72 Stonnen no dem gréissten Debakel säit 35 Joer hunn ons Roud Léiwen den Owend géint Bulgarien d’Chance sech bei hiere Fans zréck ze kafen.

A Schweden ass bei onser Nationalequip alles schief gelaf wat schief lafe konnt an bei de Spiller ronderëm de Markus Berg war et genee de Géigendeel. Et ass natierlech ze einfach den Debakel domadder ze erklären mä mir wëllen einfach no vir kucken an ons den Owend op een anert d’Gesicht vun onse Nationalspiller freeën.

Och wa mir d’Supporter ons natierlech dräi Punkte erhoffen (wéi bei all Match) geet haut éischter drëm eng wierdeg Astellung um Terrain ze gesinn. Spiller déi zesumme stinn, kämpfen a bis zum Schluss alles ginn. Sou wéi ons Jongen et bei all Match an dëser Kompagne gemeet hunn, Solna exklusiv. Haut ass de läschte Match vun enger dach historëscher Kompagne, losst ons wierdeg oftrieden a bewéisst dat den 8-0 nëmmen ee schlëmmen Ausrutscher war !

Ons Opstellung:
4-1-4-1

Joubert/ Jans, Philipps, Malget, Jänisch/ Skenderovic/ Gerson R., O. Thill, C. Martins, Da Mota/ Joachim

Share: