’en ageholl a säin zweeten Asatz geféiert.

De Match hat fir ons Léiwen awer richteg gutt ugefangen well mam Bensi sengem Wäitschoss an den Ufanksminutten mir déi éischt Goalchance vum Match hatten.

D’Franzousen hatten dunn eng kleng Drangphase mä koumen trotz engem Kappball vum Giroud an zwee Versich (Fräistouss a Lob) vum Weltstar Griezmann net laanscht de Moris.

Elefmeter fir Lëtzebuerg no dësem Foul vum Matuidi um da Mota…

No ronn 30′ iwwerschloen sech d’Evenementer. Als éischt schéissen d’Franzousen duerch e Schoss vum Giroud den 1-0, e puer Minutten drop gëtt den Da Mota am franséiche Strofraum gefoult an de letteschen Arbitter gett Elefmeter fir ons Léiwen. Den Goalgetter vum Déngscht këmmert sech drëm ze verwandelen. 1-1 duerch den Aurélien Joachim, deen domadder säi 4te Goal vun der Quali geschoss huet.
Léider fällt kuerz drop de Sidibé duerch e Feeler vum … Da Mota am lëtzebuerger 16er. Elefmeter fir d’Bleus. Griezmann schéisst, Schon kennt mat de Fangerspëtzen un de Ball mä leider net genug fir dat de Ball net erageet. 1-2 Frankräich.

„Cobra“ Joachim

Bal, jo bal, wier dëse Match nach méi verréckt ginn. An der 42’schloen d’Lëtzebuerger e Korner op den zweete Poteau, den eragelafene Malget ass awer ze schnell a kritt de Ball 5 Meter vrum Goal net kontrolléiert a verpasst d’Chance op den 2-2.

E puer Minutten drop fënnt e Schoss vum Matuidi de lëtzebuerger Poteau… an d’Paus kennt am richtegen Ament fir dat jiddereen säin Otem erëmfënnt.

An et sinn dem Holtz seng Männer déi besser aus der Paus kommen. Da Mota a Bensi hatten bei hieren Ofschlëss net genug Chance. An der Phase wier een 2-2 fir d’Gäscht Gëft gewierscht an hätt bestëmmt d’Superstars zum Zweifele bruet.

De Maxime Chanot haat den Olivier Giroud net emmer esou gutt am Grëff

No der 60′ koum dunn nees eng Drangphase vun de wäisse „Bloen“. Mä entweder waren d’Schëss ze onpräzis oder de Schon oder de Chanot konnte retten. D’Lëtzebuerger hunn den 2-1 gehalen an et konnt e wéiderhinn hoffen dat mir den 2-2 schéissen. Bis zi der 78′ Spillminutt an der de Giroud scho nees mam Kapp trëfft. 3-1 Frankräich

Do war d’Bier geschielt an d’Hoffnungen op e Punkt war gestuerwen.

De Chris Philipps wäert duerch seng giel Kaart de Match an Holland leider verpassen

D’Lëtzebuerger verléieren trotz enger ganz solider Leeschtung mat 3-1 géint de Vize-Europameeschter. Nieft de verluerene Punkten si mat Da Mota, Philipps a Joachim dräi wichteg Spiller fir de Match an Holland gespaart. Donieft wärt de Moris wahrscheinlech verletzt ausfalen.

Den Dënschde kann de Luc Holtz da scjonn fir déi Partie üben. Am Frënndschaftsmatch géint de Cap Vert gëllt et awer och endlech mol nees e Match ze gewannen. D’Jongen verdéngenet einfach !

Share: