De Luc Holtz setzt op Erfahrung fir den Schon an dem Moris ze ersetzen an nominéiert de Jonathan Joubert.


Eng vun de Froen déi Fussballlëtzebuerg sech déi lescht Woche gestallt huet war ween fir déi zwee verletzte Keeper an de Qualimatcher géint Wäissrussland (31.8 am Josy) a Frankräich 3.9 zu Toulouse) am Gol stoe soll. Nieft dem nominéierte Joubert stoung nach den Youn Czekanowicz zur Auswahl. De 17 jäerege Keeper vu La Gantoise ass awer momentan nëmmen zweete Keeper a sengem Veräin an huet wahrscheinlech nach net déi néideg Erfahrung fir d’Nummer 1 a Léiwe Goal ze sinn.
Mat der Verletzung vum Chanot feelt dem Nationaltrainer schonn e ganz wichtegen an erfahrene Pillier vun onser Equipe mä de Joubert am Goal kann deen Defizit mat sengen 37 Joer an 86 Lännerspiller bestemmt e besse kompenséieren.

Share: