Puer Gulden Léiergeld…

Dass et zu Rotterdam schwéier fir d’Rout Léiwe sollt ginn war gewosst. Dass um Enn awer sollt mat engem 5-0 déi héchsten Néierlag fir d’Lëtzebuerger an engem Qualifikatiounsmätch säit dem Oktober 2012 (engem 0-6 doheem géint Israel) zu Buch sollt stoen war natierlech eng Enttäuschung.

Déi jonk lëtzebuerger Starteelef / Foto: Gerry Schmit

Natierlech muss een op där enger Säit berücksichtegen, dass d’Lëtzebuerger hu missen op eng Rei Stammspiller verzichten, dorënner de Chris Philipps, Dan da Mota, Mario Mutsch, Anthony Moris an Aurélien Joachim. No 25 Minutten huet mam Maxime Chanot e weidere Routinier missen den Terrain verloossen – och de Lars Gerson war ugeschloen a stoung net an der éischter Elef, hie gouf awer an der 2.Halschent agewiesselt. Op där anerer Säit konnt Holland sech natierlech no den Défaiten zu Amsterdam géint Frankräich am Oktober a virun allem och der 2-0 Blamage zu Sofia géint d’Bulgaren sech elo mam neien Trainer Dick Advocaat net nach een Ausrutscher erlaaben – an ass a Beschtbesetzung a voll konzentréiert an de Mätch géint d’Rout Léiwen gaang. Et war fir d’Elftal wuel déi lescht Méiglechkeet, eng realistesch Chance ze behalen un der WM a Russland kënnen deel ze huelen.

De Laurent Jans, ee vun de bessere Lëtzebuerger e Freiden den Owend / Foto: Gerry Schmit

Um Terrain war eigentlech vun Ufank un e Klassenënnerscheed ze erkennen, an et ass enger Rei excellente Reaktiounen vum Ralph Schon ze verdanken, dass et no 20 Minutten nach 0-0 stoung. An der 21.Minutt geet Oranje a Féierung: de Wesley Hoedt gewënnt de Ball am Mëttelfeld, schéckt de Robben an d’Déift, d’Lëtzebuerger Verteidegung kann net méi intervenéieren an den hollännesche Kapitän markéiert den 1-0. Mat engem Distanzschoss erhéigt de Wesley Sneijder, deen op dësem Freidegowend zu Rotterdam säin 131.Lännermätch gespillt huet an domatt den Edwin van der Sar als hollännesche Rekordnationalspiller ofgeléist huet, no enger décker halwer Stonn op 2-0. Kuerz virun der Paus hätten d’Rout Léiwe kënne verkierzen: aus engem Mëssverständnis tëscht Cillessen an Strootman resultéiert eng Golchance fir den Dave Turpel, mee den Ersatzgolkipp vum FC Barcelona kann dëse Schoss paréieren. Mat 2-0 geet et also an d’Paus.

De Wesley Hoedt haat de Stefano Bensi meeschtens am Grëff / Foto: Gerry Schmit

E verdeckten Distanzsschoss vum Wijnaldum suergt fir den 3-0 no eppes iwwer enger Stonn. An der 70.Minutt erhéigt den agewiesselte Quincy Promes op 4-0. No enger mëssgléckter Réckpass op de Lëtzebuerger Golkipp bréngt de Ralph Schon de Vincent Janssen am Strofraum zu Fall. Elefmeter! De Stiermer vun Tottenham iwwerhëllt selwer d’Verantwortung a markéiert de leschte Gol vum Owend. Mat 5-0 geet de Mätch tëscht Holland a Lëtzebuerg also op en Enn.

Ee logescht Resultat

Et muss een zouginn dass dësst Resultat de Spillverlaf eigentlech och eremgespigelt huet. Sëcher war dësen Owend aus sportlecher Siicht ganz enttäuschend fir d’Lëtzebuerger – mee och wann d’Entwécklung an de leschte Joren vun der Lëtzebuerger Nationalekipp sëcherlech ganz gutt ass, muss ee leider mat esou enger jonker Ekipp (8 vu 14 Spiller déi zum Asaz komm sinn hunn nach keng 25 Joer, 4 vu 14 nach keng 21) heinsdo esou Réckschléi a Kaf huelen. Ech wëll elo hei keng 5-0 Défaite schéi schwätzen, mee um Enn kann een och dëse Mätch als eng gutt Geleenheet fir d’Rout Léiwen ugesinn, international Erfahrung ze sammelen.

Ee Skandal dee keen ass

D’Lëtzebuerger Zuschauer waren um Rendez-Vous / Foto: Gerry Schmit

Ech hunn e Moment laang iwwerluecht ob ech déi onglécklech Situatioun nom Vincent Thill sénger Auswiesslung hei soll kommentéieren oder net. Wann ech awer elo liesen wéi eenzel Leit op verschiddenen Meenungsaustauschsplattformen um Internet iwwert e 17jähregen hierzéien, deen sech no enger Auswiesslung zu enger oniwwerluechter Aktioun hiräisse léisst, bei där awer (ofgesi vläicht vun enger Eischt-Hëllefs-Këscht) keen zu schued komm ass, well ech och just kuerz e puer Säz dozou schreiwen.

Dass esou eppes no enger Auswiesslung net soll an net dierft virkommen, doriwwer si mer eis denken ech alleguer eenz. Dass ee mat 17 Joer eemol e kuerze Moment rosen gëtt wiert awer och legitim sinn, an als Fussballsnationalspiller huet een eben an där Situatioun de Pech, dass vill Leit am Stadion an nach méi Leit op der Tele engem nokucken. De Luc Holtz ugekënnegt, dem Vincent kloer ze maachen dass esou eppes sech net dierf widderhuelen – a wann een dem Vincent séng Entschëllegung op sénger Facebooksäit liest kann een dervun ausgoen dass en dat och verstanen huet.

Méi gëtt et zu dësem „Tëschefall“ wuel net ze soen.

Villmools Merci dem Gerry Schmit vum Tageblatt/Editpress fir d’Fotoen!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.