Och ouni Mahmutovic a Chanot

Et huet sech also bestätegt dat weder de Mahmutovic nach de Chanot fir d’kommend Matcher an der WM-Qualifikatioun zu Verfügung stinn. Béid Innevertéideger hu sech bei Asätz mat hiere Klibb verletzt a feelen der Nationalequipe doheem géint Wäissrussland (31.8) an auswärts géint Frankräich (3.9 Toulouse).

Fir de Luc Holtz wéider schlecht Noricht well déi zwee Profien vum Middlesbrough FC a vum New York FC eng Lëscht vu ville Verletzten a Gespaarten vergréisseren. Feelen am éischte Match wéinst giele Kaarten nach Martins an Malget kann den Nationaltrainer och net op seng zwee Keeper, Moris a Schon, allebéid verletzt, zielen.

Fir déi zwee Keeper z’ersetzen huet de Luc Holtz de Jonathan Joubert zréckgeruff. Dat gréisst Rätsel ass lo d’Kompositioun vun eiser Innenvertéidegung am éischte Match. Mä onse Luc huet jo bestëmmt schonn e raffinéierte Plang am Tirang.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.