De Luc Holtz huet haut säi Kader fir d’Matcher géint Wäissrussland (31.8 am Josy) a Frankräich (3.9 zu Toulouse) bekannt ginn.
An dëst mat enger fauschtdécker Iwweraschung well de Nationaltrainer op den Sébastien Thill vum Progrès Nidderkuer verzicht. De Kapitän vun de giel-schwarzen gëtt vum Danel Sinani (F91) ersat. De Nationaltrainer, deen den eelsten vun den Thill-Bridder net – wéi a sengem Veräin – am Zentrum vum Mettelfeld mä éischter op der rietser Säit asetzt, vertraut fir déi zwee Matcher éischter dem Shootingstar vum F91. Den Danel Sinani gehéiert zu de gréissten Entdeckungen vum Ufank vun deser Saison.
Domadder gesi mir keen Thill-Trio ! Vill Supporter hunn nämlech gehofft de Sébastien, den Olivier an de Vincent zesummen um Terrain ze gesinn, bestëmmt e Moment fir an d’Geschichtsbicher. Da gett also nach gewaart.
Aner méi kléng Iwwerraschung ass d’Nominatioun vum Marvin Martins an domadder de Fait dat den Yann Matias net vun der Parti ass.
Ons Roud Léiwen musse fir déi Duebelkonfrontatioun schonn op selleg Spiller verzichten, net manner wéi 7 Spiller déi am läschte Match an Holland ugefangen hunn feele gespaart(Malget, Kiki Martins), verletzt(Bensi, Chanot, Mahmutovic, Schon) oder gouwe net nominéiert (Sébastien Thill). Dozou geselle sech nach de Florian Bohnert deen d’Partie op der Bank ugefangen huet, souwéi den Tim Hall an de Valentin Roulez dei zu Rotterdam net agesat gouwen, gouwen net beruff.
Wéi wann den Nationaltrainer scho net genug Suergen hätt, huet sech den Lars Gerson dëse Weekend verletzt an en Asatz ass nach net sécher, grad wéi beim Mario Mutsch deen no senger Verletzung vum Ufank der Préparatioun nach ze knaen huet.
A Schlussendlech däerf een och net vergiessen dat den Anthony Moris nach ëmmer net apte ass. Fir den Ausfall vu Moris a Schon ze kompenséieren huet den Holtz de Jonathan Joubert reaktivéiert.
Déi gréisste Fro bléift dei vun der Konstellatioun vun onser Innenvertéidegung fir den éischte Match. Geint d’Wäissrusse feelen bekanntlecherweis nieft de verletzten Chanot a Mahmutovic jo déi gespaarten Malget a Martins. Wéieng Léisung de Luc Holtz do aus dem Hutt zitt, dorobber kann ee richteg gespannt sinn.
Golkeeper: Emanuel Cabral (Fola), Younn Czekanowicz (La Gantoise/B), Jonathan Joubert (F91)
Ofwier: Dirk Carlson (Titus PL), Ricardo Delgado (Jeunesse), Mathias Jänisch (Déifferdeng 03), Laurent Jans (Waasland-Beveren/B), Kevin Malget (F91), Christopher Martins (O. Lyon/F), Marvin Martins (Jeunesse), Jan Ostrowski (Eintracht Frankfurt/D)
Mëttelfeld: Dan da Mota (RFCUL), Lars Gerson (Sundsvall/S), Dwayn Holter (Déifferdeng 03), Mario Mutsch (Progrès), Chris Philipps (FC Metz/F), Gerson Rodrigues (Telstar/NL), Danel Sinani (F91), Olivier Thill (F91),Vincent Thill (FC Metz/F), Eric Veiga (E. Braunschweig/D)
Stuerm: Maurice Deville (Waldhof Mannheim/D), Aurélien Joachim (Lierse/B), Dave Turpel (F91)